Yi Xing

chineeseschen Astronom, Mathematiker, Ingenieur a buddhistische Mënch


De Yi Xing, gebuer am Joer 683 a gestuerwen am Joer 727, war e chineeseschen Astronom, Mathematiker, Ingenieur a buddhistische Mënch an der Zäit vun der Tang-Dynastie (618907). Säi Mënchnumm bedeit „ganz Rees“. Mat sengem weltlechen Numm huet hien Zhang Sui geheescht.

Yi Xing
Gebuertsnumm 张遂
Gebuer 683 jul.
Gestuerwen 727 jul.
Nationalitéit Tang-Dynastie
Aktivitéit Mathematiker, Astronom, Erfinder, Ingenieur

Technik änneren

Hien hat eng waasserbedriwwen an duerch eng Onrou gereegelt Armillarsphär, där hir Deeler mat engem kollektiven Undriff automatesch a verschiddene Vitesse rotéiert hunn. Dat séierst Zännrad huet sech all Dag ëm 2928 Zänn beweegt, dat luest all fënnef Deeg ëm een Zant. Säi Meeschterwierk war eng Weiderentwécklung vun änlechen Apparaten, déi zanter dem 2. Joerhonnert a China gebaut gi waren.

Miessungen änneren

Virun d'Aufgab gestallt, de Kalenner ze verbesseren, dobäi besonnesch awer Parallaxen, also Sonnen- a Mounddäischterte virauszesoen, hat hien e System vun zwanzeg Observatoiren opgeriicht, dovun zéng an der Géigend vum 114. Längtegrad (Angab no häitegem Greenwich-Datum), verdeelt vum 17. Breetegrad zu Jiaozhou am Vietnam bis zum 50. Breetegrad um Baikalséi. Säi Kalennerwierk dat en unhand vu senge Miessungen erstallt huet, ëmfaasst siwe Bänn.

Zu Gaocheng, wou ee vun den Observatoirë stoung, ass am 11. Joerhonnert méi e grousse gebaut ginn, an duerno am 13. Joerhonert ënner dem Kubilai Khan nees en neien, den eenzegen aus dem ale China, dat nach haut erhalen ass.

Entdeckungen änneren

Dem Yi Xing säi Wäert fir den Ofstand vun de Breetegraden an domat den Äerdëmfang louch 11,4 % iwwer dem tatsächlechen, 123,7 km amplaz 111 km.

Hien hat erkannt, datt Sonnen- a Mounddäischterten net de ganze Globus betraff hunn, mä zu ënnerschiddlechen Zäiten an ënnerschiddleche Weltgéigenden hu missen optrieden.

Hien huet och d'Eegebeweegung vun de Fixstären, also d'Verännerung vu Wénkelen, an deene si vun der Äerd aus gesi ginn, entdeckt. Sou koum hien zu der Erkenntnes, datt si net op enger Kugelschuel sëtze konnten, wéi bis dohin och a China ugeholl gouf.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren