Plektrud

austresch Adeleg an Helleg vun der kathoulescher Kierch

D'Plektrud(is), och Bliktrud, gebuer géint 650 a gestuerwe 717 oder 725, war eng austresch Adeleg. Si ass eng Helleg vun der kathoulescher Kierch[1].

Plektrud
D'Plektrud an der "St. Maria im Kapitol"-Kierch zu Köln
Titel
Titel Kinnek vum fränkesche Räich
Biographie
Gebuer 7. Joerhonnert
Austrasien
Gestuerwen 717
Köln
Graf Köln
Mamm Irmina vun Oeren
Geschwëster Adela vu Pfalzel, Regintrud, Chrodelinde
Kanner Drogo vun der Champagne, Grimoald de Jéngeren
Aktivitéit Aristokrat
Aner Informatiounen
Statut Helleg

Hire Papp war de Pfalzgrof Hugobert, hir Mamm d'Irmina vun Oeren an hir Sëschter d'Äbtissin Adela vu Pfalzel bei Tréier. Ëm 670/675 huet se de karolengeschen Hausmeier Pippin de Mëttelsten (och den Décken oder vun Herstal genannt) bestuet. Vun him hat se zwéi Jongen, den Drogo an de Grimoald de Jonken. Allebéid krute se vum Pippin wichteg Ämter. Wéi de Pippin sou gutt wéi um Stierwe louch, huet d'Plektrud probéiert, hiren Enkelen (béid Jonge waren du schonn dout) d'Successioun ze sécheren. De Pippin hat nämlech och nach e Kand mat der Chalpaida (Alpaid) vu Bruyères, de Karl, dee spéider als Karl Martell sollt bekannt ginn. D'Plektrud huet hien dofir zu Köln aspäre gelooss. Hie konnt awer vun do fortlafen, huet sech eng Arméi zesummegestallt an domat d'Plektrud dozou gezwongen, seng Rechter unz'erkennen (717).

D'Plektrud huet St. Maria im Kapitol zu Köln gestëft, wou se, sou gëtt ugeholl, och begruewe läit.

Literatur

änneren
  • Konecny, Silvia: Die Frauen des karolingischen Königshauses: Die politische Bedeutung der Ehe und die Stellung der Frau in der fränkischen Herrscherfamilie vom 7. bis zum 10. Jh., Wien: VWGÖ, 1976.
  • Schieffer, Rudolf: Die Karolinger, W. Kohlhammer Druckerei GmbH + Co. Stuttgart, 2000, S. 23,31-33,35-38,40

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Plektrud – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Archive copy Archivéiert de(n) 2016-04-12. Gekuckt de(n) 2016-06-24.