Den zentralen Nervesystem oder Zentralnervesystem (kuerz: ZNS) ass den Deel vum Nervesystem, deen haaptsächlech aus dem Gehier an dem Réckemuerch besteet.

Den zentralen Nervesystem (2) besteet aus dem Gehier (1) an dem Réckemuerch (3).

Den ZNS gëtt esou genannt, well d'Gehier Informatiounen aus der Peripherie vum Kierper empfänkt an integréiert, an d'Aktivitéit vun alle Kierperdeeler vu bal allen Zorte Villzeller koordinéiert a beaflosst. Et handelt sech ëm eng Struktur, déi aus Nerventissu besteet. Si ass geschützt vun de Schanken: d'Gehier vum Schiedel an d'Réckemuerch vum Wierbelkanal am Réckstrank.

Zesumme mam peripheren Nervesystem (PNS) spillt den zentralen Nervesystem eng wichteg Roll am Behuelen. Den ZNS an de PNS sinn topographesch ofgegrenzt, mee funktionell gesi si si keng eegestänneg Systemer.[1],[2]

Kuckt och

änneren
Commons: Zentralen Nervesystem – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. DocCheck Flexikon: Zentralnervensystem
  2. DocCheck Flexikon: Peripheres Nervensystem