Wikipedia:De Staminee/Archiv2006/November

Wien hätt dat geduecht? änneren

" In Luxemburg leben ca. 2'500 Jenische als Minderheitenvolk ohne eigenen Status und mit verschiedenen Staatszugehörigkeiten. Bekanntester "jenischer Ort" Luxemburgs ist Weimerskirch, wo seit Generationen jenische Familien ihren Hauptwohnsitz haben." Am "Luxeburg"-Artikel an der däitschsproocheger Wikipedai ze fannen. --Cornischong 13:04, 2 November 2006 (UTC)

Géif méch nët sonnerlësch wonneren. Drei Famillie Membere hunn do iwwer zwanzeg Joer schoul gehaal. Wann daat da wouer ass kann ech nëmme soen dass et traureg ass dass Schoulpersonal sou eng informatiounen nët kritt déi gewësse Partikulariteite vu Weimerskirch erkläre geifen.--Caranorn 12:04, 3 November 2006 (UTC)

Kuckt och: Jéinesch Black Metall 12:20, 3 November 2006 (UTC)

de Uhu, de Eemer, de Tuerm, de Zuch, de Apel, de Hond, den Krop, den Kinnek, den Kaffi, den Wäin änneren

Esou schwätzt kee Mënsch wäit a breet. Ech hunn a leschter Zäit eng sëllechen Artikele fonnt, an deenen Dosene vun "Eifeler Reegel"-Vergewaltegungen ze fanne sinn. Wou ass de Problem? E bësse vereinfacht ass déi Reegel jo: Wanns de keen "n" schwätz, da schreif och keen! Neen, et ass net flott, fir all gudden Dag eng Stonn laang, ëmmer déi selwecht Feeler ze verbesseren. --Cornischong 01:33, 4 November 2006 (UTC)

Fir déi, déi en oppent A hu fir d'Lëtzebuergescht änneren

Am neien D'Lëtzebuerger Land ass en dräisäitegen (!!!!) Artikel vum Joseph Reisdoerfer iwwer d' "Grammaire de la langue luxembourgeoise" mam Titel Pour une étude scientifique de la langue luxembourgeoise. Et ass d'Land Nummer 44 vum leschte Freideg, dem 3. November, dat bis den nächste Freideg an de Butteker läit! --Cornischong 16:57, 6 November 2006 (UTC)

Artikelen iwwer d'Kierchen a Kapellen am Parverband Helpert änneren

An deene nächste Woche wäert do "e bësse méi" lass sinn. Wonner kee sech, wann do heiansdo e puer Schubkaren oder Zementsäck am Wee stinn. Herno gëtt alles nees geraumt. Merci fir d'Versteesdemech. --Cornischong 16:57, 6 November 2006 (UTC)

Sex and Crime änneren

Lëtzebuerg huet nom Saphir eng ganz nei "Boulevard"-Zäitschrëft. Weess een doriwwer méi? --Cornischong 18:59, 6 November 2006 (UTC)


Biller apdéiten änneren

Ech hun am Déngens vun der interner Diskussioun em den keeler/käler Wopen d'Bild datei ob Commons geännert [1]. An der Lëscht ob Commons get se och richteg dueregestallt, mee d'Bild get ob denen eenzelnen Projeten net geännert. Do ass ëmmer nach dei aal Versioun. Wees en un waat dat läit? Et ginn jo e puer Bugs an der Commons software, mee dat doten huet geigentlech nach emmer geklappt. Ech fannen dat zimmlech nerveg besonnech wann ech an Zukunft vielleicht nach dei eng oder aaner Ännerung bei aneren files machen. Amen Spanish Inquisition 09:52, 10 November 2006 (UTC)

(Wat elo kënnt ass MENG Meenung, a kengem anere seng!) Well et an de Commons a leschter Zäit Moud ginn ass, datt iergendee Klunni ouni ze verrrode firwat, einfachesou e Bild läscht, wäert ech mech schwéier hidden, hei e Bild mat de Commons ze verlinken. Beispiller hu mer genuch. Ech si gär mat d'accord, datt d'Iddi gutt ass fir eng Kollektivbillersammlung, mee d'Praxis ass och do eppes nieft de Schinnen. Dat ass schued, mee ech wëll net all gudden Dag hanner de Biller lafen, déi "op eemol" "verschwonne" sinn. Dat ass mäi (!!) Grond, fir mech vun de Commons ewechzehalen. An niewebäi gesot: Dem Spanish Inquisition seng Wope fannen ech aussergewéinlech schéin, besonnesch an de Faarwen. --Cornischong 10:52, 10 November 2006 (UTC)

Kierchekëscht änneren

Am Artikel Kierch Mamer stoussen d'Kierchekëscht an d'Foto "Vue op den Altor" aneneen. Huet nach een dee Problem? Wann dat sech net bessert mat de Kierchkëschten, schloen ech vir, mer loosse se falen. --Cornischong 22:00, 10 November 2006 (UTC)

Bei mär sinn d'Fotoe propper ënnert ëneen. Mee de Layout kann änneren, je no Gréisst an Definitioun vum Ecran, Skin, Default-Schrëftgréisst... --Zinneke 22:27, 10 November 2006 (UTC)

Dee Problem ass iwwerall op mat Këschten oder ouni wann d'Fotoen relativ grouss sinn a riets a lenks stinn a wann d'Verhältniss Text Foto schlecht ass (wéineg Textfläch/grouss Fotofläch). Lenks kann een am Fong nëmmen eng Foto setzen wann den Text bis ënner déi vu riets geet. Am Prinzip trëllt da keng an di aaner. Dann hu mer awer och nach de bekannte Problem vun de verschiddenen Opléisungen a Schirmgréissten, déi méi grouss oder méi kleng Zeilen uweisen. Doduerch gëtt et der an der Héicht méi oder manner an d'Foto verréckelt sech mat. D'Idealsituation fir de Moment ass wann se all riets bäistinn waat awer nët emmer ganz esthetesch wierkt. Les Meloures 22:32, 10 November 2006 (UTC)

