Vogel (Moundkrater)

Moundkrater


De Vogel ass e klengen Aschlagkrater op der südlecher Hemisphär vun der viischter Moundsäit. Hie läit südëstlech vum Krater Albategnius.

Vogel
De Moundkrater Vogel (ënne riets) an Ëmgéigend (LROC-WAC)
Koordinaten 15°6'36"S, 5°49'48"O
Duerchmiesser 26,3 km
Selenographesch Längt 354° bei Sonnenopgank
Genannt no Hermann Karl Vogel
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ20

De Vogel ass dee klengste vun enger Aschlagkratergrupp mat dräi Krateren, déi no Süde hin ëmmer méi grouss ginn. Déi aner zwéin heeschen Argelander an Airy. Westlech ass en Iwwerrescht vum Krater Parrot.

Souwuel op der nërdlecher wéi och op der südlecher Säit gëtt de Kraterrand duerch méi kleng Krater ënnerbrach. De Vogel B op der nërdlecher Säit gëtt op sengem Nordrand nees vun engem nach méi klengem Krater ënnerbrach, sou datt do eng Rei matenee verbonnene Kratere läit. Déi iwwreg Deeler vum Kraterrand sinn zimmlech gutt erhalen.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
B 14,46° S, 5,63° O7 22 km [1]
C 14,12° S, 5,24° O7 9 km [2]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren