Yannick Bastos

lëtzebuergesch-portugisesche Foussballspiller

De Yannick Bastos, gebuer den 30. Mee 1993, ass e lëtzebuergesch-portugisesche (Sic!) Foussballspiller[1]

Yannick Bastos
Gebuer 30. Mee 1993
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg, Portugal
Aktivitéit Foussballspiller
Veräin/Ekipp Bolton Wanderers FC,
US Rëmeleng,
US Rëmeleng,
FC Déifferdeng 03,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp,
FC Déifferdeng 03
Wikidata-logo-without-paddings.svg

CarrièreÄnneren

An der Sasion 2009/2010 huet hie fir d'US Rëmeleng gespillt, duerno war hien eng Saison bei der Eintracht Tréier fir nees fir eng Saison zréck op Rëmeleng ze goen. Hien stoung vun 2012 bis Enn Januar 2014 beim FC Déifferdeng 03 ënner Vertrag.

De 25. Januar 2014 ass de Yannick Bastos un d'Bolton Wanderers fir ëmgerechent 50.000 Euro verkaf ginn, a koum an England zu e puer Kuerzasätz an hirer U21-Ekipp. Mëtt September 2014 gouf säi Kontrakt bei Bolton erëm opgeléist.[2] Enn Januar 2015 gouf bekannt, datt de Yannick Bastos op SV Eintracht Trier 05 wiessele wäert bis zum Enn vun der Saison 2014/15, da wiesselt en zréck bei den FC Déifferdeng 03[3]

Tëscht dem 14. August 2013 an dem 5. Mäerz 2014 huet de Yannick Bastos 5-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[4]

ReferenzenÄnneren

  1. Portrait vum Yannick Bastos op der Websäit vun der Uefa
  2. Yannick Bastos et Bolton, c'est fini! Wort.lu 17. September 2014
  3. http://www.wort.lu/fr/sport/football-bgl-ligue-bastos-a-differdange-via-l-eintracht-treves-54cb13720c88b46a8ce527e6
  4. Lëscht vun de Lännermatcher vum Yannick Bastos op der Websäit European Football