William McMichael Shepherd

US-amerikaneschen Astronaut

De William McMichael „Bill“ Shepherd, gebuer de 26. Juli 1949 zu Oak Ridge, Tennessee, USA) ass e fréieren US-amerikaneschen Astronaut. Hie war Kommandant vun der éischter ISS-Crew.

William Shepherd
Den Scott Carpenter
Kategorie Astronaut
Land USA
Agentur NASA
Auswiel 23. Mee 1984
(10. NASA-Grupp)
Zuel vu Flich 4
Éischte Start 2. Dezember 1988
Lescht Landung 21. Mäerz 2001
Dauer 159d 7h 49min
1. Missioun STS-27
2. Missioun STS-41
3. Missioun STS-52
4. Missioun Expedition-1
opgehalen August 2002

De Shepherd hat 1971 d'United States Naval Academy bestanen a krut e Bachelor a Loft- an Raumfaarttechnik. Uschléissend hat hien eng militäresch Carrière bei de Navy Seals ageschloen. 1978 krut hien e Master am Fach Maschinnebau an en Ofschloss a Mierestechnik vum MIT.

Astronautenaktivitéit änneren

De Shepherd gouf 1984 mat der 10. Grupp vun der NASA als Astronaut erausgesicht. Schonn 1986 war hien der NASA bei den Navy Seals opgefall, wou hie sech onerwaart nëtzlech gemaach hat, wéi hie bei de Biergungsmissioune vun der explodéierter Challenger-Raumfähr agesat gouf.

Mat der Raumfähr Atlantis war de Shepherd als Missiounsspezialist den 2. Dezember 1988 zu der Missioun STS-27 gestart. Haaptzil vun dëser Missioun war d'Aussetzen vum militäreschen Opklärungssatellit Lacrosse 1.

De 6. Oktober 1990 war hie mat der Raumfähr Discovery zu der Missioun STS-41 gestart. Wärend dëser Missioun gouf déi bis dohin schwéierst Notzlaascht, d'Raumsond Ulysses, ausgesat. Ulysses ass e kollektive Projet vun der NASA an der ESA fir Erfuerschung vun der Sonn.

Mat der Raumfähr Columbia war de Shepherd den 22. Oktober 1992 zu der Missioun STS-52 gestart. Wichtegst Zil vun dëser Missioun war d'Aussetze vum italieenesch-amerikanesche Geodesie-Satellit LAGEOS 2.

1993 goung de Shepherd fir knapps dräi Joer als technesche Beroder fir d'ISS an d'Haaptquartéier vun der NASA. Den 31. Oktober 2000 ass hie mat der Sojus TM-31 als Kommandant vun der éischter Laangzäitcrew zesumme mat de russesche Kosmonauten Gidsenko an Krikaljow zu der ISS gestart. Hir Haaptaufgab war d'Aktivéierung vun de wichtegsten Systemer vun der Raumstatioun. Ausserdeem goufen nei Apparaturen agebaut, Feeler eleminéiert an éischt wëssenschaftlech Aarbechten ausgefouert. No iwwer 140 Deeg op der ISS koum hien den 21. Mäerz 2001 mat der Raumfähr Discovery (STS-102) nees op d'Äerd zeréck.

No der NASA änneren

De Shepherd hat am Summer 2002 d'US-Raumfaartagentur verlooss a gouf am Joer drop mat der Congressional Space Medal of Honor ausgezeechent. Hien ass mat der Texanerin Beth Stringham bestuet, déi bei der NASA als Physiotherapeutin geschafft huet.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: William Shepherd – Biller, Videoen oder Audiodateien