Wikipedia:FAQ Administratioun
F. Wie bestëmmt d'Reegelen ?Änneren
- E. Liest heizou den Artikel iwwer d'Reegelen.
F. Wat ass en Administrateur ? Wat ass e Sysop ?Änneren
- E. Dës zwéin Nimm bedeiten eigentlech dat selwecht. En Administrateur oder Sysop ass einfach e Wikipedianer, deen e puer Funktioune méi zur Verfügung huet wéi en normale User, zum Beispill Säite läschen, protegéieren, IP Adresse spären.
F. Wéi gëtt een Administrator ?Änneren
- E.: Liest dozou den Artikel Wikipedia:Administrateuren.
F. Wien iwwerwaacht d'Administrateuren ?Änneren
- E. D'Administratoren iwwerwaache sech géigesäiteg. All Administrateur ka quasi alles réckgängeg maachen, wat en aneren Administrateur gemaach huet. An extreeme Fäll kann och nach ëmmer e Steward oder den Jimbo Wales kontaktéiert ginn.
F. Wat ass en Developeur ?Änneren
- E. Et gëtt zwou Zorte vun Developeur. Engersäits d'Entwéckler vun der Wikipedia-Software ([1]) an d'lokal Developeure vun den eenzelne Wikipediaen, déi méi Rechter wéi e Sysop hunn (z. B. d'Datebank spären).