De Problem bei de meeschte Kierchenartikelen ass leider deen, dass et 10 mol méi Biller wéi Text gëtt. Entweder et léisst een d'Biller an enger Ufanksphas nach éischter eraus, bis den Text do ass, oder (an ech wees do sinn e puer Leit keng Frënn dervunner) et setzt een se ënnert den Artikel an eng Gallerie, en attendant dass de an den Artikel kënnen agesat ginn (wat de Virdeel huet dass jiddferee gesäit "hei do ass awer schon eppes mee et ass nach net ausgeräift"). Hmm jo ech fannen d'Kierchekëscht selwer ass och nach ëmmer e bëssen ze bombastesch par rapport vum Artikel. Do hätt ech 2 Iddien: 1) an d'Tabell kommen nëmmen nach Vertikal Fotoen, fir dass d'Tabell net weider an d'Breed gedréckt gëtt an 2) d'Tabell selwer e bëssen "entbombastiséieren" (méi en douce Bord z.b. asw.) Mäi Pefferkäer. --βρισεισDisk 12:56, 12 November 2006 (UTC)

Tjo, "deemools" war dat nach esou (10 mol méi Biller wéi Text). Hautesdaags ginn 89% Prozent vun der Energie drop, fir Texter ze verbesseren, bei deene sech eng Abbberzuel vu Leit Méi ginn haten, se mat Feeler opzepompelen. Datt d'Këscht muedebëtzeg war (wäisse Säitebord lénks a riets vun der Këschtefoto) ass kloer ginn, nodeems de Robby se gëscht gefléckt huet! An e puer Joer, wann d'Feelerverbesserungsequipe (Equipe héiert sech gutt un; déi d'Feeler geschriwwen hate kréien d'Verbesserungen emol net mat) mat de Verbesserunge fäerdeg wäert sinn, an nees kann un Artikele geschriwwe ginn, wäert de Problem mat den "eidelen" Artikelen och nach geléist ginn. "d'Biller an enger Ufanksphas nach éischter eraus", dat leeft schonns eng Zäitchen. Et kéint natierlech och esou lafen, datt d'Verhältnes tëscht de Biller an dem Text genee hallef an hallef gëtt: kee Bild méi a keen Text. --Cornischong 13:20, 12 November 2006 (UTC)

Idee fir IRC-Ennerstetzung unzebidde änneren

Beim surfen op annere Wikipedia as mer opgefall daat dei meescht IRC ennerstetzung ubidden, ech fannen daat eng gudd saach, an ech haet kee problem fir den IRC ze leeden well ech et schons gemeet hun fir anner Saachen. Et keint ee froen op een Channel bei luxusbuerg agericht kriet mat der idee fir useren technech ennerstetzung a rotschlei ze gin.

Mir sinn eng kleng Wiki, déi schonns Schwieregkeeten huet fir iwwerhaapt Artikelen zesummenzekréien. Ech sinn net ganz begeeschter, fir elo e weidere "Projet" ze starten. Fir Diskussiounen ze féieren, hu mir Diskussiounssäiten, sief et déi vun den Artikelen oder vun de Benotzer a schliisslech och nach de Stamminet. Dofir gesinn ech kee richtege Grond fir elo en IRC anzeriichten. Mir sollen eis Energie an d'Artikele stiechen, amplaz ze tootzen. Mengt den Tomateus 15:30, 13 November 2006 (UTC).

"Beim surfen op annere Wikipedia as mer opgefall daat dei meescht IRC ennerstetzung ubidden": -Beim Liese vun deem Saz verstinn ech gutt, firwat déi Persoun léiwer schwätzt ewéi Artikele schreift. --Cornischong 17:09, 13 November 2006 (UTC)


"richteg" zemols well ech wirklech anner saachen ze din hun fir des texter durch den cortina ze joen, zemols well se jo net als artikel online gesaat gin mee als gespreich mee bon :) jiddere seng meenung an jiddere kann dann sei pefferkaer dozubeidroe fir eng konstruktiv kritik zu engem thema ze maan ! tip top

Ech sinn der Iddi net ofgeneigt, sou ass et net. Op der anerer Säit denken ech mer awer, mir hunn d'Hänn voll ze dinn fir iwwerhaapt d'Wikipedia selwer um Rullen ze halen, mir komme mol net derzou, Duechterprojeten och nëmmen op e Minimum auszebauen (wéi Wikisource asw.) an dofir denken ech einfach datt am Moment weder Zäit nach Leit do sinn, fir och nach en IRC z'administréieren, obschonns een natierlech muss soen, datt de #Luxusbuerg immens bekannt ass. --βρισεισDisk 23:34, 15 November 2006 (UTC)

Wann ee kuckt weiviel Visiten den Luxusbuerg pro Daag kriet as et net nemmen eng gudd Reklamm fir Saachen nozekucke op wiki.lu mee an engems ee Wee fir nei Auteuren ze kreie mat relativ weineg Opwand, vu que daat een sech jo net mei wei 10 permanent useren z'erwaarden.

