Wikipedia:De Staminee/Archiv2011/Oktober-Dezember

Relevanzcritèren änneren

D'Diskussioun ee fir allemol eng Lëscht opzestellen, un där een d'Relvanz vun engem Artikel moosse kann, kënnt sporadesch bei eenzelen Artikelen op.

Ech hat probéiert, esou eng Lëscht opzestellen, fir se zur Diskussioun ze stellen, hu mech dann awer gefrot, ob mer net emol den Debat vun der Etapp virdru misste féieren, nämlech deen tëscht Inklusionisten an Exklusionisten, d.h. ob mer eng Limite setzen, wat eran dierf; oder grondsätzlech alles, wat formell engem Artikel entsprécht, zouloossen.

Deemno loosse mer emol diskutéieren:

Modell Inklusiv änneren

  • Et gëtt genuch Plaz; wat méi, wat besser - léiwer hei wéi guer net;
  • soss géif iwwer méi 'kleng' Sujeten näischt existéieren~;
  • Verhënnert Relevanzdiskussiounen.

Modell Exklusiv änneren

  • Critèrë si wichteg, fir eng gewëss Seriositéit sécherzestellen ("net egal ween oder egal wat");
  • Bitt objektiv 'Balisen'.

Eng aner Méiglechkeet wier, z.B. Lexika wéi de Luxemburger Lexikon oder Luxemburger Literaturlexikon ze analyséieren, wat do d'Relevanzcritère sinn, an déi mutatis mutandis als Riichtschnouer ze huelen...

--Zinneke 14:20, 23. Sep. 2011 (UTC)[äntweren]

Allgemeng: Nodeems de Les Meloures eis alleguer op eng pertinent Manéier, a mech perséinlech op eng impertinent Manéier, dropp higewisen huet un dëser Diskussioun deelzehuelen, muss ech fir d'éischt emol constatéieren dass hie selwer nach kee Pipcheswuert zu dem Thema "Relevanzcritèren" hei fale gelooss huet. Mee soit:
Zum Thema: Ech si fir de Modell Exclusiv, sinn awer der Meenung eng gewësse Flexibilitéit (oder Toleranz) zouzeloossen. Et solle Riichtlinne bestoen, awer keng strikt Reegelen, well et entstinn ëmmer erëm Situatiounen déi an engem Reegelwierk net virgesi kënne ginn. Den Diskussiounen gi mer domatt natierlech NET aus de Féiss. Dat kann awer och e Virdeel hunn: Mir hunn d'Méiglechkeet flexibel ze sinn a net stur op Reglementer brauchen opzepassen, déi ënner Ëmstänn scho laang net méi aktuell sinn, wat momentan bei de Nummkonventiounen vu Literaturtitelen de Fall ass. Et kint een déi auslännesch Wiki-Relevanzcritèren als Basis huelen, se awer op eis kleng Wiki upassen. Bestehend Lexika géif ech NET mutatis mutandis iwwerhuelen. (Dëst ass eng éischt Aproche mengersäits zum Thema. Ech si gär bereet nach weider konstruktiv mat ze diskutéieren, woubäi ech konstruktiv ënnersträichen). --Pecalux 06:21, 4. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]
A) @ ad Pecalux. Ech wollt bestëmmt keen op d'Féiss trëppelen. Entschëlleg mech w.e.g wann ech mech do soll schlecht ugeluecht hunn. Ech wollt just verhënneren datt nodeems zweemol op dës Diskussioun opmierksam gemaach gouf (eng Kéier vum Zinneke an eng Kéier vu mir), nach mat Läschproposen an Diskussiounen op der Läschsäit weidergefuer gëtt, éier mol hei eppes proposéiert gouf.
B) Datt ech selwer nach soss keng Meenung hei ofginn hunn, huet dräi Ursaachen: 1) ech hu selwer keng vun deene leschte Läschpropose lancéiert an hu mech net sou direkt concernéiert gefillt; 2) war ech de ganzen Zäit nach mat enger Hällewull aner Aarbechten op der Wiki beschäftegt déi mir (an och och anere Mataarbechter) méi wichteg waren wéi déi zwou Läschproposen. Ech hunn dofir awer déi heiten Diskussioun net verschlof an 3) wollt ech mol ofwaarden datt eventuell op Basis vun de Läschproposen hei emol éischt Balisen déi am Modell Exklusiv gefrot sinn, op den Dësch kéimen.
Fir dann och bei der Kostruktivitéit ze bleiwen leeën ech mol eng Ënnersäit un op där dës Diskussioun soll weidergefouert ginn fir datt de Staminee net soll iwwerlaascht ginn: Maacht dofir och w.e.g all nei Bemierkung w.e.g. op Dëser Säit. -- Les Meloures 08:28, 4. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]



Nummkonventioun fir Titelen änneren

Am Kader vun de Lemmaen vu Kaméidistécker vum Dicks ass elo e Widersproch mat follgender Reegel opgedaucht: http://lb.wikipedia.org/wiki/Wikipedia:Nummkonventiounen#Titel. --Christian Ries 16:36, 3. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]

Moien, ier dee Widersproch "opgetaucht" ass, war alles an der Rei. Vläit sollt deen, deen en aus dem Waasser gezunn huet, einfach nees "ënnertauchen"? --Zinneke 08:58, 4. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]
Gudde Mëtteg Zinneke. Wéi soll ech dat verstoen, nees ënnerdauchen? (Ech hat gemengt, deen Ëmgangstoun wier op der Lb-Wiki passé?) Wa virdrun alles an der Rei war, da war déi Diskussioun inkl. Léisungsfindung hei wuel sënnlos? Bestëmmt Titelen loosse sech nunmol net als Lemma vun Artikelen an der Originalschreifweis duerstellen, well se nëmmen als PNG kënne korrekt duergestallt ginn, z. B. Op der Juegd - Op der Juôcht - Op der Jûocht etc... Déi Schlussfolgerung, fir déi haiteg Schreifweis als Haaptlemma ze huelen, misst dann eventuell an de Reegele fir Nummkomnventiounen afléissen, wat meng konstruktiv Fro hei driwwer war. --Christian Ries 11:13, 4. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]

Schablounen änneren

Moien,

Virun zwéin Deeg hat d'Wiki e groussen Hänkert. Vun do un funktionnéiert d'Schabloun:MéiInfo net méi richteg. Op menger Bonotzersäit gesinn ech Benutzer stoen amplaz Benotzer. Huet soss nach een aner Problemer entdeckt. --Les Meloures 22:02, 6. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]

Remoien,
D'Schabloun gouf elo iwwerall ausgebaut an duerch {{MéiInfo 1}} ersat. Gläichzäiteg goufen d'Schablounen {{MéiInfo 2}} a {{MéiInfo 3}} ugeluecht fir déi puer rar Fäll ofzedecken, bei deenen op méi Artikele soll opmierksam gemaach ginn.
Aus dëser Schabloun gëtt e Redirect gemaach, wat virum Ausbau aus Kontrollgrënn net méiglech war, (wier méi einfach gewiescht) sou datt se och funktionnéiert wann en d'Eent net schreift.
Gläichtzäiteg gouf och d'Schabloun {{Haaptsäit}} déi aus de selwechte Grënn net méi funtionnéiert huet ëmgebaut.
Dat wier et da gewiescht. --Les Meloures 11:47, 8. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]

Merci Les Meloures, dat war vill Aarbecht fir e (warscheinlech minimen) informatesche Vertrëppeler bei Wikimedia,,, --Zinneke 10:08, 9. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]

Moien,

  • Benutzer iso Benotzer

Wann ech hei kucken, da si verdäitscht: Les Meloures, Zinneke, Robby, Cayambe, Christian Ries, Sultan Edijingo, Luxmaster051, Bjung, Laurent Mazouin, Jean Beurlet, Brun, Mulles49, Pepe an dunn hunn ech mol opgehalen. Aus Diskussioun gouf Diskussion an d'Anne.pannrucker ass souguer eng Benutzerin... --Jwh 07:31, 10. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]

