Willibrorduslannen zu Laaschent

Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg

D'Lannen zu Laaschent, och nach Willibrorduslanne genannt, sinn eng Koppel Summerlannen (Tilia platyphyllos Scop., (fr) tilleul à larges feuilles, (de) Sommerlinde) déi zu Laaschent an der Gemeng Tandel stinn an zënter 1981 zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéieren.

Lannen zu Laaschent
Wiilibrorduslannen
D'Lannen zu Laaschent am Februar 2024
Kategorie Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Tandel
Plaz Laaschent
Adress Haaptstrooss
Koordinaten 49°55'25,72"N, 6°7'42,42"O
Bamaart Summerlann
Héicht 13,6 m (2023)
Duerchmiesser 1,22 m (2023)
Ëmfang 3,83 m (2023)

Lokalisatioun

änneren

D'Lanne stinn zu Laaschent virun der Kierch, op engem Hiwwel iwwer der Haaptstrooss (CR352).

Seechen

änneren

Et gëtt erzielt, datt den Hellege Willibrord (≈658739) déi zwou Lannen op enger vu senge Missiounsreese geplanzt hätt, dohier hiren Numm. Well den Alter vun de Lannen op 'nëmmen' ëm déi 250 – 300 Joer geschat gëtt(Stand:2024), gehéiert dës Geschicht an de Beräich vun de Legenden.

Den ursprénglechen Alter vun der Kierch ass net bekannt, awer hir Plaz op engem Hiwwel an och d'Legend mam Willibrord loossen drop schléissen, datt op där Plaz eemol e ganz aalt Hellegtum stoung. An der aktueller Form staamt déi haiteg Kierch aus dem 17. Joerhonnert.

Entwécklung vun de Beem

änneren

De geneeën Alter vun de Lannen ass net bekannt, gëtt awer op 250 – 300 Joer geschat(Stand:2024).

D'Lann iwwer der lénkser Trap déi bei d'Kierch féiert, huet zwou opfälleg Charakteristiken: op enger Héicht vun 1,50 m huet s'e prononcéierte Burreli, an hir verwurrelt Wuerzele verlafen zum Deel iwwer dem Buedem.

Schonn 1883 huet de Jean-Nicolas Moes déi zwou Lanne bewonnert, an zugläich festgestallt, datt si an engem schlechten Zoustand waren[1]. Ëm 2000 goufen d'Krounen zeréckgeschnidden, dëst awer op eng onprofessionell Manéier.

Ongeféier Moosse vun de Beem (m)
Joer  [2]     Bemierkung
1958 2,85 nërdleche Bam
1980 2,90 0,92 südleche Bam
3,00 0,96 nërdleche Bam
2000 2,98 0,95 12,00 südleche Bam
3,14 1,00 14,00 nërdleche Bam
2023 3,83 1,22 13,60

  = Ëmfang;   = Duerchmiesser;   = Héicht

Quellen a Literatur

änneren
  • Murat, D. & M. Feldtrauer-Molitor (Koordinatioun), 2023. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Editeuren: Administration de la nature et des forêts (ANF) an natur&ëmwelt asbl. ISBN 978-2-9199474-3-0 (cf. S. 58-59, Foto an Text).
  • Bartimes, Mett et al. Les arbres remarquables 2002. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 2002. Print. ISBN 2-919877-05-4 (cf. S. 116-117, Foto an Text)
  • Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 1981. Print. (cf. S. 90-91, Foto an Text)
  • Moes, Jean-Nicolas, 1883. Fragekasten: Merkwürdige Bäume in unserem Lande. Das Luxemburger Land, fascicule 34 - page 464.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Willibrorduslannen zu Laaschent – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. cf. Moes 1883 an der Literaturlëscht, wou Follgendes steet:
    Im XIII. Band der Publications, Seite 98 lese ich in einem Aufsatz des Hrn. Pfarrers Harpes über die Pfarre Brandenburg:
    "Vor der Kapelle zu Landscheid stehen zwei sehr alte, dickstämmige Linden. Wann und durch wen sie gepflanzt worden sind, läßt sich nicht ermitteln. Sie mögen ein Alter von mehreren Jahrhunderten haben und sind bereits abgängig."
    Es wäre erwünscht, wenn einer unserer verehrten Mitarbeiter oder freundlicher Leser Näheres über fragliche Linden mittheilen könnte. Existiren dieselben noch heute ? Wenn ja, welchen Umfang und welche ungefähre Höhe haben sie ? Was erzählt das Volk sich über deren Ursprung ? Knüpfen sich keine Sagen an dieselben ? Hängt das Pflanzen derselben vielleicht mit dem Bau der Kapelle zusammen ? Alle diesbezüglichen Mittheilungen finden sofortige Aufnahme. J. N. Moes.
  2. op Broschthéicht gemooss