Xhignesse (ausgeschwat:Hignesse) ass eng Uertschaft an der Gemeng Hamoir an der Provënz Léck.

Xhignesse
D'romanesch Kierch
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Huy
Gemeng Hamoir
Koordinaten 50° 26’ 10’’ N
      05° 32’ 39’’ O
Telefonszon 086
Postcode 4180

Grënnung vun der Uertschaft gëtt der Plektrud, der Fra vum Pippin vun Herstal zougeschriwwen, déi do der Abtei Stavelot-Malmedy en Terrain geschenkt hat fir eng Gebietsplaz anzeriichten. Spéider gouf op där Plaz déi haiteg Péiterskierch opgeriicht.

Kuckeswäertes

änneren
  • D'Kierch aus dem 12. Joerhonnert
  • D'Kapell Saint-Anne
  • Op der Grenz mat Ferrières steet d'Croix du Curé, e stengent Kräiz dat drun erënnert datt do de Paschtouer Deleau vun den dräi Renard-Bridder ëmbruecht gouf.

Perséinlechkeeten aus der Uertschaft

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Xhignesse – Biller, Videoen oder Audiodateien