Weiss (Moundkrater)
De Weiss ass en Aschlagkrater am Südwesten vun der viischter Moundsäit tëscht dem Mare Nubium an dem Palus Epidemiarum, nordëstlech vum Krater Cichus a südëstlech vum Mercator, um Enn vum Rupes Mercator.
De Moundkrater Weiss an de Krater Cichus ënne lénks, Foto: Lunar Orbiter 4 | |
Koordinaten | 31°45'36"S, 19°35'24"W |
---|---|
Duerchmiesser | 66,56 km |
Déift | 1000 m[1] |
Selenographesch Längt | 20° bei Sonnenopgank |
Genannt no | Edmund Weiss |
Genannt am Joer | 1935 |
Moundvéiereck | LQ26 |
De Krater ass ganz staark erodéiert, am Norde ass de Rampli bal komplett verschwonnen an dat Bannenzeg zum Mare Nubium hin ass op.
Buschtaf/Numm | Positioun | Duerchmiesser | Link |
---|---|---|---|
A | 30,65° S, 18,75° W | 4 km | [1] |
B | 31,27° S, 18,46° W | 8 km | [2] |
D | 30,72° S, 20,5° W | 8 km | [3] |
E | 31,15° S, 19,32° W | 16 km | [4] |
De Krater gouf 1935 vun der I.A.U. nom éisträicheschen Astronom Edmund Weiss genannt.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- Weiss op The-Moon Wiki
- Moundkaart 94: De Krater Weiss läit ënnen an der Mëtt
Referenzen
änneren- ↑ John E. Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge u. a. 2000, ISBN 0-521-59002-7.