Wikipedia:FAQ Participanten

Fir unzefänken änneren

F. Wisou sollt ech bei Wikipedia matmaachen? änneren

Ä. Et gi genuch Grënn, fir bei Wikipedia matzemaachen:
  • Well et Spaass mécht.
  • Well et einfach ass.
  • Well et engem d'Méiglechkeet bitt fir säi Wësse weider ze vermëttelen.
  • Well ee Leit aus de verschiddensten Domainer kenneléiert.
  • Well Dir aner Leit verbessere kënnt, ouni ëm Erlabnes ze froen ;-)

F. Gëtt et Reegelen, un déi ee sech hale muss? änneren

Ä. Jein. Et si keng Gesetzer an deem Sënn, mä et gëtt schonn eng Partie Richtlinnen, déi dir hei fannt.

F. Gëtt et eng Plaz, wou ech mol e bëssen testen kann, ouni eppes futti ze maachen? änneren

Ä.: Jo, all Är Tester kënnt Dir an der Sandkaul maachen.

F. Ech géif gären hëllefen, mä ech fäerten, Dommheeten ze soen. änneren

Ä. De gudde Wëlle spillt schonn eng grouss Roll. No enger Zäitche wäert Dir mierken, datt alles net sou schwéier ass, also zéckt net a sprangt an d'kaalt Waasser! Wann et guer net geet, kënnt Dir nach ëmmer gehollef kréien.

E Benotzerkont opmaachen änneren

F. Muss ech ee Benotzerkont hunn oder kann ech och anonym ënner enger IP-Adress schreiwen? änneren

Ä. Dir sidd häerzlech wëllkomm ënner ärem richtege Numm, engem Spëtznumm oder enger IP-Adress matzeschaffen!

F. Wat ass eigentlech e Benotzerkont a wat bréngt en? änneren

Ä. Kuckt Wikipedia:Benotzernumm fir all Renseignement iwwer Äre Benotzerkont.

F. Ech géif gäre mäi Benotzernumm änneren. änneren

Ä. Frot op w:en:Wikipedia:Changing username un.

F. Ech géif gären d'Attributioun fir eng Ännerung änneren? änneren

Ä. Dat ass méiglech! Dir kënnt dat op w:en:Wikipedia:Changing attribution for an edit ufroen.

Uleeën, Änneren a Läsche vu Säiten änneren

F. Wéi maachen ech e ganz neien Artikel op? änneren

Ä. Ier Dir en neien Artikel ufänkt, verifiéiert fir d'éischt mat der Volltextsich, datt et net schonn en Artikel zu deem Theema ënner engem aneren Titel gëtt. Wann et nach keen Artikel gëtt, da kuckt Iech Wikipedia:Neien Artikel schreiwen un a fuert dann duer mat Schreiwen.

F. Wéi änneren ech en Artikel? änneren

Ä. All Artikel huet uewen op der Säit e Reider "Quelltext Änneren". Klickt dorop an da kommt Dir an den Editéier-Modus. Korrigéiert oder komplettéiert den Artikel a klickt dann op e Knäppche mat der Schrëft "Ännerunge publizéieren". A schonn ass den Artikel geännert.
Et gëtt am Editéier-Modus och nach e Knäppchen "Kucken ouni ofzespäicheren", deen Iech et erlaabt eng Virschau vum geännerten Artikel ze gesinn, sou datt Dir eventuell Presentatiounsproblemer nach behiewe kënnt ouni den Artikel all Kéier tëschenzespäicheren. De Knäppchen "Ännerunge weisen" hieft all Är Ännerungen ervir, sou datt Dir nach virum Späichere kontrolléiere kënnt, ob der z. B. net onabsichtlech e Paragraph geläscht hutt.
Weider Erklärungen dozou, notamment iwwer d'Wiki-Befeeler fir Titelen a Linken an en Artikel ze setzen, fannt der op Wéi änneren ech en Artikel.

F. Wéi änneren ech den Titel vun engem Artikel? Z. B. den Artikel „D'Egyptologie“ sollt éischter „Egyptologie“ heeschen. änneren

Ä. Gitt op d'Säit, wou Dir den Titel ännere wëllt, a klickt op "Réckelen" (uewen am Menü). En einfache Copy/Paste op en neien Artikel soll net onbedéngt gemaach ginn, well dobäi den Historique verluer geet. Eng méi ausféierlech Erklärung zu deem Theema fannt der op Hëllef:Wéi réckelen ech eng Säit.

F. Wéi kann ech rezent Ännerungen bei enger Säit verfollegen, ouni all Kéier mussen op d'Säit ze goen? änneren

Ä. Gitt op d'Säit a klickt op de Stärchen uewe riets fir d'Säit op Är Iwwerwaachungslëscht ze setzen. Lo braucht Dir nëmmen nach an Är Iwwerwaachungslëscht kucken ze goen.

F. Wat geschitt, wann zwou oder méi Persounen zur selwechter Zäit um selwechten Artikel schaffe wëllen? änneren

Ä. Nëmmen déi éischt Persoun kann hir Ännerunge späicheren. Déi aner kréien e "Versiounskonflikt"-Message ugewisen a kënnen hir Ännerunge bei déi neiste Versioun dobäisetzen.

