Déi indesch Konstitutioun erkennt 18 offiziell Schrëftsproochen un, a véier weider Akademiesproochen. Ët gëtt bal genausouvill Schrëften. Déi indesch Sprooche si phoneetesch ganz prezis, dofir hunn d'Alphabeter ëmmer wesentlech méi Bustawe wéi dat laténgescht Alphabet. Vun der Indologie gouf eng wëssenschaftlech Ëmschrëft entwéckelt, déi all d'Zeeche prezis duerstellt, awer nëmme mat Unicode funktionéiert.

Technesches änneren

 
हिन्दी

Wann den Text "Hindī" an Devanagari-Schrëft an der wäisser Këscht (Graphik) an an der groer Këscht (Unicode-Text) net dselwecht ausgesinn, ausser datt d'Schrëfte kënne verschidde sinn, da musst Dir d'Softwareënnerstëtzung fir indesch Schrëften an d'Rei maachen, wann Dir indesch Schrëften an der Wikipedia editéiere wëllt, oder korrekt wëllt ugewise kréien. D'Entscheedung, wéi eng Schrëft Dir benotzt, hänkt ganz dovun of, wéi eng Schrëftaarten Dir korrekt wëllt gesinn. Eng Auswiel fannt Dir ënner: Unicode Fonts fir komplex Schrëftarten

Informatiounen an eventuell Duerstellungsproblemer sinn hei ze fannen: Wikipedia:UTF8-Problemer

Indesch Sproochen a Schrëften änneren

Artikelnimm änneren

Artikelnimm solle waméiglech no follgendem Schema gewielt ginn:

  1. Déi eenheetlech Wikipedia-Ëmschrëft soll bevirzugt ginn (kuckt weider ënnen).
  2. Wa fir Begrëffer och eeler Lautëmschrëften allgemeng benotzt ginn, sou sollen dës op jiddferfall ernimmt ginn. Beispiller: Maharadscha fir Maharaja, Pandschab fir Punjab, Bangladesch fir Bangla Desh. Och etabléiert englesch Begrëffer sollen no Méiglechkeet ernimmt ginn: z. B. Tandoori fir Tanduri.
  3. Wann am Lexikon zwou Variatioune stinn, soll grondsätzlech déi modern Variant benotzt ginn, z. B. Vishnu amplaz Wischnu, Rigveda amplaz Rigweda.
  4. Nimm vun indesche Persoune gi grondsätzlech iwwerholl, z. B. Jawaharlal Nehru oder Atal Bihari Vajpayee och wann si net de Konventiounen entspriechen.

Eeler Schreifweise vu bekannten Nimm/Begrëffer sinn als REDIRECTs unzeleeën.

Artikelufank änneren

Den Artikelnumm gëtt fett an an eenheetlecher Lautschrëft uginn. Duerno gëtt den Numm an der Sprooch selwer (z. B. Sanskrit, Hindi) mat engem Link op déi jeeweileg Sproochesäit. Duerno gëtt dat grammatikalescht Geschlecht uginn an de Begrëff an der Schrëft vun der Sprooch déi benotzt gouf geschriwwen (z. B. Devanagari fir Sanskrit an Hindi, Gurmukhi fir Punjabi, d'tamilesch Schrëft fir Tamil etc.). Duerno soll nach d'wëssenschaftlech Ëmschrëft do stoen. Ët kënnen optional och Hiweiser zur Aussprooch oder aner bekannte Schreifweisen op Däitsch oder Englesch hannendru gesat ginn.

Bei Wierder, déi d'Lauter j, jh, c oder ch benotzen, ass et op alle Fall sënnvoll, d'Aussprooch mat unzeginn, d. h. déi international Lautschrëft IPA (Internationaalt Phoneetescht Alphabet).

Fir d'IPA gëllt follgend Formatschabloun: [{{IPA|Begrëff an IPA}}]

Virun enger betounter Silb gëtt en ˈ gesat.

