De Krater Seleucus ass en Aschlagkrater op der nordwestlecher viischter Äerdmoundsäit am Oceanus Procellarum, südlech vum Krater Briggs an ëstlech vum groussen Héichplateau Eddington. Den Zentrum vum Krater Seleucus ass terrassfërmeg.

Seleucus (Moundkrater)
De Moundkrater Seleucus, lénks de Rand vum Eddington. Déi hell Sträif ënnert dem Seleucus gehéiert zum Stralesystem vum Krater Glushko (LROC-WAC)
Eegenschaften
Breet 21,08° N
Längt -66,6° W
Duerchmiesser 44,7 km
Déift 2870 m[1]
Selenographesch Längt 67° bei Sonnenopgank
Genannt nom Seleukos vu Seleukia
Krut säin Numm am Joer 1935

Niewekrateren änneren

Seleucus Breetegrad Längtegrad Duerchmiesser
A 22,02° N -60,51° W 6,36 km
E 22,41° N -63,89° W 3,99 km

De Krater gouf 1935 vun der IAU offiziell nom griicheschen Astronom Seleukos vu Seleukia genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. John E. Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge u. a. 2000, ISBN 0-521-59002-7.