De WISE 1049-5319 (vollstänneg Bezeechnung: WISE J104915.57-531906) ass e sonnennoe binäre Brongen Zwerg (π ~ 500 mas) a läit 6,5 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech. D'Stärekoppel ëmkreest sech an engem Ofstand vu ronn 3 AE mat enger Ëmlafzäit vun ongeféier 25 Joer

WISE 1049-5319

Ufank Mäerz 2013 gouf d'Entdeckung vum WISE 1049-5319, vum US-amerikaneschen Astronom Kevin Luhman publizéiert. Hien hat déi brong Zwergen op Biller vum Wäitwénkel-Infrared Survey Explorer (WISE) entdeckt. Den Duebelstäresystem läit am Stärebild Vela.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren