00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.


De Julius Maada Bio, gebuer den 12. Mee 1964, war 1996 fir eng kuerz Zäit Staatschef vu Sierra Leone. De Generol Bio war de 16. Januar 1996 un der Spëtzt vum Putsch géint de Valentine Strasser, deem säi Stellvertrieder hie war.

Julius Maada Bio
Gebuer 12. Mee 1964
Nationalitéit Sierra Leone
Aktivitéit Politiker

Wéinst dem Duercherneen nom Putsch goufen d'Walen, déi fir Enn Februar 1996 virgesi waren, op den 29. Mäerz geréckelt.

Dat waren déi éischt fräi Walen zanter Joerzéngten a Sierra Leone.

No de Walen, bei deenen den Ahmad Tejan Kabbah als President gewielt gouf, huet de Julius Bio sech aus der Politik zeréckgezunn an ass an d'Privatwirtschaft schaffe gaangen, an huet sech bei karitativen Organisatiounen engagéiert.