Dëse Geographiesartikel iwwer d'Schwäiz ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Kleine Scheidegg, 2.061 m héich, ass e Pass am Berner Oberland (Schwäiz) dee vu Biergbunne befuer gëtt. E läit tëscht dem Eiger an dem Lauberhorn. Vun der enger Säit kënnt ee vu Wengen erop an op der anerer Säit no Grindelwald erof, an zwar mat der Wengernalpbunn. Vun der Kleinen Scheidegg aus fiert eng aner Biergbunn, d'Jungfraubunn, am Tunnel duerch den Eiger a Mönch erop op d'Jungfraujoch. Op der Kleinen Scheidegg, wou och e groussen Hôtel ass, kann een den Alpinisten mat der Spektiv nokucken, wa si probéieren d'Eigernordwand erop ze klammen. Am Wanter ass d'Kleine Scheidegg an d'Landschaft ronderëm eent vun de schéinste Schigebidder vun der Schwäiz.

Kleine Scheidegg mat de Biergbunnen
D'Kleine Scheidegg-Schigebitt am Wanter

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Kleine Scheidegg – Biller, Videoen oder Audiodateien