De Virgilius vu Salzburg, gebuer ëm 700 an Irland, a gestuerwen de 27. November 784 zu Salzburg war en hellege Bëschof vun der Diözees Salzburg.

Den hellege Virgilius

Säi Liewen änneren

De Virgilius staamt aus enger irescher adleger Famill, an huet do Feirgil geheescht. Seng Ausbildung huet hien am Klouschter Iona kritt.

Mat zwéin Unhänger ass hien am Joer 743 als Missionnaire bei de Kinnek Pippin III. vu Franke komm, deen hien 745 bei den Herzog Odilo a Bayern geschéckt huet, zu deem deemools och Salzbuerg gehéiert huet.

Am selwechte Joer gouf hien Abt vum Klouschter Sankt Peter an huet Diözees Salzburg geleet. De Virgilius stellt och nach eng richteg Usiicht iwwer d'Gestalt vun der Äerd op. D'Bëschofswei huet hien eréischt de 15. Juni 749 oder 755 kritt.

Wéinst enger Dafformel koum et zum Sträit mat dem Bonifatius. Well de Virgil d'Antipodeléier vertrueden huet, gouf hie souguer der Ketzerei verdächtegt. A béide Fäll huet sech de Poopst fir de Virgil entscheet.

Hien huet de Modestus an de Libellus virun 767 fir Missionéierung a Kärnten geschéckt, a konnt doduerch d'Diözeesegebitt vergréisseren a gëtt och Apostel Kärntens genannt.

Zu Salzburg léisst hien eng Kathedral bauen, déi hien de 24. September 774 (oder 784) dem hl. Rupert vu Salzburg geweit huet.

De Virgilius gouf den 18. Juni 1233 helleg gesprach. Am Joer 1288 krut hien en Altor am Salzburger Doum opgeriicht, wou hien zanterhier begruewe läit.

Um Spaweck änneren

Literatur änneren

  • Heinrich Dopsch (Hrsg.): Virgil von Salzburg, Missionar und Gelehrter. Beitr. d. internat. Symposiums. Amt d. Salzburger Landesreg., Salzburg 1985
  • Heinz Dopsch: "Virgil(ius) von Salzburg", in: Lexikon der Heiligen und der Heiligenverehrung. 3. Band. Herder, Freiburg i. B. 2003, ISBN 3-451-28193-7
  • Thomas Forstner: "Der heilige Virgil", in: Ihr Freunde Gottes allzugleich
  • Franz Pagitz: "Virgil als Bauherr der Salzburger Dome", in: Mitteilungen der Gesellschaft für Salzburger Landeskunde. 1969
Commons: Virgilius of Salzburg – Biller, Videoen oder Audiodateien