XZ Tauri
Den XZ Tauri (ofgekierzt XZ Tau) ass en Duebel- oder Dräifachstäresystem am Stärebild Taurus, dat an der Taurus-Moleküllewollek läit an ongeféier 450 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech ass. De System gëtt vun zwéi variabelen T-Tauri-Stäre gebilt, déi ëm e kollektive Schwéierpunkt op enger Distanz vu 6 Milliarde Kilometer (ongeféier d'Distanz vun eiser Sonn bis zum Pluto) lafen.
Duebelstär XZ Tauri | |
Numm | XZ Tauri |
Stärebild: | Taurus (Tau)
|
Daten | |
Equinoxe | J2000.0 |
Rektaszensioun | 04h 31m 40,07s |
Deklinatioun | + 18° 13' 57,2" |
visuell Magnitude | ? mag |
Spektralklass: | GV:e |
verännerleche Stärtyp | T Tauri |
Astrometrie | |
Radialvitess: | 109 ± 20 km/s |
Distanz | 450 Lj |
Absolut Hellegkeet | ? mag |
Physikalesch Eegenschaften | |
Mass: | ? |
Uewerflächentemperatur | ? |
Aner Bezeechnungen | |
2MASS | J04314007+1813571 |
Ënnersich aus dem Joer 2009 deiten drop hin, datt de Stär nach en noe Begleetstär huet, sou datt et sech am Ganzen ëm en Dräifachstäresystem handelt.
De Stäresystem huet eng Blos mat ronn 10.000 Kelvin gliddegem Gas gebilt, wou de Rand zirka 96 Milliarde Kilometer vun de Stären ewech läit a sech mat enger Vitess vun 150 km/s weider ausdeent. Déi Parameteren, déi typesch fir T-Tauri-Stäre sinn, loossen op en Alter vun der Blos vun 30 Joer schléissen. Eng Bildsequenz vum Hubble-Weltraumteleskop iwwer en ettlech Joer ewech weist eng Vergréisserung mat enger zweeter Blos a verdäitlecht, datt weider Ausbréch sporadesch optrieden.
Den Herbig-Haro-Objet HH152 ass duerch den XZ Tauri ausgeléist ginn.