En Zäregas ass e Gas, deen d'Infraroutstralung vun der Äerduewerfläch absorbéiert (déi soss an de Weltraum géif entkommen) an doduerch zum Zäreneffekt bäidréit.

D'Entwécklung vu verschiddenen Zäregasen zanter den 1970er Joren

Zäregase kommen natierlech an der Atmosphär vun der Äerd vir. Zu den natierlechen Zäregasen, déi am heefegste virkommen, zielen:

Déi natierlech Zäregasen hiewen déi duerchschnëttlech Temperatur op der Äerduewerfläch op +15°C un. Ouni dësen natierlechen Zäreneffekt hätt den ënneschten Deel vun der Äerdatmosphär nëmmen eng Duerchschnëttstemperatur vu -18 °C, wat d'Liewen op der Äerd bal onméiglech géif maachen.

Donieft gëtt et awer Zäregase mat engem anthropogenen Ursprong, dat heescht, déi vum Mënsch produzéiert ginn. D'Erhéijung vun den Zäregasen an der Atmosphär vun der Äerd ass eng vun den Ursaache vun der aktueller globaler Erwiermung. Déi Erhéijung ass haaptsächlech op mënschlech Aktivitéiten zeréckzeféieren.

Um Spaweck änneren

Commons: Zäregasen – Biller, Videoen oder Audiodateien