Will Flener
lëtzebuergeschen Auteur
De Guillaume (Will) Flener, gebuer den 10. Oktober 1914 zu Mamer, a gestuerwen den 10. Februar 2002 an der Stad Lëtzebuerg, war Schoulmeeschter zu Koplescht an um Briddel. Hien ass den Auteur vu ville lokalhistoreschen Artikelen an donieft huet hien och eng ganz Partie Theaterstécker geschriwwen.
Will Flener | |
---|---|
Gebuer |
10. Oktober 1914 Mamer |
Gestuerwen |
10. Februar 2002 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Auteur, Enseignant |
Famill | |
Papp | Nicolas Flener |
Hie war de Jong vum Theaterauteur a Lokalhistoriker Nicolas Flener (1879 - 1968).
Theaterstécker
änneren- De Bunker beim Bolerwee, (1949)
- El Alamein, (1950)
- Op der Kopleschter Heed, zesumme mam Lex Jacoby, (1953)
- Gare la mine, (1955)
- 1866 zu Koplescht, (1956)
- Vu Koplescht op Moskau, (1957)
Bicher
änneren- 700 Jahre Geschichte Kopstal-Bridel (1296-1996)
- De Josy vu Gröndchesbâch (Erzielung)
Auszeechnungen
änneren- 1956 Michel Rodange-Präis