Verlängerten Ellipsoid

Als verlängerten oder prolaten Ellipsoid gëtt e spezielle Rotatiounsellipsoid bezeechent, dee bei enger Rotatioun vun enger Ellips ëm hir grouss Achs entsteet. Seng Polachs ass also méi laang wéi säin Equatorduerchmiesser. E Beispill fir déi spëndelaarteg Form ass de Rugbyball.

verlängerten Ellipsoid

De verlängerten Ellipsoid ass d'Géigestéck vum ofgeplatten Ellipsoid, deen d'Reegelform vun der Äerd a vun alle gréissere Planéiten duerstellt. Verlängert Ellipsoiden hu kaum eng praktesch Bedeitung, se sinn awer fir e puer Aspekter vun der Gläichgewiichts- an der Potentialtheorie interessant.

Iwwerraschenderweis hunn am Ufank vum 18. Joerhonnert franséisch Gradmiessunge vum Picard, Cassini a Philippe de La Hire erginn, datt d'Äerdfigur een zum Pol verlängerte Kierper wier. Den Isaac Newton hat awer duerch e Gedankenexperiment bewisen, datt d'Zentrifugalkraaft vun der Äerdrotatioun eng Expansioun vum Equator bewierke misst. De Planéit Jupiter dee séier rotéiert, hätt och eng däitlech ofgeplatt Form. De Feelschluss mat dem ëm 0,9 % ze laange Polduerchmiesser huet sech spéider als Folleg vu klenge systematesche Moossfeeler an als eng Anomalie an der Äerdkuuscht erausgestallt.

D'Sträitfro "ofgeplatt oder verlängert" tëscht der Londoner an der Paräisser Akademie gouf definitiv eréischt mat de franséischen Expeditiounen an de Peru an a Lappland (17351741) zu Gonschte vun der Ofplattung entscheet, déi sech mat 1,00304 erginn hat. De reellen, mat der Satellittegeodesie ermëttelte Wäert ass 1,00298.

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Literatur

änneren
  • Karl Ledersteger: Astronomische und Physikalische Geodäsie. (= Jordan-Eggert-Kneissl (Hrsg.): Handbuch der Vermessungskunde. Band V) J. B. Metzler, Stuttgart 1969, S. 55 f. (§12, Wichteg Gradvermiessungsaarbechten).
  • Wolfgang Torge: Geodesy. de Gruyter, Berlin 2001, Kap. 1.3.2 The Ellipsoidal Earth Model, S. 7–10.