Du wees awer och genausougudd wéi ech, wat fir Haulien um Luxusbuerg deelweis ronderëmgeeschteren :) --βρισεισDisk 04:54, 18 November 2006 (UTC)


Jo mee ech wees mee du hues der net viel an den subchannels wei zB eens mee bon et as eben fir souwuel support als och als reklamm ze gesin. D'Idee u sëch fannen ech och net schlecht. Mä wéi scho gesot gouf: et feelt eis u Léit an un Zäit. D'Haaptenergie soll wierklech emol doranner laien fir nei, flott, gudd a richteg geschriwwen Artikelen ze kréien. Luxusbuerg ass bekannt, mä wéi d'Briséis och richteg bemierkt huet, villeicht net onbedéngt déi Klientel (wuel verstanen net all) déi ee sëch net giff wënschen. --Alexandra 07:30, 18 November 2006 (UTC)

Et wier secherlech eng Idee dei emgesaat kéint gin. Ech sin selwer Admin (#movies) an Operator (#fun an #eens) um Luxusbuerg an wees waat su intern oofleeft. Waat ech kann soen ass dass Luxusbuerg am moment probéiert den schlechte Ruff lasszegin an mei streng mat solche Leid ze sin. Eis IRCOps wiere bestemmt net oofgenéigt een #wikipedia anzeriiten wann en richtegen Interesse do ass. mee daat musst dir natierlech ennert ierch ausmaachen ;) Sulfura 16:13, 3 Juli 2007 (UTC)

Ech maachen elo schonn de Prabbeli op. Wat as aus "Desem User eng Fro stelle" ginn? Macht mer ee Gefalen an erschlot mech elo net ganz. Ech weess ech si scho ganz laang net méi hei gewiescht (falsch geschriwwen, oder?). Mee ech komme vun Zäit zu Zäit kucken. 83.99.71.32 00:37, 19 November 2006 Sorry, hat mech net ageloggt. Myriam 00:39, 19 November 2006 (UTC)

"Desem User eng Fro stelle": - Dat misst Wikipedia:Ech hunn eng Fro sinn. Do huet sech an de leschte 35 Joer näischt g^ännert. --Cornischong 00:45, 19 November 2006 (UTC)

Gudde Moien. Wat ass dann aus "Dëse Usere Moie soe" ginn? --Den Tedektif 01:09, 19 November 2006 (UTC)

Embassy änneren

Is there an embassy page on WP:lb ? Robin des Bois ♘ 11:39, 18 November 2006 (UTC)

Non Les Meloures 12:54, 18 November 2006 (UTC)


Wie gehéiert an eng Enzyklopedie a wien net ? änneren

Vun der Talk:Marco Wehles-Säit eriwwergeplënnert fir hei driwwer kënnen ze diskutéieren:

A wat huet dee Mann Extraes gemaach, dass en hei stoe soll? Oder ass Paschtouer sinn hautesdaags Leeschtung genuch, fir an eng Encyclopedie ze kommen? freet sech de --Zinneke 16:25, 23 November 2006 (UTC)

Dat ass eng quokeleg Fro. Mer hunn Artikelen iwwer Leit, déi een oder e puer Bicher geschriwwen hunn, a vu Beruff Professer (Studienrat) sinn, iwwer anerer, déi an hirer Fräizäit molen, an eng Ausstellung an hirem Heemechtsduref haten, Leit, déi Buergermeeschter vun Iergendwou waren an eng Wal iwwerlieft hunn, Leit, déi an der Chamber an der drëtter Rei eng Legislaturperiod iwwerschlof hunn, Leit, déi zwee Joer op der Bullisakademie mat Plastillin geschafft hunn, an duerno aus dräi Bounestaangen an engem Gaardestull eng "Skulptur" geschafen hunn an hei am Land weltberühmt goufen; Leit, déi dräimol an e Saxophon geblosen hunn an deeër nach. Mer hunn e puer Artikelen iwwer Fouballclibb; dee leschten Artikel iwwer e Foussballclub geet net iwwer een, deen an der Nationaldivisioun spillt, mee den Artikel ass "mat Léift gemaach". Kommt mer verleeën dës Diskussioun vläicht besser op de Stamminet, do kritt se méi e grousse Forum. --Cornischong 17:19, 23 November 2006 (UTC)

Ech hun net genug Gedold, net genug Zäit, an net genug Tënt a menger Füllfieder fir hei welle matzeschwätzen wann et em de Prinzip geet waat als enzyklopedesch op der lb:Wiki soll betruecht ginn.
Just eng kleng Explicatioun zum ugefaangenen Artikel Marco Wehles:
1. Den Artikel ass ugefaange ginn well e User eng Wiki drop gesat hat (wat net ville Leit opgefall war, soss hätten se de Wiki kënnen erëm ewechmachen an den Artikel wier och net méi gewënscht gewiescht).
2. Wa gemengt gëtt den Artikel wier net enzyklopesch gëtt et jo d'Meiglechkeet fir een Iwwerschaffen oder Läschen driwwer ze setzen.
3. Vläicht huet dee User deen de Wiki drop gemaach huet, och welles den Artikel auszebauen. Eng Nofro beim Marco Wehles géif och vläicht eppes brengen. Ech zweiwelen allerdéngs drun datt een dat mecht well an deene puer Méint Erfahrung op lb: Wiki hunn ech eraus fonnt dass telefonéieren a froen deene meeschte Leit net sou richteg läit, oder datt den Telefon ze deier ass.

