Dës Säit ass nach am Opbau. Wann Dir de Billertutorial komplett gelies hutt an alle Linken zum Theema Biller nogaange sidd an duerno awer nach Froen hutt, da schreift se wgl. hei drënner bäi, si ginn da sou séier wéi méiglech vun der Communautéit beäntwert.

F. Wat ass eng Billerlizenz? änneren

Ä. Eng Billerlizenz ass eng Erlabnes fir e Bild ënner de Konditioune vun där Lizenz kënnen ze reproduzéieren oder ze veränneren etc. An anere Wierder bestëmmt also den Auteur mat der Lizenz, déi e sengem Bild gëtt, wat mat sengem Bild gemaach däerf ginn an ënner wéi enge Konditiounen. Wa keng Lizenz fir e Bild besteet, dann däerf keen dat Bild gebrauchen, well op Biller ginn et normalerweis Auteursrechter, déi all Gebrauch ausschléissen, deen net ausdrécklech vum Auteur erlaabt gouf. Eréischt 70 Joer nom Doud vum Auteur verfalen am Prinzip d'Auteursrechter nom lëtzebuergesche Recht a jiddereen däerf sou Biller da fräi benotzen.

F. D'Bild ass vu mir, brauch ech trotzdeem eng Lizenz? änneren

Ä. Dir braucht keng, mä d'Wikipedia brauch eng, déi Dir der Wikipedia musst ginn. Dir musst also beim Eropluede vun eegene Biller eng konkret Lizenz aus der Lëscht vun deenen, déi hei erlaabt sinn, erauswielen. Passt och op, datt bei Äre Biller net d'Rechter vun Drëtte betraff sinn, z. B. wann dorop Persounen oder Konschtwierker sinn.

F. Wéi eng Lizenze sinn op der lëtzebuergescher Wikipedia erlaabt? änneren

Ä. Et gëtt recommandéiert just ganz fräi Lizenzen ze benotzen. Déi gängegst Lizenze fir eege Biller sinn deemno déi Fräi Lizenz, d'GFDL oder d'Creative Commons 3.0 Lëtzebuerg Lizenz. Eng komplett Lëscht (mat enge sëllege Spezialfäll) fënnt een hei.

F. Däerf ech e Bild aus enger anerer Wikipedia benotzen? änneren

Ä. Am Prinzip jo, virausgesat d'Bild huet eng Lizenz, déi och op der lb-wiki erlaabt ass. Dir musst dann als Source déi aner Wikipedia uginn, den Auteur ernimmen an déi vum Auteur erausgesichte Lizenz dobäisetzen (cf. eis Lëscht mat Lizenzschablounen). Wann awer dat gewënschte Bild an déi aner Wikipedia iwwer d'Wikimedia Commons agebonnen ass, da braucht der et net extra op déi lëtzebuergesch Wikipedia eropzelueden, well dann ass et ënner demselwechten Dateinumm automatesch op all Wikipedia disponibel a kann hei direkt agebonne ginn.

F. Wat maache bei Biller, op deene Persounen z'erkenne sinn? änneren

Ä. Fir Biller ze verëffentlechen, op deene Persounen z'identifizéiere sinn, brauch ee grondsätzlech d'Autorisatioun vun deene Persounen, mat Ausnam vu Biller vu Persounen op ëffentleche Versammlunge bei ëffentlechen Handlungen.

F. Wat maache bei Biller vu Konschtwierker? änneren

Ä. Fir Biller vu Konschtwierker ze verëffentlechen, brauch ee grondsätzlech d'Autorisatioun vum Moler, Sculpteur etc. vun deem Konschtwierk. An Ausnamefäll ka sech op eis Konscht-Architektur Lizenz beruff ginn.

F. Kann ech eng Lizenz zréckhuelen? änneren

Ä. Neen. Duerch d'Verëffentlechung vun engem eegene Bild ënner enger erlaabter Lizenz gëtt een d'Recht op, dës nodréiglech nees zréckzehuelen. Dofir kann een och net verlaangen, datt selwer eropgeluede Biller geläscht solle ginn. Ëmgedréint kann een och net verlaangen, datt d'Wikipedia Biller hale muss - aus deene verschiddenste Grënn kënne Biller zu all Moment vun engem Sysop geläscht ginn. Et kann een awer bei eegene Biller ëmmer eng bestëmmte Lizenz duerch eng manner restriktiv (déi also méi erlaabt) ersetzen.

F. Wat kann ech maachen, wann en anere meng Biller ouni meng Erlabnes op d'Wikipedia eropgelueden huet? änneren

Ä. Schreift är Doléance op d'Diskussiounssäit vun deene betraffene Biller, wa méiglech mat kloren Indicatiounen, firwat ärer Meenung no dat Eroplueden net an der Rei war. E Sysop wäert sech da beméien, sech där Affär sou séier wéi méiglech unzehuelen, an déi betraffe Biller direkt läschen, wann Dir Recht hutt.

F. xxxx? änneren