Schiedel

Schanke vum Kapp

De Schiedel oder Schädel, sinn d'Schanke vum Kapp an domat en Deel vum Skelett vun de Wierbeldéieren. De Fachbegrëff ass Cranium.

De Schiedel vun enger Hausmaus.

Beim Mënsch besteet en aus 22 platten an onreegelméisseg geformten eenzele Schanken. Mat der Ausnam vum ënneschte Gebéck (mandibula) sinn all d'Schanke vum Schiedel onbeweeglech matenee verbonnen.[1]

D'Funktioun vum Schiedel ass de Schutz vun de Strukturen, déi dra leien. Dozou zielen déi zentral Deeler vum Nervesystem, wéi d'Gehier, an déi verschidde Sënnesorganer (zum Beispill d'Aen an d'Oueren). Donieft spillt en och eng Roll Beim Ophuele vun Narung, déi iwwer d'Mondhiel an de Kierper kënnt a mat Hëllef vun Zänn kleng gemaach gëtt.[1]

Um Spaweck änneren

Commons: Schiedelen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 DocCheck Fleixcon: Schädel