Les Meloures 18:05, 23 November 2006 (UTC)


Naja an ech fanne an eng Wikipedia sollt ee nemme Leit brenge dei eppes geleescht hun. Voila lo stellt sech Fro waat as eppes leeschte? Well mer ze Lëtzebuerg sin an sollt een effektiv och klenge Kenschtler dozuziele an hinnen domadden och eng gratis Publiziteit gin, mee ganz oneegen netzeg as et lo awer net well fir wikipedia bedait daat mei geklickt get an ee dodurch méi Auteuren kriet dei hellefe an zwar och un annere Artikele.

glucius 23 November 2006 Owes um 19:50

... ech fanne an eng Wikipedia sollt ee nemme Leit brenge dei eppes geleescht hun Glucius dixit. Wann dat esou richteg ass, da si mer hei der Meenung dass den Adolf Hitler, den Osama Bin Laden an nach eng Rëtsch anerer eppes geleescht hunn, well soss géifen se hei net ernimmt ginn. Vläicht musse mer déi da läschen? --Pecalux 13:35, 24 November 2006 (UTC)

An ech fannen, datt eng Äntwert op déi Fro an der Iwwerschrëft fälleg wäer. Et geet ëm eppes ganz Konkreetes: Solle Paschtéier e Lemma an der lb-Wikipedia kréie kënnen oder net? Ka keen oder wëll keen dorops eng Äntwert ginn? --Den Tedektif 13:52, 24 November 2006 (UTC)

Dat schéngt net sou einfach ze sinn. Souguer den Den Tedektif huet keng. Kann hie net oder wëllt hie net. --Pecalux 15:21, 24 November 2006 (UTC)
"Kann hie net oder wëllt hie net." : Pecalux, iers de weiderfiers mat Stëppelen; léier deng "Eifeler-Reegel", well anscheinend hues du se nach ëmmer net bekäppt. Kanns de net oder wëlls de net? A vergiess net: Hanner e Frosaz kënnt e Fragezeichen. E gudde Rot vun dengem Konselljee, dem --Den Tedektif 22:46, 24 November 2006 (UTC)
Iergendwéi hun dne Hitler an de Bin Laden eppes gelelescht, och wann daat aus hauteger Siicht net als gudd bezeechnet gett. Wei wier et da wa mer eng Definitioun dorzou géinge ginn , z.B. Eng Persoun déi duerch seng Aktiounen am Land oder op der Welt en Androck hannerlooss huet. Androck hannerloossen ass vläit net dee gudden Ausdrock, mee ech fannen sou direkt keng aaner Bezeechnung. Op fransísch gíng ech soen Chaque personne qui de par ses actions a marqué le pays/le monde. Des Définitioun ass generell gehaalen a gehäit domater Leit eraus dì näischt geleescht hun. --Jangli 14:13, 24 November 2006 (UTC)
Also ech gesinn kee Problem domatt dass Paschteier hei eng Biographie kréien. Mee se mussen halt vu Bedeitung sinn wéi all aaneren. Soss huele mer gleich de Mariekallenner a kopéieren all'd Staatsbeamten heihinner. Et gëtt e puer (lieweg, natierlech aawer och doudeger) Pastéier déi sécher wichteg genuch sinn, déi meescht sinn awer nët aanescht wéi iergend een Beamten.--Caranorn 14:40, 24 November 2006 (UTC)
Sécher hu Paschtéier och eng Plaz an der Wiki zegutt, awer net well se Paschtouer sinn. --Pecalux 15:21, 24 November 2006 (UTC)

Dann nach eng Kéeir vu vir unn

Vläicht huet dee User deen de Wiki drop gemaach huet, och welles den Artikel auszebauen. Sou stoung uewen bei mengen Explicatiounen.

Dat war eng Méiglechkeet déi hei an der Diskussioun opgelooss gi war.

Vläicht huet dee Mann wéi hei sou schei gesoot gëtt tatsechlech eppes geleescht just datt et nach net am Artikel steet. Leider ass dee User deen de Link dropgesaat huet net bekannt. Do läit d'Kromm an der Heck. Mä wann ech dervun ausginn datt deen dat gemeet huet fir de Lemma vum Artikel ze hunn, an och wollt schreiwen da kann ech mer schwéier virstellen datt deen, wann en alles hei liest nach Loscht huet fir weider ze fueren. An domet war alt schonns eëm een Artikel doudgemaach ginn éiert en iwwerhaapt ëmol e bësselche Liewen hat. Et ass och leider net deen éischten. Les Meloures 15:37, 24 November 2006 (UTC)

Fir et kuerz ze maache sinn ech der Meenung, datt eng Persoun déi am "ëffentleche Liewe" steet eng Plaz an der Wiki verdéngt huet. Wat elo ëffentlecht Liewen ass, kann een diskutéieren. Ech giff do awer d'Paschtéier derzou zielen. --Tomateus 16:05, 24 November 2006 (UTC)

Et geet jo nët drëm, dass ee keen Artikel zegutt hätt, well e Paschtouer ass; et geet drëm, dass dat zimmlech glungen ausgesäit, en Artikel ze hunn, an deem soss näischt steet, ewéi engem säin Numm a seng Fonctioun/säi Beruff. Dofir brauche mer keng Enzyklopedie, do hu mer schonns d'Tëlefonsbuch. Wann nach eppes nokënnt, dat erkläert, wat dee Mann opweises huet oder wouduecher e bekannt ass, dass en dowéinst enzyklopedesch der Nowelt erhale soll sinn, dann ass d'Fro souwisou vum selwe beäntwert.
Fir um Cornischong seng Fro an der Iwwerschrëft z'äntweren: Jiddereen, vun deem ee mengt, datt een deen Numm kinnt nosichen, well en eppes iwwert oder vun deem gelies huet, gesinn oder héieren huet, dat och fir aner Onbedeelegter vun Intrssi ass, oder zB well en an enger Strooss wunnt, déi derno benannt ass... --Zinneke 17:05, 24 November 2006 (UTC)
Ech deelen dem Glucius seng Meenung mat dem "leeschten" bzw. en "Androck" hannerlooss. Dat kann och en Androck a Fachkreesser sinn (de berühmte Biolog sou an sou ass villäicht dem Moler kee Begrëff an ëmgedréint, mee an "hirem Domaine" sinn si awer bekannt). An en Androck ka wéi scho gesot positiv oder negativ sinn, mee et si Leit denen hiren Numm ee behalen huet. --βρισεισDisk 02:18, 28 November 2006 (UTC)