F. Wéi kann ech eng Säit läschen? änneren

Ä1. Dëst soll mat vill Virsiicht geschéien, virun allem, wann Dir net den Auteur vun der Säit sidd oder wa vill Leit dru geschafft hunn. Mä eigentlech kann Iech keen ophalen, wann dir carrement den Text vun der Säit läscht.
Ä2. Meeschtens kann eng Säit, amplaz se ze läschen, als Viruleedung op eng méi pertinent Säit fungéieren. Wann zum Beispill een e gudden Artikel ënner „Mayrisch“ geschriwwen huet, wier et méi logesch, dat bei Émile Mayrisch ze schreiwen an dann eng Viruleedung ze setzen. Vergiesst nämlech net, datt op déi Säit, déi Dir läscht, och aner Säite linke kënnen; Linken, déi dee Moment natierlech net méi funktionéieren.
Ä3. Fir eng Säit definitiv ze läsche musst Dir Administrateur-Rechter hunn.

F. Wéi kann ech eng Säit änneren, op där schonn eng Viruleedung besteet? änneren

Ä. Loosst iech redirigéieren. Uewen op der Säit fannt dir e Message: "(Virugeleet vu(n) xyz)", woubäi "xyz" e Link ass. Klickt op dëse Link an Dir kënnt d'Säit "xyz" änneren.

F. Wat ass eng Spezialsäit? änneren

Ä. Et ginn eng Rei Spezialsäiten, zum Beispill Rezent Ännerungen. Dës Säite gi vum System generéiert a kënnen net vun de Benotzer geännert ginn.

Biller op Wikipedia benotzen änneren

F. Wéi kréien ech e Bild op meng Säit? änneren

Ä. Vergewëssert Iech als éischt, datt dir d'GNU Free Documentation License respektéiert. Gitt dann op d'Spezialsäit Eroplueden (dee Link steet och op all Säit an Ärer Geschierkëscht, virausgesat Dir hutt Iech ageloggt).
Technesch a juristesch Detailer fir Biller erozelueden gitt Dir bei Wikipedia:Biller gewuer.

F. Wéi kann ech op e Bild linken, ouni et unzeweisen? änneren

Ä. Et gi verschidde Syntaxen:
  • [[Fichier:truc.jpg]] weist d'Bild selwer un.
  • [[:Image:truc.jpg]] setzt e Link op d'Beschreiwungssäit vum Bild (nëtzlech op den Diskussiounssäiten).
  • [[Media:truc.jpg]] setzt e Link op d'Bild.

F. Meng Biller sinn ze grouss fir d'Säit. änneren

 
Beispill
Ä1. Wann d'Bild och an enger méi klenger Versioun gutt ausgesäit, kënnt Dir et op Ärem Computer mat engem entspriechende Programm (Photoshop, PaintShop, asw.) an déi richteg Form bréngen.
Ä2. Soll d'Bild an enger grousser Versioun op Wikipedia ze fanne sinn, benotzt follgend Syntax fir e Minitaturbild (Thumbnail) ze kreéieren:
[[Fichier:Numm_Bild.jpg|thumbnail|Gréisst|Beschreiwung]].

Auteursrechter a Copyright änneren

F. Ech hunn eng interessant Source vun Donnéeë fonnt, mä ech weess net, ob ech dat a mäin Artikel kopéieren dierf. änneren

Ä. Wikipedia gëtt ënner der GFDL- an der CC-BY-SA-Lizenz publizéiert. Am Resumé, à moins Är Donnéeë stamen (1) aus dem Domaine public (d. h. kee kann Auteursrechter reklaméieren) oder sinn och (2) ënner der GFDL- oder der CC-Lizenz publizéiert, ass et besser, d'Donnéeën net ze kopéieren.
Beim klengsten Zweiwel ass et besser, fir d'éischt ze froen.

F. De Contenu vu Wikipedia, ass dee "fräi" (am Sënn vun Free content)? änneren

Ä. Den Text-Contenu vu Wikipedia steet ënner der Creative Commons BY-SA 3.0 Unported Lizenz an, wann net aneschters uginn, aus Kompatibilitéitsgrënn och nach ëmmer ënner der GNU Free Documentation License. Déi eenzel Biller, Toun- oder Videodokumenter, déi an d'Wikipedia agebonne sinn, kënnen ënner Ëmstänn ënner enger anerer fräier Lizenz stoen, a ganz speziellen Ausnamefäll kéint een och op eng onfräi a just op der Wikipedia erlaabt Lizenz stoussen, wat een ëmmer nokucke kann, andeems een op d'Bild oder d'Dokument klickt an d'Lizenzbestëmmungen noliest.

F. Ech kann d'Autorisatioun kréie fir divers Dokumenter op Wikipedia ze benotzen. Geet dat duer? änneren

Ä. Äert Dokument muss dee Moment och ënner der CC-BY-SA 3.0 a wa méiglech och der GFDL kënne publizéiert ginn. Frot dat wgl. no.

F. Duerf een op Wikipedia Wuert fir Wuert Gesetzestexter oder aneres kopéieren? änneren

Ä. Jo, Zitater sinn erlaabt, mä si mussen tëscht Gänseféisercher stoen an Dir musst d'Originalsource uginn.

Verschiddenes änneren

F. Ech hunn en Artikel ugefaangen, mä si mat mengem Latäin um Enn. Wéi kréien ech anerer dozou, den Artikel ze completéieren? änneren

Ä. Wann Dir am Artikel de Standardmessage {{Skizz}} virun den Text setzt, da kënnt Ären Artikel an d'Lëscht vun de Skizze stoen an iwwert dem Inhalt vum Artikel gëtt dëse Message ugewisen:
  Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Dir kënnt och méi eng spezifesch Versioun vun der Skizze-Schabloun wielen (kuckt Kategorie:Schablounen:Skizzen fir all d'Méiglechkeeten), z. B. {{SkizzBio}} fir dee follgende Message ze kréien:

  Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.