Menton
Menton (it: Mentone) ass eng Stad am franséischen Departement Alpes-Maritimes op der Côte d'Azur. Si huet ongeféier 30.000 Awunner.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | ||||
Regioun | PACA | ||||
Departement | Alpes-Maritimes | ||||
Arrondissement | Nice | ||||
Kanton | Canton de Menton | ||||
Postcode | 06500 | ||||
Gemengecode | 06083 | ||||
Koordinaten | 43° 46’ 30’’ N 07° 30’ 00’’ O | ||||
Fläch | 1 405 ha | ||||
Bevëlkerung | 28 812 (1999) |
Lag a Klima
ännerenWell Menton op der Côte d'Azur läit an duerch d'Ausleefer vun den Alpe geschützt ass, zeechent d'Stad Menton sech duerch säi besonnesch mëlle Klima aus. Och am Wanter bleiwen d'Temperature relativ héich, wat an der Moyenne mat sech bréngt, datt et eng vun de wäermste Stied a Frankräich ass. Doduerch fënnt een a ville Gäert a Plantagen exotesch Friichten déi do gutt weiderkommen, an och ëmmer zeideg ginn.
Geschichtleches
ännerenAm Weste vun der Stad op der Colline de Pépin waren déi éischt Siidlunge mat engem Schlass.
D'Seigneurie Puypin (Podium Pinum) ass am 13. Joerhonnert un d'Famill Vento vu Genua gaangen, déi do e Schlass gebaut huet, an domat de Grondstee fir déi haiteg Stad geluecht huet.
1346 gouf se vun de Grimaldie vu Monaco kaaft, a blouf ënner deenen hirer Herrschaft bis 1848, wéi se sech selwer als fräi Stad deklaréiert huet, ënner dem Protektorat vum Kinnek vu Sardinien.
Bei engem Referendum 1860 huet d'Stad sech decidéiert datt se wollt zu Frankräich gehéieren.
Kuckeswäertes
änneren- Promenade du Soleil, laanscht d'Mier
- Méchelskierch
- Musée Jean Cocteau
- Stadhaus, encadréiert vu Banannebeem
- Salle des mariages, am Stadhaus vum Jean Cocteau dekoréiert
- De Maart an de Marché aux Puces
Fotoalbum
änneren-
Vue op Menton mat der Méchelsbasilika
-
D'Méchelsbasilika
-
D'protestantesch Kierch zu Menton
-
D'Stadhaus vu Menton
-
De Floumaart zu Menton
-
Panoramavue vu Menton
-
Palmen
-
De Musée Jean Cocteau an der aler Hafebuerg
-
D'Salle des mariages am Stadhaus, vum Jean Cocteau dekoréiert
Kuckt och
änneren- Departement Alpes-Maritimes
- Arrondissementer am Departement Alpes-Maritimes
- Kantonen am Departement Alpes-Maritimes
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Alpes-Maritimes
Um Spaweck
ännerenCommons: Menton – Biller, Videoen oder Audiodateien |