Eis Schreifweis an hir feindlech Ennemien änneren

A leschter Zäit gëtt hei an der Wikipedia (iwwer den Daum) eng 70 % Prozent vun der Energie domat verbraucht, Schreifweisfeeler ze verbesseren. An dat sécher net vun deenen, déi se gemaach hunn! Ech fannen dat net "normal". Well mer anscheinend d'Wiel hunn, Artikele mat dosene Feeler einfach stoen ze loossen oder zu e puer eis Zäit ze verbëtzen, anerer hir Honnerte Schreiffeeler ze verbesseren, schloen ech vir, bei Artikelen mat iwwerméisseg Feeler, den Artikel ze läschen! E gesi keng aner Léisung, well e gudden Deel vun deenen, déi all Dag (!!) Stonnen drun hänken, deenen, déi Wikipedia:Eis Schreifweis net liese wëllen, oder näischt bekäppe kënnen, hir "Kéipercher" ewechzeraumen. Et geet elo duer. D'Mentalitéit "schreif egal wat, déi aner Idiote kënnen et jo verbesseren" misst esou lues en Enn fannen, mengt de --Cornischong 11:52, 24 November 2006 (UTC)

Okay, an Zukunft wann ech sachlesch Fehler héi fannen verbesseren ech ob englesch. Daat lait mier besser. Wann der mein, an aanere Lait hier'd Lëtzebuergesch nët passt kënne mer jo kucken wéi dein Englesch, Fransëisch oder Däitsch ass. Iwwregens ginn och ob deenen aanere wikipedia Säite reegelmeeseg Fehler vun aanere verbessert. D'Lëtzebuergesch féiert natierlech zou méi Problemer well et bis viru kuerzem eigentlech keng geschriwwe Sproch war. Ech hu schons welles nach zousäetlesch Sprochen schréiwen ze léieren, mee do as d'Lëtzebuergesch wait hannert Spuenesch, Italieenesch, Latein, Chineesesch an Japanesch a menge prioritaiten. An eierleg gesoot fäerten ech nët dass ech esou lang liewe wäert fier déi all ze léieren.
Ee vun deenen deen an der Schoul meeschtens Daitsch an de Lëtzebuergesch Koure geléiert huet.--Caranorn 12:29, 24 November 2006 (UTC)
Ech hätt méi eng intelligent Äntwert erwaart. Ech hat an der Schoul iwwerhaapt kee Lëtzebuergesch gemaach. Et geet hei net drëm ob eppes mär net "passt"! Deng Abildung a punkto Sproochen (...kënne mer jo kucken wéi dein ..) schéngt méi grouss ze sinn ewéi deng Ausbildung. Well s de hei Feeler "ob englesch" léiwer wéi "op Englesch" verbessers, weist, datt s de och am Däitschen nieft de Schinne fiers. Vill Spaass nach an denge "Spuenesch, Italieenesch, Latein, Chineesesch a Japanesch"- "Schréiw"-Coursen, wënscht de --Cornischong 13:16, 24 November 2006 (UTC)
De Caranorn schengt ze vergiessen datt et sech hei just em Lëtzebuergesch dréint, an net em aner Sproochen. Et dréint sech och net em sachlech Feeler, mä em Schreifweisfeeler. Dat hat de Cornischong awer kloer gesot. A fir d'lb: Wiki ass et guer net wichteg wéivill aaner Sproochen ee schwätze kann, soulang wéi ee Feeler op lëtzebuergesch schreift. Et géif och nach vläicht ee sech wonnere wéi gutt datt deem engen oder anere säin Englesch, Däitsch, oder Franséisch ass. Do wir ee Rendez-vous beim Diktat op de Walfer Biecherdeeg ee gudden Test. Den Challenge ass op. Les Meloures 12:52, 24 November 2006 (UTC)
Et hu scho munnech nei Useren bei hirer Umeldung gesot dass si kee proppert Lëtzebuergesch kinnte schreiwen an dovir Bedenken hätten. All Kéier hunn déijeeneg da gesot kritt dat wäer nëmmen hallef esou schlëmm, si sollte roueg mol Artikele schreiwe well et wieren der genuch do, déi duerno mam Torschong géngen opbotzen. Ech stelle fest dass dat elo net méi wouer ass. Hei ass et wéi an der Sonndesmass: De Paschtouer um Priedegtstull vernennt och nëmmen déi, déi nach an d'Kierch kommen (mat deem Ënnerscheed dass hei de Paschtouer sech selwer ernannt huet). Dat ass déi bescht Method fir déi puer Idealisten, déi nach schreiwen, och nach aus "der Kierch ze verdreiwen" wéi schon esou vill anerer virdrun. --Pecalux 13:14, 24 November 2006 (UTC)
De Pecalux huet mat senger Ausso dat Leit gesot kritt hunn si solle mol lass fueren ganz recht. Mir ass et änlech gaangen a meng éischt Artikelen hu vu Feeler gestrutzt. No an no hunn ech awer e bësselche bäigeléiert a mer och emol den Artikel Eis Schreifweis ugekuckt. Den een oder anere Feeler ass och nach net ëmmer daat schlëmmst, mä hei stinn Artikelen déi aus dem Däitsche gekneipt sinn mat hiren däitsche Feeler, an dann entstinn dorauser Sätz déi ee véiermol muss liesen fir ze wësse wat gemengt ass, a wou dann och nach däitsch Iwwerreschter dra stinn. Do ass meng Meenung awer datt wann ech méi Zäit brauch vir d'Feeler ze verbesseren wéi wann ech den Artikel selwer iwwersetzen dann ass d'Sach ëmsoss. Et kritt een d'Impressioun wéi wa verschidden Artikelschreiwer sech emol net fir 2 Sou Méih machen fir hiren Artikel nëmmen eng Kéier ze iwwerliesen soss géif hinne schonn d'Halschent vun de Feeler selwer opfalen. Les Meloures 13:48, 24 November 2006 (UTC)

