Wikipedia:Nummkonventiounen/Indien/Tamilesch

D'tamilesch Schrëft änneren

Allgemenges änneren

D'Tamilesch Sprooch huet eng eege Schrëft, déi, wéi nei meeschten aner Schrëftsystemer an Indien eng phonographesch Silbeschrëft ass:

D'Grondeenheet ass dat einfacht Silbesymbol. Konsonantesymboler, déi net ugewise sinn, implizéieren de Silbevokal "a", aner Vokaler oder de Vokalausfall musse mat besonnesche Sekundärzeechen ausgedréckt ginn. D'primär Vokalsymboler ginn nëmmen um Ufank vun engem Wuert geschriwwen. Am Tamilesche gëtt et bal keng zesummegesate Konsonantenzeechen: den haitege Schrëftstandard kennt nëmmen nach een eenzegt, de க்ஷ (kṣa); och hei gëtt et nëmmen ee konsonantescht Sekundärzeechen, den Āytam (ஃ, ).

D'Schrëftzeecheninventar vum Tamileschen ass wesentlech méi kleng wéi an den aneren indesche Schrëftsystemer, an den tatsächleche Lautwäert vun engem Schrëftzeechen ergëtt sech dacks eréischt aus senger Plaz am Wuert. Ausserdem huet dat Tamilescht am Laf vu senger Entwécklung vill aner Wierder opgeholl, virun allem aus indoaresche Sproochen. Doraus huet sech als praktesch Konsequenz erginn, datt et hei onméiglech war, bei enger einfacher Transkriptiounstabell ze bleiwen.

D'Transkriptiounsschrëft déi op der Wikipedia benotzt gëtt, baséiert op enger wëssenschaftlecher Ëmschrëft, mä benotzt keng diakritesch Zeechen. Dëst hëlleft beim Schreiwen, an ass och fir d'Lieser méi benotzerfrëndlech, well d'Begrëffer vun all Browser ouni speziell Astellungen duergestallt kënne ginn.

Tamilesch Unicode-Schrëftarten änneren

Wann Dir d'tamilesch Zeechen net richteg ugewise kritt, gëtt ugeroden, sech mam Thema Unicode e beschäftegen. Als Kuerzléisung kann ee fir d'Transliteratiounsschrëft och de Schrëftpackage "Times Ind Uni" eroflueden an installéieren. ZFir d'Duerstellung vun der tamilescher Schrëft gëtt ugeroden, als Schrëftart nëmmen d'Schrëftart "Latha" (déi bei Windows XP standardméisseg dobäi ass) z'installéieren. Ët gëtt mëttlerweil zwar eng Auswiel vun anere Schrëften, mä dës féieren oft scho bei der Installatioun zu Problemer mam Schrëftsaz. Bei "Latha" dogéint si keng Problemer bekannt, an d'Schrëft kann op webtamilan.com erofgeluede ginn.

Eng weider Hëllef ass och den Tamil Language Converter vum Illinois Institute of Technology, deen zousätzlech och d'HTML-Codéierung vun de Schrëftzeeche generéiert.

Transkriptioun änneren

Grondtabell änneren

Tamilesch
Schrëft
Wëssenschaftlech
Ëmschrëft
Transliteratioun
Wikipedia-Ëmschrëft
Transkriptioun
Beispiller (lëtzebuergesch) Lautschrëft
IPA
a a amaiti Fridden a, ʌ
ஆ - ா ā Ā a asai Wonsch ɑː
இ - ி i i isai Musek i, y
ஈ - ீ ī Ī i i Méck iː, yː
உ - ு u u ulaham Welt u, ɯ
ஊ - ூ ū Ū u usi Nol
எ - ெ e e meduvaha lues (j)e, (j)ɘ
ஏ - ே ē Ē e merku Westen (j)eː, (j)ɘː
ஐ - ை ai ai vainavam Vishnuismus ai, ɛi
ஒ - ொ o o podi Stëbs ɔ
ஓ - ோ ō Ō o tottam Gaart
ஔ - ௌ au au vauval Fliedermaus ɑu
ḵ Ḵ h ahrinai Neutrum h, x
ka ka, ga, ha* kalaham Veräin k, kː, g, x, ç, ɦ, ɣ
ṅa Ṅa na pangu Undeel ŋ, ŋː
ca sa, cha, sha* puttisalittanam Intelligenz s, z, ʧ, ʒ, dʒ, ʂ
ña Ña na anchu fënnef ɲ, ɲː
ṭa Ṭa ta, da* ti Téi ʈ, ʈː, ɖ
ṇa Ṇa na kanmani däitsch: "Liebling" ɳ, ɳː
ta ta, da* tolil Beruff t, tː, d, ð
na na nenchu Broscht, Häerz n, nː
pa pa, ba* appa Papp p, pː, b
ஃப ḵpa Ḵpa f fotto Foto f
ma ma amma Mamm m, mː
ya ya yalppanam Jaffna j, ij, iːj, i
ra ra arasan Kinnek r
la la ilangai Sri Lanka l, lː
va va ilavarasan Prënz v, vː
ḻa Ḻa la vadamoli Sanskrit ʐ
ḷa Ḷa la kadavul Gott ɭ, ɭː
ṟa Ṟa ra (dra, tra)* aram Dharma r (dɻ, tːɻ)
ṉa Ṉa na nan ech n, nː
ja ja joli Aarbecht
ஸ்ரீ SRI sri srijayandi (Gebuertsfest vum Krishna) sriː
ṣa Ṣa sha kashtam Schwieregkeet ʂ
sa sa studiyo Studio s
ha ha haji Mekka-Pilger ɦ
க்ஷ kṣa ksha kshanam Ament