Fir d'wëssenschaftlech Transliteratioun ass d'Schabloun IAST ze benotzen: {{IAST|brāhmaṇa}}. Den Text gëtt da follgendermoossen duergestallt: brāhmaṇa. Dës Schabloun ass noutwenneg, fir datt d'Ëmschrëft och am Internet Explorer fir Lieser, déi net ugemellt sinn, ze gesinn ass.

IAST steet fir "International Alphabet of Sanskrit Transliteration".

Beispiller änneren

Brahman (Sanskrit, n., ब्रह्मन, brahman, "d'Séil vun der Welt") ass ee vun den zentrale Begrëffer...

Brahmanas (Sanskrit, n., ब्राह्मण, brāhmaṇa, vedesche Ritual- an Affertexter) si wéi d'Shatapathabrahmana ..

Brahmanen (Sanskrit, m., ब्राह्मण, brāhmaṇa, "deen, deen de Brahman kennt") sinn d'Paschtouerkast ...

Jati (Hindi, f., जाति, jāti, [ˈʤɑːti], Ënnerkast) sinn nierwt...

De Bundesstaat Punjab (Punjabi, m., ਪਂਜਾਬ੍, Panjāb, [pʌnˈʤɑːb], "Fënnef Waasser ") ...

E Maharaja (Sanskrit, m., महाराज, Mahārāja, [mʌɦɑːˈɽɑːʤə], och Maharadscha, Groussfürst) hunn an Indien...

Tanduri (Hindi, f., त॑न्दूरी, Tandūrī, engl.: Tandoori, "Iesse wat am Lehmuewen zoubereed gëtt") ass...

Gujarat (Gujarati, m., ગુજરાત, Gujarāt, [guʤəˈɽɑːt]) ass en indeschen..

Sanskrit-Begrëffer gi grondsätzlech net - wéi an der indologescher Literatur üblech - kursiv geschriwwen (well een se da schlecht um Schierm liese kann). Ausserdem solle si grouss geschriwwe ginn.

Fir den Ëmgang mat Ligature fir Devanagari a Unicode kënnt Dir Iech follgenden Artikel ukucken:
http://varamozhi.sourceforge.net/iscii91.pdf

Agedäitschten an angliséiert Begrëffer änneren

Agedäitscht Schreifweisen, déi net der Transkriptioun entspriechen, déi hei benotzt gëtt, si genau sou z'ënnerloossen, wéi angliséiert Begrëffer, wann et keng Eegennimm sinn. Bei etabléierte Begrëffer soll dës Versioun bei der Erkläerung awer ernimmt ginn.

  • Kashmir - Kaschmir
  • Punjab - Pandschab
  • Taj Mahal - Tadsch Mahal
  • Maharaja - Maharadscha
  • Salwar Kamiz - Salwar Kameez (engl.)
  • Tanduri - Tandoori (engl.)


Falls ët am Lexikon zwou Variatioune gëtt, soll grondsätzlech déi rezent dovu benotzt ginn. Wéi erkennt een, wéieng dat ass ? Dofir gëtt et zwou einfach Reegelen:

  • De "w" ass déi al Schreifweis (z. B. Weda), de "v" déi modern (Veda).
  • De "sch" ass déi al Schreifweis (z. B. Upanischaden), de "sh" déi modern (Upanishaden).

Fir verschidde Begrëffer hu sech aner Formen etabléiert, an och e Plural agebiergert.

  • Brahmanen (brahmana)
  • Shivaismus, Jainismus (und alle anderen Religionsbezeichnungen)
  • Upanishaden (Upanishad)

Lehnwierder aus dem Indesche gi selbstverständlech an der hei bekannter Form uginn, d'Urform kann awer och ernimmt ginn:

  • Curry (Kari)
  • Dschungel (Jangal)
  • Veranda (Baramda)

Eeler Quellen änneren

An der eelerer indologescher Literatur goufen, besonnesch fir Vokaler, dacks aner diakritesch Zeeche benotzt. Dës al Schreifweise kënnen net einfach iwwerholl ginn, mä mussen ugepasst ginn.

