Op der Kopleschter Heed

Op der Kopleschter Heed ass en Theaterstéck an 3 Akten op Lëtzebuergesch aus dem Joer 1953 vum Willy Flener an Alex Jacoby. D'Musek zum Stéck huet de Marcel Goedert geschriwwen.

Et gouf de 14. Februar 1953 vum Cercle Touristique Kopstal fir d'éischt opgefouert zu Koplescht am Sall vum Café Goedert.

Persounen änneren

  • Jang, e wallounesche Kuelebrenner
  • Gréid, seng Fra
  • Fernand, deenen zwee hire Jong
  • Anna, dem Fernand seng Freiesch
  • Robert, e wallounesche Kuelebrenner
  • Zigeiner
  • Crendal, en Ënnersuchungsriichter
  • Hohengarten, e Geriichtsschreiwer

Ëm wat geet et am Stéck? änneren

D'Stéck an deem et ëm Léift, Friemenhaass a Muerd geet, spillt am Joer 1650 ënner der spuenescher Herrschaft zu Koplescht.