(* - kuckt och "Transkriptioun vun க், ச், ட், த், ப், ற்")

Puḷḷi ( "Punkt", Vokalausfallzeechen): [ . ]
z. B. அக்கா (akka / akkā, "ältere Schwester"), தத்தத்தால் (dattattal / tattattāl, "duerch den Tempeldon").

Transkriptioun vun க், ச், ட், த், ப், ற் änneren

க்
um Ufank vum Wuert (allgemeng) k kan An (kaṇ)
um Ufank vu verschiddene Sanskritwierder (ofhängeg vun der Aussprooch) g guru spirit. Meeschter (kuru)
verduebelt kk valkkai Liewen (vāḻkkai)
vir an hanner engem Konsonant k bakti
tarkalam
Bhakti (pakti)
Géigewart (taṟkālam)
no den Nasalen ன் a ங் (Klassennasal) g engiren
sangam
ech soen (eṉkiṟēṉ)
Akademie (caṅkam)
an der Mëtt vum Wuert net verduebelt tëscht zwee Vokaler g (h) mahattuma
ugappu
soham
sauhariyam
anmigam
vehu
vaigasi
Mahatma (makāttumā)
Spaass (ukappu)
Trauer (cōkam)
Bequemlechkeet (caukariyam)
Spiritualitéit (āṉmīkam)
ganz vill (veku)
tam. Mount Vaikāci
Umierkung zu der onverduebelter-intervokalescher Positioun: de க் huet hei meeschtens den Aussproochwäert ɣ,
wat ee bei der Transskriptioun duerch g zréckgi soll; ët ka jee no Vokalëmfeld
(bzw. Dialekt-/Idiolektafloss) awer och zu x, ç oder ɦ tendéieren - da kéint een ët mat h schreiwen.
ச்
um Ufank vum Wuert (allgemeng) s Sivan Shiva (Civaṉ)
um Ufank vu verschiddene Wierder (ofhängeg vun der Aussprooch) ch chi pfui (cī)!
an der Mëtt vum Wuert net verduebelt tëscht zwee Vokaler s arisi Räis (arici)
verduebelt cch mahilcchi Freed (makiḻcci)
no Konsonant (och no ஞ், net no ன் oder ட்) ch muyarchi
inchi
Versuch (muyaṟci)
Ingwer (iñci)
no ன் s munsip Munsif (e Riichter, muṉcīp)
no ட் (als retroflexen Zischlaut) sh katshi Partei (kaṭci)
a verschiddene Lehnwierder (als palatalen Zischlaut) sh ayul inshurans
suvishesham
Liewensversécherung (āyuḷ iṉcūraṉs)
Evangelium (cuvicēṣam)
ட்
um Ufank vum Wuert d daktar Dokter (ṭākṭar)
an der Mëtt vum Wuert net verduebelt tëscht zwee Vokaler d nadu Land (nāṭu)
verduebelt tt kattumaram Katamaran (kaṭṭumaram)
no Konsonant (ausser ண்) t polis inspektar Policeinspekter (pōlīs iṉspekṭar)
no Klassennasal ண் d irandu zwee (iraṇṭu)
த்
um Ufank vum Wuert (allegemeng) t tamil Tamil (tamiḻ)
um Ufank vu verschiddene Sanskritwierder (ofhängeg vun der Aussprooch) d duram Distanz (tūram)
an der Mëtt vum Wuert net verduebelt tëscht zwee Vokaler d sirukadai Kuerzgeschicht (ciṟukatai)
verduebelt tt pattu
arttam
zéng (pattu)
Bedeitung (arttam)
vir oder no Konsonant (a Sanskritwierder) t atmasutti
bakti
Häerzensrengheet (ātmacutti)
Bhakti (pakti)
no Klassennasal ந் d mandiri Minister (mantiri)
ப்
um Ufank vum Wuert (allgemeng) p palam Fruucht (paḻam)
um Ufank vu verschiddene Sanskritwierder (ofhängeg vun der Aussprooch) b bakti Bhakti (pakti)
an der Mëtt vum Wuert net verduebelt tëscht zwee Vokaler b iyaibu Harmonie (iyaipu)
verduebelt pp oppumai Änlechkeet (oppumai)
vir an no Konsonant (ausser no ன் an ம்) p kaptan
karpanai
Kapitän (kāpṭaṉ)
Phantasie (kaṟpaṉai)
no ன் a Klassennasal ம் b anbu
romba
Léift (aṉpu)
vill (rompa)
ற்
allgemeng r arudi Enn, Schluss (aṟuti)
verduebelt tr katru alavi Aerometer (kāṟṟu aḷavi)
no Klassennasal ன் dr sandru Beweis (cāṉṟu)

