Jottzéjott

fiktive Politker am Superjhemp
Dëse Comicsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Jottzéjott ass e fiktive Personnage aus der lëtzebuergescher Comicserie Superjhemp vum Roger Leiner a Lucien Czuga. Et ass eng Karikatur vum deemolege lëtzebuergesche Premierminister Jean-Claude Juncker.

Jottzéjott
Ass en(g) fiktiv Figur
Geschlecht männlech
Aktivitéit Premierminister
Universum
Present am Superjhemp

De Jottzéjott ass den Avant-Premier vu Luxusbuerg an e kënnt an all Geschicht vir. Hien ass de Bouf vun engem Stolaarbechter de bei ARBED'NBREAKFAST geschafft huet. En huet zu Buergstrooss studéiert a war do scho Klasseprimus inter pares. Hien huet ni als Affekot exerzéiert, mä hat sech fréi bei de Lëschtegsozialen engagéiert, a well Luxusbuerg scho laang op sou en dichtege Mann gewaart hat, gouf en och direkt gewielt.

De Jottzéjott ass bestuet an huet (wat kee verwonnert) e schwaarzen Hond.

Kuckt och änneren