William Butler Yeats

ireschen Dichter

De William Butler Yeats, gebuer den 13. Juni 1865 zu Sandymount bei Dublin a gestuerwen den 28. Januar 1939 zu Menton bei Nice, war en ireschen Dichter. Hie gëllt als ee vun de bedeitendsten engleschsproochege Schrëftsteller vum 20. Joerhonnert. Hien huet 1923 als éischten Ir, de Literaturnobelpräis kritt.

William Butler Yeats
Gebuer 13. Juni 1865
Sandymount
Gestuerwen 28. Januar 1939
Menton
Aktivitéit Dichter, Dramatiker, Schrëftsteller, Politiker, Astrolog
Member vun Royal Society of Literature
Famill
Bestuet mat Georgie Hyde-Lees
Papp John Butler Yeats
Mamm Susan Pollexfen
Geschwëster Elizabeth Yeats, Lily Yeats, Jack Butler Yeats
Kanner Michael Yeats

De William Butler Yeats war Supporter vun der irescher Renaissance, zäitweileg Member vun enger revolutionärer Beweegung an 1899 war hien ee vun de Matgrënner vum Irish Literary Theatre, aus deem 1904 den Abbey Theatre, dat ass den ireschen Nationaltheater, entstanen ass.

Dem Yeats seng literaresch Virbiller sinn déi keltesch Mythologie an traditionell englesch Dichter wéi de William Blake, de William Shakespeare oder de Percy Bysshe Shelley. Seng fréi Gedichter kënnen der iresch-englescher Romantik zougerechent ginn, säi Spéitwierk ass éischter modern.

Hie war de Jong vum Moler John Butler Yeats, de Brudder vum Kënschtler an Auteur Jack Butler Yeats an de Papp vum Politiker Michael Yeats.

Wierker (Auswiel) änneren

  • The Wanderings of Oisin and Other Poems (1889),
  • The Celtic Twilight (1893)
  • The Lake Isle of Innisfree (1893)
  • The land of heart's desire (1894)
  • The secret rose (1897)
  • The Wind Among the Reeds (1899)
  • Cathleen ni Houlihan (1902)
  • Ideas of Good and Evil (1903)
  • In the Seven Woods (1904)
  • Discoveries (1907)
  • Deirdre (1907)
  • The green helmet (1910)
  • Responsibilities and Other Poems (1914)
  • The Wild Swans at Coole (1917)
  • Four Plays for Dancers (1921)
  • Four Years (1921)
  • The Cat and the Moon (1924)
  • A Vision (1925, 1937)
  • Autobiographies (1926)
  • The Tower (1928),
  • The Winding Stair and Other Poems (1929)
  • Collected Plays (1934)

Literatur änneren

  • Richard Ellman: The Identity of Yeats. Faber & Faber, London 1964.
  • Richard Ellman: Yeats, the Man and the Masks. Faber & Faber, London 1949.
  • Joseph N. Hone: W. B. Yeats. Macmillan, Basingstoke 1989, ISBN 0-333-49747-3.
  • R. F. Foster: W. B. Yeats. A Life. 2 Bände. Oxford University Press, Oxford.
  • Yvor Winters: The Poetry of W. B. Yeats. In: Twentieth Century Literature 6, 1, 1960, ISSN 0041-462X, S. 3–24

Um Spaweck änneren

Commons: William Butler Yeats – Biller, Videoen oder Audiodateien