De Vega Programm war eng sowjetesch Fuerschungsmissioun mat zwou getrennte Raumsonden op d'Venus an op de Koméit Halley. Den Numm Vega ass en Kontraktioun vun den zwéin éischte Buschtawe vu Venera = Venus a Gallej = Halley. Béid Raumsonde goufen 1984 gestart.

Modell vun der Vega-1-Sond, Dulles International Airport, USA
UdSSR-Timber mam Motiv Vega, 1984

Missioun

änneren

Nom Ofschloss vun den erfollegräiche Venera-Missiounen hat d'Sowjetunioun tëscht 1984 an 1986 zwéi weider planetar Raumflich mat Vega 1 a Vega 2 gemaach.

Zwou Mammesonde sollten ufanks laanscht d'Venus fléien. Dobäi sollt jee eng Landesond an e Ballon ausgehaange ginn. D'Landesond sollt op der Uewerfläch landen, e Manöver, dat d'UdSSR tëscht 1970 an 1982 schonn aachtmol erfollegräich bei der Venera-Missiounduerchgefouert hat. De Ballon war déi Kéier nei derbäi. Mat Instrumente behaangen, sollt hien an alle Richtungen duerch d'Venusatmosphär gedriwwe ginn, jee nodeem, wouhin de Wand en droe géif. Déi béid Mammesonde sollten uschléissend de Koméit Halley usteieren an deen aus der Noperschaft erfuerschen.

Déi béid Vega-Sonden waren déi éischt an eenzeg sowjetesch Sonden, déi zwéi komplett ënnerschiddlech Objeten ufléie sollten. Et gouf bei där Missioun eng staark international Bedeelegung. Nieft den Ostblockstaaten DDR, Polen, Tschechoslowakei, Ungarn a Bulgarien waren och déi westeuropäesch Staaten Frankräich, Éisträich an d'Bundesrepublik Däitschland, vertrueden. D'Sond hat vill technesch Neierungen, wéi eng vum Romp onofhängeg Scanplattform mat der Kamera, oder déi fir d'éischt bei enger interplanetarer Sond agesat CCD-Technik fir Bilderfaassung.

Béid Sonden hate beim Start e Gewiicht vu 4950 kg a goufe mat enger Proton-Rakéit vum Kosmodrom Baikonur gestart. D'Biller vun de Starte waren deemools déi éischt Biller vun der Proton-Rakéit, déi vun der Sowjetunion verëffentlecht goufen. Als Folleg vun der internationaler Zesummenaarbecht gouf de Start vun de Raumsonde fir d'éischt Kéier an der Geschicht vun der UdSSR am Viraus ugekënnegt war.

D'Ballonen

änneren

D'Ballone vun de Vega-Sonde waren déi éischt a bis elo eenzeg Ballonen déi op engem aneren Himmelskierper zum Asaz koumen. Si goufen a Frankräich fabrizéiert an an enger Héicht vu 54 km ausgestouss an opgeblosen. D'Ballonen haten en Duerchmiesser vun 3,4 m an haten e Gewiicht vu 25 kg. Ee Ballon hat un engem 12 m laange Seel eng 5 kg schwéier Notzlaascht mat Sensore fir d'Ermëttlung vun Temperatur, Drock, vertikaler Wandvitess, Hellegkeet a Visualitéit vun der Atmosphär souwéi fir Detektioun vu Blëtzer. De Stroum koum vu Batterien. De Ballon gouf op der Nuetssäit vun der Venus ausgesat a gouf vum Wand op der Venus duerch d'Atmosphär gedriwwen. Hie gouf vun 12 Buedemstatiounen observéiert, vun deenen der sechs net an der Sowjetunioun stoungen. Soubal wéi de Ballon op der Dagsäit vun der Venus war, gouf e vun der Sonnenastralung erhëtzt an ass geplatzt.

 
Etappeschema zu de Vega-Missiounen
  • Vega 1 hat d'Äerd erfollegräich de 15. Dezember 1984 verlooss, d'Schwestersond Vega 2 hat hirersäits den 21. Dezember 1984 d'Äerd verlooss.
  • Vega 1 war den 11. Juni 1985 laanscht d'Venus geflunn, an d'Vega 2 hirersäits de 14. Juni 1985.
  • Vega 1 an Vega 2 Landesonden: D'Venuslandunge waren den 11. an de 14. Juni 1985 an déi béid Sonden erreechten hu 56 resp. 57 Minutte laang Date gesent.
  • Den 11. a 14. Juni 1985 goufen déi béid Ballonen ofgesat. De Vega-1-Ballon war 46½ Stonne laang geflunn, an dee vu Vega 2 souguer 60 Stonnen, ier de Kontakt fort war.
  • De Laanschtfluch beim Koméit Halley war bei Vega 1 de 6. Mäerz 1986 bei enger Distanz vun 8.890 Kilometer, bei Vega 2 war de Rendez-vous den 9. Mäerz 1986 bei enger Distanz vun 8.030 Kilometer.
  • Nom Rendez-vous mam Halley goufe béid Sonden ofgeschalt.

Resultater

änneren

Vega 1 an 2 hunn zu den opwennegste Weltraumprojete vun der Sowjetunioun gehéiert. Obschonn nëmmen d'Venus-Ballone wichteg nei Resultater geliwwert hunn an déi erfollegräich Laanschtflich beim Halley vum nach méi erfollegräiche Laanschtfluch vun der europäescher Sond Giotto iwwerdeckt gouf, haten d'Sowjets ëmmerhin den héije Standard vun hirer Weltraumtechnik an den 1980er Joren demonstréiert. D'Giotto konnt iwwregens mat Hëllef vun den Daten, déi d'Vega-Sonde geliwwert haten, hir Ufluchbunn erfollegräich verbesseren, sou datt de Kär vum Koméit Halley fotograféiert konnt ginn.

Ufanks sollten d'Vegasonden den Optakt vun enger ganzer Rei vu Missioune vun der Sowjetunioun ginn. Onfräiwëlleg goufen d'Vega 1 an 2 déi lescht erfollegräich planetar Missioune vun der Sowjetunioun, engersäits well déi spéider ambitionéiert Projete Fobos 1 an 2 wéi och Mars 96 keen Erfolleg waren an anerersäits, well wéinst der desolater wirtschaftlecher Lag vun der Sowjetunioun d'Programmer net konnte wiedergefouert ginn.

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck

änneren
Commons: Vega-Programm – Biller, Videoen oder Audiodateien