Moien,
Et ass esou datt de ganze leschten Update dee gemaach gouf ferrem an d'Box gaange war. (Info vu commons-Adminnen déi ech zu Oochen krut). D'Problemer sinn net nëmme bei ons, mä bal op all Wiki. De Schabloune-Bobo koum och dovunner. D'Beschwéierungslëscht op Meta ass schonns zimmlech grouss. Loosse mer mol e bësselche waarden, a wann et an etlech Deeg net klappt kënne mer e Mataarbechter op der Meta kontaktéieren, fir op spezifesch Feeler bei ons opmierksam ze maachen. --Les Meloures 08:38, 10. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]

Commons Biller änneren

Moien,

Sollen/kënnen/dierfen Biller vu Commons eigentlech och bei eis kategoriséiert ginn? Gëtt et do Richtlinnen? --Jwh 11:01, 10. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]

I think that files on Commons should not be categorized here om lb-wiki because it is extra work. If all wikis categorized the files on Commons locally the same files would be categorized hundreds of times instead of just one time. And there are millions of files on Commons and if all those should be categorized here it would take years.
I think it is better to add a {{Commonscat|Category name on Commons}} Then users can click the link and see all the files on Commons instead.
If a category is missing on Commons just create it. --MGA73 11:19, 10. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]
Ech sinn och enger Meenung mam MGA73, dat wier duebel Aarbecht. Zemools, well no an no all fräi Biller, déi hei eropgeluede goufen, op Commons geplënnert ginn. Et ass natierlech kengem verbueden, och op Commons eng Hand unzepaken (besonnesch, wat Biller vu Lëtzebuerg betrëfft, déi do an Uertschafts- a soss Kategorië getässelt sollte ginn). Eng aner 'mise en valeur' kann duerch eng Gallerie an den Artikele gemaach ginn (wéi schonns hei an do geschitt). --Zinneke 18:05, 15. Nov. 2011 (UTC)[äntweren]

Nei Gemengeréit a Fusiounen änneren

Moien,

den 1. Januar 2012 ginn et eng Rëtsch nei Buergermeeschteren an 10 Gemenge manner.

Dat bedeit eng sëllechen Ännerungen, déi da gemaach musse ginn.

Ech hunn dofir emol eng Projetssäit ugeluecht, Wikipedia:WikiProjet Gemengen, fir eng besser Iwwersiicht, wat ze maachen ass, wat scho gemeet ass, asw.

--Zinneke 10:34, 26. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]

Terms of Use update änneren

I apologize that you are receiving this message in English. Please help translate it.

Hello,

The Wikimedia Foundation is discussing changes to its Terms of Use. The discussion can be found at Talk:Terms of use. Everyone is invited to join in. Because the new version of Terms of use is not in final form, we are not able to present official translations of it. Volunteers are welcome to translate it, as German volunteers have done at m:Terms of use/de, but we ask that you note at the top that the translation is unofficial and may become outdated as the English version is changed. The translation request can be found at m:Translation requests/WMF/Terms of Use 2 -- Maggie Dennis, Community Liaison 01:03, 27. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]

D'Gewënner vu Wiki Loves Monuments Belsch/Lëtzebuerg sti fest. änneren

Hei sinn d'Gewënner vum Fotconcours Wiki Lives Monuments Belsch a Lëtzebuerg 2011 (op Commons an engem méi grousse Format):

D'Präisser sinn de leschten Donneschdeg am Auditoire vum Koninklijk Instituut voor het Kunstpatrimonium/Institut royal du patrimoine artistique (KIK-IRPA) zu Bréissel verdeelt ginn.

Et war leider kee Gewënner aus Lëtzebuerg derbäi, mee et bleiwen nach genuch Monumenter fotgrafesch ze dokumentéieren; spéitstens d'nächst Joer bei der 2. Editioun vum Concours! Nach eng Kéier merci un all déi, déi matgemaach hunn!

--Zinneke 21:00, 14. Nov. 2011 (UTC)[äntweren]

Wiki Loves Monuments is over. On the 10th of November we had the prize giving ceremony in Brussels where the winning pictures were made public. The winning pictures can be found too on Commons:Commons:Wiki Loves Monuments 2011 in Belgium/Winners. There are also some pictures of the ceremony at: Commons:Category:Wiki Loves Monuments 2011 in Belgium: awards ceremony. It has resulted in total with 5801 pictures of monuments in Belgium and 246 of monuments in Luxembourg. But still a lot of pictures need to be taken to complete the monumentlists of Luxembourg (and Belgium), so please keep on taking pictures the coming months, and maybe perhaps seeing you next September participating in the contest of 2012. See you next year! :-) Romaine 08:20, 19. Nov. 2011 (UTC)[äntweren]

