Dësen Droitsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mä ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkreete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen!

E Wierk fält an den Domaine public wann et net méi vun den Auteursrechter protegéiert gëtt. Et ass e Kompromëss tëscht dem net korporelle Propriétéitsrecht vum Auteur u sengem Wierk an den Intressie vun der Allgemengheet (d. h. dem Public - dohier och d'Bezeechnung Domaine public).

Genee geholl fale just d'Droits patrimoniaux no enger gewësser Zäit an den Domaine public an net d'Droits moraux. Bei enger Reproduktioun oder Representatioun vu Wierker am Domaine public muss een also ëmmer nach den Auteur nennen an et däerf ee sou e Wierk net an enger Aart a Weis veränneren oder aus dem Kontext rappen, ënner där d'Éier oder d'Reputatioun vum Auteur leide kéint.

No EU-Recht muss een nom Doud vum Auteur nach 70 Joer waarde bis datt deem Auteur säi Wierk net méi protegéiert ass. Dëse Prinzip kennt awer eng ganz Rëtsch méi oder manner grouss Ausnamen, an zwar am Fall vu Kollaboratiounswierker, audiovisuelle Wierker, anonymmen oder pseudonymme Wierker a posthume Wierker.

Et däerf een och net vergiessen, datt d'Recht normalerweis just territorial applizéiert gëtt a jee no de Länner, souguer EU-Memberstaaten, d'Reegelung vun den Auteursrechter an domat och dem Domaine public e bësse bis komplett anescht ka sinn. Wann international Elementer matspille kann et komplizéiert gi fir ze bestëmmen, wat fir en nationaalt Recht sech den Ëmstänn no, schlussendlech op e Wierk applizéiert.

De Prinzip: 70 Joer nom Doud vum Auteur änneren

Collaboratiounswierker änneren

Audiovisuell Wierker änneren

Anonym Wierker oder pseudonym Wierker änneren

Posthum Wierker änneren