Ausname fir Komposita änneren

Wa க், ட், த் oder ப் tëscht zwee Vokaler steet, awer an engem Kompositum, an den Ufankslaut vum Wuertstamm representéiert, da gëtt et als Ufankslaut ausgeschwat, an och sou transkribéiert, z. B.:

kaṇṭam (pū-kaṇṭam, "Erd-Deel"): net "puhandam", mä "pukandam";
ciṟutoḻil (ciṟu-toḻil, "Kleng-Handel"): net "sirudolil", mä "sirutolil", asw.

Laangvokaler, ultrakuerzen u, Jotéierung änneren

Laangvokaler ginn op der Wikipedia wéi och an den aneren indesche Sproochen net besonnesch markéiert: a (e an ē) ginn an der Transkriptioun allebéid zu "e", asw.

Well den tamileschen ultrakuerzen u um Enn vum Wuert (IPA: ɰ) am Lëtzebuergeschen net adäquat kann duergestallt ginn, gëtt och an der Transkriptioun en einfachen "u" gesat. Also:

fir திராவிடநாடு ("Dravideland", tirāviṭanāṭu) ni "tiravidanad" oder "tiravidanade" o. ä., mä ëmmer nëmmen "tiravidanadu".

D'Jotéierung vun tamilesche Wierder, déi mat oder (e oder ē) ufänken, gëtt an der Transkriptioun ënnerlooss (genau wéi an der Transliteratiounsschrëft). Beispiller:

fir எலி ("Maus", eli) an der Transkriptioun net "yeli", mä "eli";
fir ஏது ("Ursaach", ētu < Sk. hetu) an der Transkriptioun net "yedu", mä "edu".

D'selwecht bei Wierder, déi mat "o" ufänken, de v-Virschlag gëtt net ausgeschriwwen. Also fir ஒன்று nëmmen "ondru", ni "vondru" ("eent", oṉṟu).

"Schwaach" Vokaler änneren

Vokaler gi grondsätzlech ausgeschriwwen, also och déi "schwaach", déi dofir do sinn, d'Konsonanten a Sanskrit-Lehnwierder opzelackeren. Dës schwaach Vokaler gi wann ee séier schwetzt, zwar gäeren ofgeschléckt, bleiwen awer ëmmer "matgeduecht" a komme besonnesch bei lueser Aussprooch nees eraus. Well d'tamilesch Orthographie an dëse Fäll phoneetesch bedingt ass, soll sech d'Transkriptioun hei un d'Schrëftbild halen:

makāttumā (மகாத்துமா, rel. Titel): /mʌˈɦʌːtmʌː/ oder /mʌˈɦʌːtːʉmʌː/ -> "mahattuma", net "mahatma".
āntirap piratēcam (ஆந்திரப் பிரதேசம், Andhra Pradesh): /ˈaːndrʌprʌˌðeːsʌm/ oder /ˈaːndɨrʌpɨrʌˌðeːsʌm/ -> "andira piradesam", net "andra pradesam".

Aus Grënn vun der Eenheetlechkeet (z. B. bei Lemmata fir no engem Begrëff ze sichen!) gëtt virgeschlo, dës Reegel och a Grenzfäll wieder duerchzeféieren, well dann och d'schrëftgenau Aussprooch net als "falsch" zielt:

tirāviṭaṉ (திராவிடன், "Dravid"): /ˈdraːviɖʌn/ oder (méi seelen) /tɨˈraːviɖʌn/ -> awer besser "tiravidan" wéi "dravidan".

Hei soll och op Weiderleedungen opegepasst ginn.

Orthographesch Geminatioun änneren

D'orthographesch Geminatioun vu க், ச், த் a ப் op der Grenz vun zwee Wierder gëtt nëmmen dann duerchgezunn, wann dës Wierder zesummegeschriwwe ginn, bei getrennte Wierder gëtt si net geschriwwen. Beispill:

kuttu ("zesummen-") + turai ("Gebitt"): kuttutturai oder kuttu turai ("gemeinsame Wirtschaftssekteur"); ni kuttut turai! Vergl. dogéint Tamil an ISO-Transliteratioun: கூட்டுத்துறை (kūṭṭuttuṟai), கூட்டுத் துறை (kūṭṭut tuṟai).