Also ech fannen Innhaltlesch Fehler vill méi Schlëmm wéi Schreiwfehler. Jo wann d'Sâetz net méi ze verstoe sinn gëtt et e Problem. Mee wéi de Pecalux gesoot huet, als eischt kritt ee gesoot daat wier nët esou wichteg, da gett gesoot et häett ee besser naicht ze schreiwe wei Fehler... Ma da behäellt de blanne Jang mol deen text vun engem Wopen deen en nie gedroen huet. Ob Lëtzebuergesch kann ech deen nët verbessere wéi et schengt.

Iwwregens gouf ech e Sonnden zu Walfer gefroot ob ech de Lëtzebuerger Diktionäer an d'Gramär kafe weilt. Meng äentwert waar dass ech méi Geld schons fier sachbicher ausginn häett. Dozou kennt ech elo nach beifüegen dass ech nët wees weinie ech dei iwerhaapt ze liese kréien, d'Lëtzebuergesch schreiweis wier do ganz secher nët meiglech gewiecht.--Caranorn 14:05, 24 November 2006 (UTC)

Et ass keen hei op der Wiki, dee verlaangt, datt ee misst bei sengen éischte Versich e proppert Lëtzebuergescht schreiwen. Dofir kann ech déi Behaaptung, déi bësselchen uewen hei opgestallt ginn ass och net gëlle loossen. Kee vun eis huet Lëtzebuergesch richteg an der Schoul gehat. Dat soll awer keng Entschëllegung sinn, fir hei ze schreiwe wat ee wëllt. Et ass nach kee Meeschter vum Himmel gefall. Wuel kann een awer (mengen ech) erwaarden, datt ee Fortschrëtter mécht an aus senge Feeler léiert. Bei verschiddene Benotzer klappt dat och ganz gutt, anerer huet een esou d'Impressioun, datt se guer net bäiléiere wëllen. Jiddereen huet esou seng typesch Feeler déi e mécht. Dat ass mir beim Verbessere vu Wierder déi stänneg falsch geschriwwe gi sinn opgefall. Wa jiddereen e bësselchen dorops oppasst, hu mir schonns e ganze Koup manner Feeler an der Wiki. Et ass bestëmmt net ze vill verlaangt, datt een dorops oppasst a säin Artikel zum Schluss eng Kéier iwwerliest. Fir e ganzen Artikel, deen inhaltlech gutt ass, ze läschen wann en nëmme sou vu Feeler wibbelt fannen ech schued. Op där anerer Säit hëlt d'Feelerverbesseren awer ganz vill Zäit an. Dofir giff ech proposéieren, wann et net ze vill Ëmstänn mécht d'Schreiffeeler am Artikel ze verbesseren amplaz en ze läschen. --Tomateus 15:06, 24 November 2006 (UTC)
Fir d'Saach kuerz ze maachen:
a) Nobody's perfect, wéi schon den Här Osgood wousst.
b) E grousse Merci op dëser Plazun all déi, déi sech d'Méi ginn, aneren hir Feeler ze verbesseren.
c) Merci och un all, déi iwwerhaapt hei schreiwen, a mat der Zäit hir "typesch" Schreiffeeler verbesseren, wann se gesinn, wat hinnen ee verbessert huet.
d) De Lëtzebuerger Schoulsystem ass ewéi en ass, dat ass traureg genuch, mee eng aner Diskussioun.
e) Sech selwer noliesen ass sécher net vu Muttwëll, allerdéngs, ewéi sou villes, hei an s do eng Zäitfro.
f) Artikele Läsche soll just am Extreemfall d'Noutléisung sinn; wann emol eng Kéier (oder och méi Kéieren) "schons" oder "daat" do steet, ass dat zwar lästeg ze verbesseren, mee net den Ënnergang.
g) An elo genuch diskutéiert, dass d'Leit Zäit kréien, Artikelen ze schreiwen --- an z'iwwerliesen!
--Zinneke 16:21, 24 November 2006 (UTC)
PS: Wéi wier et mat deem heiten als Template:
  D'Schreifweis vun dësem Artikel entsprécht net de Wikipedia-Kritere fir en enzyklopedeschen Artikel a muss onbedéngt verbessert ginn. Den Auteur gëtt frëndlech gebieden, sech d'Säiten Eis Schreifweis unzekucken, an hei z'applizéieren.

Den Template ass net iwwel, wann ee vun engem klengen Tippfeeler ofgesäit: D'Schreifweis vun dësen Artikel .... misst sinn: D'Schreifweis vun dësem Artikel . --Pecalux 16:35, 24 November 2006 (UTC) Ass verbessert. Merci! --Zinneke 16:45, 24 November 2006 (UTC)


Ech verbessere meng Artikle emmer um Cortina, net awer meng kommentaren hei oder an der diskussioun dofir as mer meng zeit ze deier fir daat och nach ze maan, desweidere kennt den cortina nach soss een Diktionnaire Faachwierder an dofir haalen ech mech wei ech well uweisert hun emmer bei der englescher schreifweis mat der ausname daat ech net 2 wiederbenotze fir eng substanz well ech et onlogesch as, wann daat engem net passt kann hee mir et soe an den diskussioune vu mengen aritkele oder nach besser se an den cortina afeiere ze loosse. Ajo desweideren as et besser Inhaltleg Saachen ze kucke wei Schreiffehler. Niewebei gemirkt as neischt mei schlemm wei eng eidel enzyklopédie.

