D'Haus am Härewee ass ee Kriminalroman op Lëtzebuergesch vum lëtzebuergeschen Auteur Vic Fischbach, deen 2009 erauskoum.[1]

Ëm wat geet et an der Erzielung? änneren

Zu Schieren an enger Villa ass eng Fra an hirem Bett dout opfonnt ginn: Erschoss. Bosseg dobäi war, datt d'Haus souzesoen hermetesch versigelt war. All d'Fënstere waren zou an am Schlofzëmmer, an deem d'Fra louch, waren d'Diere vu banne verrigelt oder zougespaart, sou datt een net emol mat engem Schlëssel hätt kënnen erakommen. Et huet ganz no engem Suicid ausgesinn.

Den Haaptkommissär Markus vun Ettelbréck traut der Saach net ganz a sammelt vill verschidden Informatiounen, déi him ëmmer méi d'Gewëssheet ginn, datt et ee Muerd war.

Personnagen änneren

Déi verstuerwen Damm, d'Suzanne Frantz war zweemol bestuet an huet och zweemol hire Meederchersnumm behalen, wéinst hirem Haff, dem Frantzenhaff. Nom Doud vun hirem éischte Mann, dem Bauer Josy Birkel, ass de Geschäftsmann Gaston Wilhelm hiren zweete Mann ginn. Hir Duechter aus deem éischte Bestietnes d'Jeanny Colbach-Birkel gëtt mat hirem Stéifpapp net gutt eens.

Den Haaptkommissär Markus spillt all Woch zu Schieren Kaart, wou hien dat eent an dat anert gewuer gëtt. Hie schafft enk mat senge Polizisten zu Ettelbréck a mam Divisiounskommissär vun Dikrech zesummen.

Der Madame Frantz hir bescht Frëndin, d'Cecile Hermes, huet dem Kommissär och vill z'erzielen.

Soss änneren

D'Haus am Härewee ass fir eng Kéier emol eng komplett Detektivgeschicht oder besser gesot ee Policeroman (police procedural novel), deen eng Weiderentwécklung vun der Detektivgeschicht ass. Do ass alles dran: Muerd, Ermëttlung, Beweissécherung, Verdacht, Konfrontatioun vum Verdächtege mat de Bewäisstécker, eventuellt Geständnes, Verhaftung, Uklo, Prozess, Urteel. Dat ass am europäesche Krimi, am Géigesaz zum amerikanesche seelen ze fannen, do ass gewéinlech mat der Verhaftung de Roman eriwwer.

Zousätzlech ass D'Haus am Härewee och nach e Rätsel vum zouene Raum (locked room mistery), der Kinneksklass vum Kriminalroman. De Prototyp vum Krimi, dem Edgar Allan Poe seng Kriminalerzielung The Murders in the Rue Morgue vun 1841 war sou e Rätsel.

Am Haus am Härewee kënnt Ettleches zesummen. Dozou gehéiert och d'Motiv an d'Kalbliddegkeet vum Plang a vun der Ausféierung vum Muerd.

Et war zwar net dee perfekte Muerd – dee gëtt et angeblech net – oder op d'mannst net am Kriminalroman – mä ee perfekt premeditéierte Muerd, fir deen et drësseg Joer feste Prisong gëtt – vläicht mat engem klenge Sursis.

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

  • Fiche op autorenlexikon.lu.

Referenzen änneren

  1. Am Buch selwer sti keng Indikatiounen zum Verlag, Uert, Joer an ISBN Nummer vun der Publikatioun
  2. confer: Luxemburger Autorenlexikon www.Autorenlexikon.lu