D'Geminatioun an de Wierder selwer ass heivunner net betraff.

Lemmata: Zesummeschreiwen a Weiderleedungen änneren

Als eenheetlech Linn fir d'Schreifweis vu Lemmata gëtt hei virgeschloen, tamilesch Komposita waméiglech an engem Wuert ze schreiwen: also besser "Tirukkural" wéi "Tiru Kural" oder "Tiru-Kural", asw. Doduerch ëmgeet een och de Problem vun der Geminatioun bei der Getrenntschreiweung. Sollt an der normaler angliséierter Transkriptiounsweis och déi getrennte Schreifweis am Gebrauch sinn (z. B. "Kumari Kandam" fir "Kumarikkandam"), gëtt ugeroden, Weiderleedungen op de Begrëff deen net getrennt ass, ze maachen.

Fir tamilesch Begrëffer gëtt et dacks vill ze vill Schreifvarianten, wat un de villen ongereegelten angliséierte Schreifweisen, der Existenz vun der ISO-Transliteratioun an net zulescht och un der tamilescher Orthographie selwer läit: doraus ergi sech vill Kombinatioune vu méigleche Schreifweisen. A verschiddene wëssenschaftleche Wierker zu tamileschen Themen ass bal d'Halschent vum Index voll mat Verweiser vun net standardiséierte Wuertformen, déi awer genee sou gebraucht ginn, wéi déi aner.

Beispiller:

Tirukkural: zu dësem Artikel soll ët och d'Verweislemmata Kural (Schreifweis ouni Honorifikum) souwéi Thirukkural, Thirukural an Tirukural (alternativ angliséiert Schreifweisen) ginn.
Kumarikkandam: Wikipedia-Benotzer wäerte secher och ënner Kumari Kandam sichen, suguer och ënner der friemer Form Kumarikhandam. Benotzer, déi vun der tamilescher oder vun der ISO-Transliteratiounsschrëft ausginn, wäerten och "Kumarikkantam" oder "Kumarik kantam" antippen.

Standardsën, déi benotzt ginn änneren

Als Transliteratiounsstandard fir dat Tamliescht gëllt d'wëssenschaftlech Ëmschrëft no ISO 15919: 2001 Madras University Transliteration Scheme for Tamil, déi a Südindien fir den Tamil Lexicon (1924-1939) entwéckelt gouf. Fir d'Transliteratuoun vum Symbol ஸ்ரீ, wat a villen Nimm a Begrëffer virkënnt, gouf, well et keng ISO-Alternativ gëtt, op den internationalen Transliteratiounsstandard vun der Universitéit Köln/IITS zréckgegraff: SRI a Majuskeln (net śrī, vgl. IPA!).

Well déi tamilesch Orthographie a verschiddene Fäll nach schwankt, wëlle mir op Tamil Lexicon hiweisen, deen och an der alphabetescher Reihefolleg an der Tabell uewe berécksichtegt gouf (inkl. ஸ்ரீ an க்ஷ).

Gebrauch vum net als Āytam, mä als Sekundärzeechen zu : D'Symbol ஃப், wat no ISO-Standard mat ḵp kéint transliteréiert ginn, a wat am neien Tamil fir de "Friemlaut" f benotzt gëtt, gouf vu ville Lexika iwwersinn, a gëtt hei als Variant no dem am Alphabet geschriwwen.

Wéinst de villen Dialekter gëtt ët fir dat Tamilescht nach keng standardméisseg fixéiert Aussproochrichtlinnen. Fir d'Afléisse vun dialektale Formen ze verhënneren, gouf hei als Aussproochstandard fir d'Transkriptioun d'centamiḻ-Aussprooch gewielt. Beispiller:

net „shilappadigaram“, mä „silappadigaram“ fir சிலப்பதிகாரம் (ISO cilappatikāram, Numm vun engem Epos);
net „shalai“, mä „salai“ fir சாலை (ISO cālai, „Hal, Sall“ < Sk. śālā).

Dës Aussprooch wierkt och heiandsdo pedantesch a geet géint den allgemenge Sproochgebrauch. Dofir soll an Eenzelfäll pragmatesch dëse Standard lénks leie gelooss ginn:

„guru“ amplaz „kuru“ fir குரு (ISO kuru, "Guru");
„duram“ amplaz „turam“ fir தூரம் (ISO tūram, "Distanz");
„chennappattanam“ amplaz „sennappattanam “ für சென்னப்பட்டணம் (ISO ceṉṉappaṭṭaṇam, voll Nummform vun "Chennai").