Moudendesign ass d'Konscht an d'Aktivitéit vum Kreéiere vu Gezei an Accessoiren, mat engem Schwéierpunkt op der Ästheetik, dem Stil an der Funktionalitéit. Et ass en dynamesche Beräich, dee sech stänneg weiderentwéckelt. E spillt eng wichteg Roll an der Gestaltung vun der Aart, wéi Mënsche sech undoen an ausdrécken.

Den "Tailleur Chanel" vun der franséischer Moudendesignerin Coco Chanel huet d'Fraemoud an den 1950er Joren revolutionnéiert.

De Beruff ass dee vum Moudendesigner, och Couturier genannt. Donieft gëtt et awer nach aner, spezialiséiert Beruffer am Moudendesign, dorënner dee vum Schneider, deen d'Kleeder bitzt, dem Textildesigner, deen de Stoft entwërft, an dem Stilist, deen d'Kleeder, d'Bijouen an d'Accessoirë koordinéiert.

D'Geschicht vum Moudendesign léisst sech bis an déi al Zivilisatiounen zréckverfollegen, an deenen d'Gezei net nëmme funktionell war, mee och e Symbol vum soziale Status an der Kultur. Dat modernt Konzept vum Moudendesign kënnt aus dem 19. Joerhonnert mat Bäiträg vu renomméierten Designer wéi dem Charles Frederick Worth. De Worth, deen dacks als den éischte Moudendesigner op der Welt ugesi gëtt, huet d'Iddi agefouert, exklusiv Kleedungsstécker fir individuell Clienten ze designen.[1]

Moudendesign ass e komplexen a villschichtege Prozess mat an der Reegel enger Rei Haaptphasen. Fir d'éischt léisst den Designer sech vun ënnerschiddleche Quellen inspiréieren, dorënner der Konscht, der Natur, historeschen Epochen an aktuellen Evenementer. Déi Phas ass wichteg fir d'Gesamttheema an de Stil vun der Kollektioun ze konzipéieren.

Duerno gi Skizzen an Illustratiounen erstallt, déi déi Iddie visualiséieren. Déi Zeechnungen déngen als Grondlag fir déi eigentlech Konstruktioun vum Gezei. Mustere ginn op der Grondlag vun de Skizzen entworf, fir Schabloune fir den Zouschnëtt vun de Stoftstécker z'erstellen. Déi genee Produktioun vun de Schnëttmuster ass entscheedend, fir eng gutt Passform an e gutt strukturéiert Gezei ze garantéieren.

Designer wiele Stëfter aus, déi hire Virstellungen entspriechen. Dobäi gi Faktore wéi Textur, Faarf a Faleworf berécksiichtegt. De Choix vum Stoft kann d'Ausgesi vum Gezei staark beaflossen. Duerno gëtt d'Gezei vum Designer selwer oder vun anere Leit no de Musteren konstruéiert. Zu där Phas zielen d'Bitzen, d'Upassen an dacks vill Widderhuelunge fir den Design ze perfektionéieren.

Schlussendlech geet d'Gezei nach duerch d'Qualitéitskontroll, fir sécher ze stellen, datt all Stécker dem Standard vum Designer entsprécht.

Déi nei Kollektioun gëtt dann dacks bei engem Moudendefilé oder an enger Campagne presentéiert.

Moudendesign spigelt dacks gesellschaftlech a kulturell Verännerungen erëm. Am Laf vun der Geschicht hu vill Designer de Moudendesign markéiert, dorënner d'Coco Chanel, den Yves Saint Laurent, den Alexander McQueen, déi all fir hir Innovatiounen an hiren Afloss op d'Moud gefeiert ginn.

Um Spaweck änneren

Commons: Moudendesign – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. metmuseum.org: Charles Frederick Worth (1825–1895) and the House of Worth