--glucius 19:10, 24 November 2006

Wou sinn d'Adminen? änneren

Haut den Owend um 22.49 huet eng IP an de François Biltgen-Artikel Saache geschriwwen, déi juristesch Folge kéinte mat sech bréngen. Wou sinn d'Adminen??! An enger Wikipedia, an deeër en Deel vun den Adminen sech net dacks weist, zwéin dovun zënter dem 21. November net méi an deen aneren ass souwisou weder wëllens seng Funktioun auszefëllen, nach säin Administrator-Zepter endlech ofzeginn, ass net gutt schaffen. Well och déi lb-Wiki Leit brauch, déi mol heiansdo opdauchen, froen ech mech, wéi de System ënner dësen Ëmstänn funktionéiere kann. Loosse mer dem léiwe Gotti säi Waasser iwwer dem léiwe Gotti säi Land lafen? Wou sinn dann elo déi grouss Riedner vu gëscht, déi hir Spektakelen op den Talk-Säiten ofzéien, a wann et ëm eppes anescht geet, sech an den Hollywoodklunsche strecken? A spill elo w.e.g. keen de Beleidegten, d'Wikipedia funktionéiert net mat Gespenster! --Cornischong 22:44, 25 November 2006 (UTC)

Haut den Owend géint halwer eng ass de User mat Admin-Status Zinneke, deen 'eraus' war, an am Fong elo am Bett sollt sinn, nach eng Kéier hei laangscht luusse komm. An de "Rezente Ännerungen" liesen ech no, dass do een ouni Usernumm géint Véierel vir 12 pubertäre Vandalismus bedriwwen huet, an deen eng hallef Stonn duerno vum User mat Admin-Status Cornischong, deen em déi Zäit 'hei' war, gespoart gouf, de Vandalismus geläscht an den Artikel protegéiert gouf. Firwat also déi Opreegung? Dee Béisen ass gespoart, d'Topegkeet eraus, an dat ganzt net méi Gedeesems wäert wéi dee Maltees mat senge Reklammen.
Jo, mer sinn hei nach ëmmer zu net vill, a well mer net a verschiddenen Zäitzone liewen, ka Blödsinn theoreetesch och alt e puer Stonne méi laang do stoen, deen een nuets um 4 eragesat hätt. Mee bis ewell ass jo nach all flagrante Vandalismus geschwënn entdeckt an erëm zeréckgesat ginn, soudass dat nach ni "peenibel" ginn ass.
Et ass hei kee kengem Rechenschaft schëlleg doeiwwer, firwat oder wéini een hei aktiv ass oder nët (jiddereen huet och e Liewen déisäit vum Computerécran); d'Haaptsaach ass, dass no an no - an dat geet och net méi séier, wann een sech driwwer opreegt - eppes opgebaut gëtt, wat "de Leit" soll erméiglechen, Informatiounen ze fannen, déi se soss net am Internet fonnt hätten (op d'manst ass dat mäi Point-de-vue, firwat dat "Déngen" hei gutt soll sinn). Gejomers a Virwërf ännere (leider) näischt un der Situatioun.
Mee et wier effektiv z'iwwerleeën, d'Zuel vun deene mat Admin-Status ze vergréisseren, einfach, well dann d'Vandalen nach manner laang sech un hirem "Wierk" ergëtze kéinten.
Ech gesinn der e puer, déi hei an deene leschte Méint a Wochen impressionant vill Kontributioune gemaach hunn, an déi dofir vu mär - a secher net nëmme vu mär - ouni een Ablack ze zécken eng Stëmm fir Admin kréien géifen, wann se sech giffen hei opsetzen (Keng falsch Gêne, Iech hei anzedroen, mer si jo ënnert eis ;-).

Kandidaturen fir nei, zousätlech Adminen* änneren

(*) Zur Erënnerung: Admin sinn bedeit just, e Knäppche méi op sengem Browser ze hunn, deen engem erlaabt, Säiten ze läschen a Vandalen ze spären.
Sou, an elo Nuecht allerguer, --Zinneke 00:26, 26 November 2006 (UTC)
Adminskandidature ginn nach ëmmer hei Wikipedia:Adminkandidaturen gemaach, an net am Stamminet :-) --βρισεισDisk 16:53, 28 November 2006 (UTC)

Juristesch Situatioun? änneren

An dësem Sënn mol eng Fro déi bis elo vläicht nach kee gestallt huet a wou ech bis elo och nach néirens eppes dervun op Wikipedia gelies hun.

Wéi ass d'juristesch Situatioun vun der Wikipedia zu Lëtzebuerg an dann als Folleg dervun och déi vun den Adminnen. Les Meloures 01:05, 26 November 2006 (UTC)

