Waldhaff-Falkesteen
Waldhof-Falkenstein, op Lëtzebuergesch Waldhaff-Falkesteen, ass eng Uertsgemeng am Äifelkrees Béibreg-Prüm a Rheinland-Pfalz. Si gehéiert zur Verbandsgemeng Südeifel a läit am Naturschutzgebitt Ourschleife-Falkenstein.
Waldhof-Falkenstein lb: Waldhaff-Falkesteen | |
---|---|
Land | Däitschland |
Bundesland | Rheinland-Pfalz |
Krees | Béibreg-Prüm |
Verbandsgemeng | Südeifel |
Awunner | 19 (31. Dezember 2023) |
Fläch | 301 ha |
Héicht | 458 m |
Koordinaten | 49°58'36"N, 6°11'34"O |
Telefonszon | 06524 |
Postcode | 54673 |
Websäit | http://www.suedeifelinfo.de |
Geschicht
ännerenFalkesteen gouf 1173 eng éischt Kéier als Buergsëtz vum Ludovicus de Falcunstein ernimmt. D'Kapell vun der Uertschaft ass aus der éischter Hallschent vum 12. Joerhonnert. An der Opstellung vun de Lëtzebuerger Uertschaften aus dem Joer 1777 ass Falkesteen nach als Par opgefouert (kuckt och Bild 1, d'Kaart aus dem selwechte Joer).
D'Awunner vum Uert Waldhaff-Falkesteen hu sech hire Liewensënnerhalt gréisstendeels duerch Aarbecht op der Buerg verdéngt, déi bis zu der Eruewerung vum lénkse Rhäinuwänner duerch franséisch Revolutiounstruppen, 1794, eng eegestänneg Herrschaft war, déi zum Herzogtum Lëtzebuerg (Quartier Veianen) gehéiert huet.
1815 koum d'Uertschaft um Wiener Kongress bei d'Kinnekräich Preisen. Nom Éischte Weltkrich stoung d'Uertschaft zäitweis nees ënner franséischer Verwaltung.
Zanter 1947 gehéiert Waldhof-Falkenstein zum deemools nei gegrënnte Bundesland Rheinland-Pfalz.
Uertsgemengerot
ännerenDe Gemengerot vu Waldhaff-Falkesteen besteet aus 6 Conseilleren, déi bei der Gemengewal vum 7. Juni 2009 an enger Majorzwal gewielt goufen, an engem éierenamtlechen Uertsbuergermeeschter.
Kuckeswäertes
änneren- Buerg Falkesteen
- Point de vue mat Grillhütt: Vue erof op d'Buerg an op Biwels am Ourdall (cf. Bild 2)
Illustratiounen
änneren-
Bild 2. Vue vum Point de vue aus a Richtung Süden: d'Buerg Falkesteen mam Ourdall a Biwels am Hannergrond.
Um Spaweck
änneren- Waldhof-Falkenstein um Internetsite vun der Verbandsgemeng Neierbuerg