Villa Heldenstein
Villa an der rue des Glacis um Lampertsbierg
D'Villa Heldenstein oder Maison Collart ass eng Villa op der Nr. 20 an der rue des Glacis an der Stad Lëtzebuerg. D'Strooss verbënnt den Eecher Bierg (côte d'Eich) mam Lampertsbierg.
D'Villa Heldenstein vun ënnen aus der rue des Glacis gesinn | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Lëtzebuerg |
Plaz | Lampertsbierg |
Strooss | Strooss |
Adress | 20 rue des Glacis |
Koordinaten | 49° 37’ 16.1’’ N 6° 07’ 45.2’’ O |
Baustil | Cottage oder Arts and Crafts mat Buergelementer |
Architekt(en) |
Léon Müller a Joseph Nouveau |
Statut | Klasséiert Monument (SSMN) |
Datum vum Bau | 1927 |
Zweck | Wunneng |
D'Villa gouf 1927 en nid d'aigle op de Fiels gebaut. D'Architekte waren de Joseph Nouveau (1883-1946) an de Léon Müller (1885-1959).
D'Haus gouf am Stil Cottage oder Arts and Crafts gebaut, woubäi och e puer Buergelementer agebaut goufen[1].
De 6. Juli 2012 gouf d'Villa an d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.
Biller
änneren-
Déi viischt Fassad vun der Villa op der Nr. 20.
Literatur
änneren- Schmit, A. & D. Dominguez Muller, 2019. Rue des Glacis, in: De Lampertsbierg. Histoire d'un quartier florissant. Lampertsbierger Geschichtsfrënn a.s.b.l., S. 144-145. Imprimerie Ossa, Nidderaanwen. ISBN: 978-99959-934-8-1.
Kuckt och
ännerenReferenzen an Notten
änneren- ↑ Schmit, A. & D. Dominguez Muller, 2019. Cf. Literatur.