Walram III. vu Limburg

Grof vu Lëtzebuerg
(Virugeleet vu(n) Walram III vu Limburg)
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Walram III. vu Limburg (deels och als Walram IV. gezielt[1]), gebuer ëm 1180, a gestuerwen den 2. Juli 1226 an der Abtei Rolduc an der Gemeng Kerkrade an Holland, war Här vu Monschau (Monjoie). Hie war duerno, vun 1221 bis 1226, Herzog vu Limburg, an dunn, vun 1214 bis 1226, mat senger Fra Ermesinde och Co-Grof vu Lëtzebuerg .

Walram III. vu Limburg
Titelen
Biographie
Gebuer 1175 jul.
Gestuerwen 2. Juli 1226 jul.
Abtei Rolduc
Bestuet mat Ermesinde vu Lëtzebuerg,
Kunigunde vu Loutrengen
Papp Heinrich III.
Mamm Sophie vu Saarbrécken
Geschwëster Simon vu Limburg, Hendrik vu Wassenberg
Kanner Heinrich IV., Gerhard vun Durbuy, Heinrich V., Walram vu Monschau, Katrin vu Limburg, Matill vu Limburg, Sophie vu Limburg, Jutta vu Limburg

Hie war jéngste Bouf vum Heinrich III., Herzog vu Limburg a vun der Sophie vu Saarbrécken.

Duerch säin zweet Bestietnes (1214) mat der Gräfin Ermesinde (aus dem Haus Namouer), gouf de Walram Grof vu Lëtzebuerg (de iure uxoris) a war domat an den Ierfschaftsstreidereien tëscht Lëtzebuerg an Namouer bedeelegt.

Aus sengem éischte Bestietnes mat der Kunigunde vu Lëtzebuerg hat hien op d'mannst véier Kanner an och op d'mannst véier Kanner mat senger zweeter Fra Ermesinde.

Éierung

änneren

Fir un de Walram z'erënneren, gouf an der Stad Lëtzebuerg eng Strooss no him genannt: d'Rue Walram leeft am Quartier Belair vun der Avenue du X septembre a Richtung Süden, an de Quartier Hollerech, a stéisst do op d'Rue Auguste Neyen[1].

Referenzen an Notten

änneren
  1. 1,0 1,1 (de)Fanny Beck, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt?. onsstad.vdl.lu. Gekuckt de(n) 14.10.2024.