(D'Ëmschrëft w gëtt nëmmen da benotztm wann e Begrëff mat der Schreifweis v eendeiteg manner gebraucht gëtt. Beispiller: Swami, Diwali)

Al Ëmschrëft Wëssenschaftlech
Ëmschrëft
Wikipedia-Ëmschrift
â ā a
î ī i
û ū u
w v v (w)

Persounennimm am Artikel änneren

Nimm vun indesche Persoune gi grondsätzlech iwwerholl, z. B. Jawaharlal Nehru oder Atal Bihari Vajpayee, och wann si net de Konventioune vun der Wikipidia-Ëmschrëft entspriechen.

Südindesch Nimm ouni Familljennumm ginn an der ofgekierzter Form geschriwwen (M. N. Srinivas; d'Ofkierzunge stellen d'Virnimm vu Papp a Grousspapp duer).

Éierentitel wéi Swami, Acarya (oder Acharya), Paramahamsa, Pandit an Ustad souwéi Héiflechkeets- a Respektsbezeiunge wéi Shree/Shri/Sri an de Suffix –ji sinn am Lemma ewechzeloossen (Shankara amplaz Shankaracarya, Vivekananda amplaz Swami Vivekanda, Gandhi amplaz Gandhiji).

Wa Persounen ënner hirem Éierentitel méi bekannt sinn, wéi ënner hirem biergerlechen Numm, gëtt den Éierennumm benotzt (z. B. Mahatma Gandhi, Mahavira, Vivekananda). Zousätzlech Éierentitel (Mataji, Mutter, Bhagwan, Guru) sinn nëmmen dann akzeptabel, wa si an der Ëffentlechkeet als Bestanddeel vum Numm gezielt ginn (Mataji Nirmala Devi, Bhagwan Shree Rajneesh, Guru Nanak).

Déi separat Silb Shree/Shri/Sri an de Suffix –ji, souwéi Pandit, Ustad an Acarya sinn an der éischter Zeil ganz ewechzeloossen a ginn am Fléisstext grondsätzlech net fettgedréckt bzw. ganz ewechgelooss. An Ausnahmefäll kënnen si erhale bleiwen, wann si zum Bestanddeel vum Numm goufen. Als Bestanddeel vun engem Familljennumm (z. B. Shrivasta) bleift Shri erhalen.

Swami a Paramahamsa sollen an der éischter Zeil ernimmt ginn, an zu de jeeweilegen Artikelsäite separat verlinkt ginn.

Stied a Bundesstaaten änneren

Bei Bundesstaate gëtt d'Schreifweis vun der indescher Eegebezeechnung iwwerholl, och wann si vun der Transkriptioun, déi hei benotzt gëtt, ofweicht.

  • ਪਂਜਾਬ, Panjāb, Punjab (an net Panjab)
  • অসম, Asam, Assam (an net Asam)


Wann an Indien souwuel eng angliséiert, wéi och eng net-angliséiert Form existéiert, sou soll déi net-angliséiert Form benotzt ginn.

  • হাওড়া, Hāoṛā, Haora (angliséiert: Howrah)
  • দার্জিলিং, Dārjiliṃ, Darjiling (angliséiert: Darjeeling)
  • কলকাতা, Kalkātā, Kolkata (angliséiert: Calcutta)
  • पुणे, Puṇe, Pune (angliséiert: Poona)

Ofweichungen déi heefeg virkommenn: d'Benotzung vun aa amplaz a, ee amplaz i, oo amplaz u, ow amplaz au/ou oder u amplaz a.

Fréier Nimm ginn am Artikel ernimmt a kréien e Redirect:


Iwwersetzunge ginn nëmmen an Ausnahmefäll benotzt:

  • পশ্চিম বঙ্গ, Paścim Baṅga, Westbengalen (englesch: West Bengal)

Bei geographesche Bezeechnungen (Länner, Stied) bleiwen d'Silbe "Sri" oder "Shri" grondsätzlech erhalen:
(z. B. Sri Lanka, Sri Jayawardenepura).