Victory
Kino an der Stad
De Victory war e Kino am Garer Quartier an der Stad.
Den 18. August 1917 huet de Pierre Dornseiffer[1] de Kino, deemools als Kino-Palace, mat 700 Sëtzplazen opgemaach. Et war den éischte Kino dee seng Dieren an der Stad opgemaach hat. E stoung zimmlech am Ufank vun der Bouneweger-Strooss, tëscht der Aler Avenue (avenue de la Gare) an der Wallis-Plaz.
Den Isidore Thill huet de Kino nom Zweete Weltkrich iwwerholl, an de Sall 1947 a Victory ëmgedeeft.
An den 1950er Jore war de Victory den Tempel vum däitsche Film an der Stad.
Den 2. Juli 1992 huet de Victory definitiv seng Dieren zougemaach mat dem amerikanesche Film Reanimator 2.
2007 ass en ofgerappt ginn, fir duerch en anert Gebai ersat ze ginn.
Literatur
änneren- Lesch, Paul: D'Stater Kinoen - eine Kinogeschichte der Stadt Luxemburg, 2013, Éd. G. Binsfeld, 359 S., ISBN 978-2-87954-263-8
- Reuter, Martine: Ein historischer Rückblick - Die Kinos in der Hauptstadt an Ons Stad Nr. 87/2008, S. 30-34 (PDF)
- Hoffmann, Fernand Gedicht "Cinema Palace" an der Broschür "Tramsmusek 1931-1981" vun der "Section de Musique des Services Industriels de la Ville de Luxembourg", Imprimerie St Paul, Juni 1981
Kuckt och
ännerenReferenzen an Notten
änneren- ↑ Pierre Gilbert, 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. S. 205