PS: It would be great of more monuments on the lists can get an article and it would be great if the winning pictures can each get an article too. Romaine 08:23, 19. Nov. 2011 (UTC)[äntweren]

Referenzen fir Gesetzestexter op Legilux änneren

Ëmmer nees ass et nëtzlech fir Linken op Reglement- oder Gesetzestexter vum Site http://www.legilux.public.lu an d'lb-Wikipedia anzebannen. Meeschtens gëtt dobäi de Link direkt op de PDF-Fichier gesat esou wéi hei an dësem Beispill: http://www.legilux.public.lu/leg/a/archives/2011/0240/a240.pdf#page=6 dat huet de Virdeel datt een direkt op där Säit ukënnt wou den entspriechenden Text ufänkt. Et huet awer och de groussen Nodeel datt wann dat entspriechent Gesetz oder Reglement ofgeruff (abrogée) oder ofgeännert gëtt een dat op där Säit net erkenne kann, well deen Text jo onverännert bleift. Wann een elo awer de Link op déi html Säit setzt wou de Resumé vum Text drasteet a mengem Beispill wier dat dëse Link: http://www.legilux.public.lu/leg/a/archives/2011/0240/index.html#2011A4028A da kënnt een op enger Säit eraus wou ee gesi ka wann den Text duerch een aneren ersat ass. respektiv duerch de Link 'Types des relations dans ce règlement' erausfanne kann wat fir eng Texter an deem Kontext nach vun Interessi si wéi zum Beispill d'Gesetz op dat d'Reglement baséiert genee esou wéi d'Documents parlementaires déi an der Chamber benotzt goufen wéi dat entspriechent Gesetz diskutéiert gouf.

An der Hoffnung datt dës Informatiounen dem Engen oder Aneren et erlabe besser mam Site vu Legilux eens ze ginn. --Robby 22:28, 27. Nov. 2011 (UTC)[äntweren]

Kapitel fir opzefëllen änneren

Bei verschiddenen Artikele feelt dat eent oder anert Kapitel. OP der franséischer Wiki gëtt et déi heite Schabloun. Wier et sënnvoll, déi hei ze hun (ech fanne schonns), a wa jo, kinnt een déi "iwwersetzen"? --Zinneke 15:27, 6. Dez. 2011 (UTC)[äntweren]

Dat mécht Sënn! --Sultan Edijingo 15:34, 6. Dez. 2011 (UTC)[äntweren]
Fir mech mécht se grad esou vill Sënn wéi déi heiten. (steet an 99 Artikelen) oder déi heiten (steet an 10 Artikelen). D'Schablounen u sech déngen net vill wa keen eppes mécht. Wie soll et och maachen, bei deene puer Mann déi matschaffen?
Du hues sécher Recht. Duerch Schablounen ass nach keen Artikel iwwerschafft. An dach weisen se dem Lieser, datt an deem Artikel nach villes feelt.--Sultan Edijingo 10:25, 7. Dez. 2011 (UTC)[äntweren]

Open Call for 2012 Wikimedia Fellowship Applicants änneren

 

I apologize that you are receiving this message in English. Please help translate it.

  • Do you want to help attract new contributors to Wikimedia projects?
  • Do you want to improve retention of our existing editors?
  • Do you want to strengthen our community by diversifying its base and increasing the overall number of excellent participants around the world?

The Wikimedia Foundation is seeking Community Fellows and project ideas for the Community Fellowship Program. A Fellowship is a temporary position at the Wikimedia Foundation in order to work on a specific project or set of projects. Submissions for 2012 are encouraged to focus on the theme of improving editor retention and increasing participation in Wikimedia projects. If interested, please submit a project idea or apply to be a fellow by January 15, 2012. Please visit https://meta.wikimedia.org/wiki/Wikimedia_Fellowships for more information.

Thanks!

--Siko Bouterse, Head of Community Fellowships, Wikimedia Foundation 02:53, 22. Dez. 2011 (UTC)[äntweren]

Distributed via Global message delivery. (Wrong page? Fix here.)