Yohkoh (jap. ようこう, Yōkō; „Sonnestral“) war e Weltraumteleskop fir d'Sonnenobservatioun.

Kënschtleresch Duerstellung vun der Sond Yohkoh

De Satellit gouf vum japaneschen Institute of Space and Astronautical Science (ISAS) mat US-amerikanescher a brittescher Bedeelegung ufanks ënner der Bezeechnung SOLAR-A entwéckelt an den 30. August 1991 mat enger Mu-Rakéit vum Kagoshima Space Center aus gestart. D'Instrumenter waren:

  • En Teleskop fir wäich Röntgenstralung (0,5 bis 2 keV).
  • En Teleskop fir haart Röntgenstralung (14 bis 93 keV).
  • Ee breetbandege Röntgen- a Gammaspektrometer.
  • En héichopléisende Bragg-Kristallspektrometer.

De Yohkoh hat d'Sonn iwwer bal e ganzen Sonnefleckenzyklus observéiert an hat an dëser Zäit e puer Millioune Röntgenbiller opgeholl. D'Missioun gouf duerch e Lagereeglungsproblem de 14. Dezember 2001 gestoppt. Den Antrëtt an d'Äerdatmosphär war den 12. September 2005.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Yohkoh – Biller, Videoen oder Audiodateien