Nerventissu oder Nervegeweebe ass ee wichtege biologeschen Tissu am Kierper vum Mënsch a vun villen Déieren. Et bilt d'Grondlag vum Nervesystem. Seng Aufgab ass et, Signal tëscht de verschiddene Kierperstrukturen ze iwwerdroen.

Eng Coupe transversale vum Nerventissu (peripheren Nerv)

Et besteet aus zwou Zellklassen: den Nervenzellen (Neuronen), déi fir dat eigentlecht Iwwerdroe vun de Signaler verantwortlech sinn, an d'Gliazellen, déi an hirer Gesamtheet d'Neuroglia bilden an ënner anerem fir d'Ernierung vun den Nervenzelle verantwortlech sinn. Am Nervesystem bilden d'Nervenzellen an d'Gliazellen eng enk funktionell Entitéit.

Den Nerventissu gëllt als permanenten Tissu, well e sech am Vergläich mat aneren Geweebetyppen nëmme beschränkt regeneréiere kann.[1]

Commons: Nerventissu – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. DocCheck Flexikon: Nervengeweebe