Voiture I10
(Virugeleet vu(n) Voiture I10 (SNCB))
Voiture I10 SNCB | ||
---|---|---|
Stéckzuel: | 89 | |
Gebaut: | 1987 | |
Status: | Nach a Betrib | |
Déngschtmass: | 45 Tonnen | |
Längt iwwer Puffer: | 26400 mm | |
Héicht: | 4050 mm | |
Héchstvitesse: | 160 km/h / 200 km/h[1] | |
Alimentatioun: | 1,5 kV Gläichstroum 3 kV Gläichstroum 15 kV 16 ⅔HzWiesselstroum 25 kV Wiesselstroum 50Hz |
D'Voituren I10 sinn eng Serie vu belsche Reesvoiturë fir den internationalen Trafic a fir P Zich.
Asaz
änneren- Um Interregio m tëscht Liers a Lëtzebuerg, zesumme mat Voituren aus der Serie I6.
- Express Vauban: Wiertes tëscht Lëtzebuerg a Bréissel.
- Vereenzelt InterCity-Zich tescht Bréissel an Amsterdam.
- P Zich uechtert d'Belsch.
Technesches
ännerenD'SNCB huet am Ablack:
- 15 A11, mat 66 Plazen éischt Klass.
- 45 B11, mat 86 Plazen zweet Klass.
- 29 B11 déi mat Klimaanlag ekipéiert sinn.
5 vun de B11 mat Klimaanlag goufen nogerëscht fir mat 200 km/h ze fueren. 4 sinn als Restaurantsvoiture amenagéiert an 1 ass als Discoswaggon ënnerwee.
Um Spaweck
ännerenBiller
änneren-
Voiture I10 an der Livrée C1 vun Eurofima
-
Zweet Klass
-
Éischt Klass
Referenzen
änneren- ↑ Ëmbau vun I6 an I10 fir 200 km/h. Archivéiert de(n) 04.03.2016. Gekuckt de(n) 19.04.2011.