Halikarnassos
Halikarnassos war eng antik griichesch Stad an entsprécht dem haitege Bodrum an der Tierkei.
Berüümt ass Halikarnassos duerch de Mausoleum, eent vun de Siwe Weltwonner. De bekanntste Jong vun der Stad war sécherlech den Herodot, de "Papp vun der Geschicht".
Zanter 480 v. Chr. huet d'Artemisia I., Duechter vum Lygdamis, iwwer Halikarnassos regéiert. Zu hirem Räich hunn och d'Inselen Kos an Nisyros gezielt. Wärend de Perserkricher huet si sech un der Säit vum Xerxes mat fënnef Schëffer géint d'Griichen engagéiert, an him ënner anerem och ofgeroden, sech op eng Schluecht bei Salamis anzeloossen.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Perserkricher.
Am 5. Joerhonnert v. Chr. war Halikarnassos Member vum Attesche Séibond.
386 v. Chr. ass d'Stad nees ënner de persesche Regime gefall. De Satrap Maussollos vu Karien huet Halikarnassos zur Haaptstad vu sengem Räich erhuewen a se zu enger Festung ausgebaut. No sengem Doud huet seng Fra a Schwëster Artemisia II. d'Herrschaft iwwer Karien a Rhodos iwwerholl. Si huet déi gréisst Kënschtler aus ganz Griicheland komme gelooss fir um Graf vum Maussollos ze schaffen, dem Mausoleum. Zu dëse Kënschtler zielen ënner anerem Leit wéi de Leochares, den Timotheos, de Skopas oder de Bryaxis.
334 v. Chr. gouf d'Stad vum Alexander dem Grousse belagert an zerstéiert.
Vun ongeféier 280 bis 200 v. Chr. war Halikarnassos ënner ptolemäescher Herrschaft.
Duerch d'Expansioun vun de Seleukiden an d'Ënnerwerfung vun de griichesche Stied a Klengasien koum Roum mat an d'Spill. Am Krich géint den Antiochos III. huet Halikarnassos un der Säit vun de Réimer gekämpft a sou seng Onofhängegkeet geséchert.
Zanter 129 v. Chr. huet Halikarnassos zu der réimescher Provenz Asia gehéiert.
Ze bemierke bleift nach, datt de Bëschof Nicolas Adames de 27. Mäerz 1863 zum Titulärbëschof vun Halikarnassos ernannt gouf.
Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antiquitéit. |
Um Spaweck
ännerenCommons: Halicarnassus – Biller, Videoen oder Audiodateien |