Fir deen zweeten, méi einfachen Deel fir d'éischt ze beäntwerten: Et gëtt keen Ënnerscheed tëscht engem User mat Admin-Status an engem ouni, ausser dass een als Admin Zougrëff op e puer Zousazfonctiounen huet, wéi déi, engem den Zougang op d'Wiki ze spären oder Artikelen ze läschen (a geläschten Artikelen nees ze 'reaktivéieren').
Zum éischten Deel: Et gëtt keng Wikipedia "zu" Lëtzebuerg, just eng Wilkipedia op Lëtzebuergesch (a soss 200 Sproochen). Juristesch ass d'Wikipedia eng Stëftung no US-amerikaneschem Recht, deeër hir Serveren, sou wäit ech weess, iergendwous déisäit dem grousse Pull stinn. Wéi am richtege Liewen ass jiddferee verantwortlech fir dat, wat e schreift, d.h. wann ee Lijen iwwert een anere verbreet, kann dee fir Calomnie ugesicht ginn, a wann ee soss Saache schreift (deemno publizéiert), déi strofbar sinn, kann een dofir zur Verantwortung gezu ginn. D'Fro ass just: wéi?
Huele mer emol e fiktivt Beispill: E Schüler X schreift Saachen, déi eng Persoun aus dem ëffentleche Liewen (z.B. e Politker) Y beleidegen. Elo muss deen Text emol laang genuch do stoen, dass den Y dat iwwerhaapt an Uecht hëlt. Et kann een dat jo mat engem Klick änneren, an domat steet et net méi do. Mee huele mer un, den Y wëllt dat net dobäi beloossen, a mecht eng Plainte contre X wéinst Calomnie. De Parquet mécht dorops hin eng Enquête op.
Huet den X als anonymen User geschriwwe, steet seng IP do. Et dierft net ze schwéier sinn, erauszefannen, wat dat fir e Server ass. Méi schwéier (net technesch, mee jurisesch) gëtt et dann, gewuer ze ginn, ween déi Persoun ass, déi iwwer deen Access-Provider gefuer ass. Hei hänkt et vun der Legislatioun vum Land of, wou de Server steet, déi d'Konditioune festleet, wéini dës Donnéeë iwwerhaapt kënne/mussen erausgeréckelt ginn (Bei Strofdote warscheinlech jo, bei zivilrechtleche Saache weess ech net - hei sinn ech als net-Jurist iwwerfrot). Steet dee Server an engem anere Land, gëtt et bestëmmt net méi liicht, net ze schwätze, wann dat iergend en Internet-Café an Albanien ass...
Huet ee sech ënnert engem Spëtznumm ageloggt, ass d'IP net ze gesinn, an de Parquet misst beim Wikipedia-Hostserver nofroen, dëse Numm gewuer ze ginn (a Fäll vu Grousskriminalitéit ginn et do bestëmmt och aner Weeër, dat erauszefannen, mee em déi geet et jo hei net). Ob a wéi dat geet, weess ech net, mee ech hunn nach näischt esou gelies.
Ech weess just vun zwee Fäll, wou d'Wikipedia Géigestand vu juristesche Streidereie war: dee Fall vum Tron, an Däitschland, wou deem seng Famill der däitschsproocheger Wikipedia wollt verbidden, säi richtegen Numm ze nennen, wat awer just zu der ugedréiter Spärung vun der Adress "wikipedia.de" gefouert huet, déi eng Redirect-Adress op "de.wikipedia.org" op engem Server an Däitschand ass. Un den amerikanesche Server (an un den Inhalt) ass keen drukomm, an den Numm steet haut nach do.
Deen zweeten ass e Fall aus Amerika, wou een, aus enger Béierlaun eraus, Calomniën iwwert e Wëssenschaftler verbreet huet (ech komme grad net op den Numm). Well Server, Auteur a Plaignant Amerikaner waren, ass den Auteur verurteelt ginn.
An anere Wierder: Et misst schonns eng Béis geschéien, bis eng geschitt!
--Zinneke 15:49, 26 November 2006 (UTC) (dee kee Jurist ass, an sech dofir gäre beléire léisst).
PS: Dat wier schonn nees eng aner Diskussioun, mee et wier gutt, emol ze beschwätzen, wat fir Reegele mer eis fir d'Uginn vun de Quelle wëlle ginn (oder net): Sief et beim Nei-Uleeë vun engem Artikel, sief et bei Ännerungen (am Résumésfeld), mee och am Artikel selwer (Foussnouten, wéi se an der en:, de: a fr: mëttlerweil Standard sinn). Wéi gesot: komme mer doropper zeréck.
War seet dann onsen Admin dee Jurist ass hei derzou. Les Meloures 16:55, 26 November 2006 (UTC)


Lëtzebuerg Kulturhaaptstad 2007 änneren

"Die Stadt Luxemburg wurde für das Jahr 2007 zur Kulturhauptstadt Europas gewählt." : Wouhir wëssen déi dat iwwerhaapt? --Cornischong 00:22, 29 November 2006 (UTC)

Ass dat elo eng Fangfro oder hues Du dat wierklech net matkritt? Kuckst Du Spanish Inquisition 21:51, 29 November 2006 (UTC)
Dat ass en duusst Uklappen, datt mer eis misste beméien, fir en Artikel iwwer dat Thema zesummenzekrazen. Mee lo mol zu denger Fro: Ass dat eng Offer, fir hei en Artikel doriwwer ze schreiwen oder hält däin Interessi bei de kuerzen "Comment ça va très bien?" - Besich op? freet sch de --Cornischong 22:06, 29 November 2006 (UTC)
En Usaz vun deem Artikel existéiert schonns eng länger Zäit. (Kulturhaaptstad Lëtzebuerg 2007) --Tomateus 07:34, 30 November 2006 (UTC)

Tja, wann d'Myriam et net mécht, da mécht keen et. Entschëllegt, léif Leit, ech hat eis ënnerschat. --Cornischong 07:40, 30 November 2006 (UTC)

Aktioun Schwaarzt Rëndvéi änneren

Mäi Cousin huet mer grad e Mail heizou gemaach: http://www.initiativ-schwaarztrendvei.lu/index.php

Wees do ee méi ? :) --βρισεισDisk 17:44, 30 November 2006 (UTC)

Dat kënnt mer ganz e bësse kropeg vir. --Cornischong 19:01, 30 November 2006 (UTC)
Waat? Eng vu 4+ satireschen Initiativen. Aawer ob ëngem eeschte Fong, fier méi kann ee jo och ob de Forum fröe goën (méin email waar ier se hiëren email geflëckt haaten, hunn nach keen zweete gesch¨ckt, waar jo och nët fier wikipedia).--Caranorn 21:21, 30 November 2006 (UTC)