Vëlospist SaarLorLux

Vëlosstreck am Dräilännereck Däitschland, Frankräich a Lëtzebuerg


D'Vëlospist SaarLorLux ass eng Vëlosstreck déi als Ronnfaart am Dräilännereck Däitschland, Frankräich a Lëtzebuerg an domat am SaarLorLux-Raum ugeluecht ass. Se féiert gréisstendeels duerch d'Däller vun der Saar, Musel a Sauer.

Vëlospist SaarLorLux
offiziellen Numm Veloroute SaarLorLux
Lëtzebuerger Numm Vëlospist SaarLorLux
vu(n) Saarbrécken Däitschland
op Saarbrécken Däitschland
Längt 473 km
Land Däitschland,
Frankräich,
Lëtzebuerg

Streck änneren

D'Streck kann a véier Etappen opgedeelt ginn[1]:

  1. Start- an Zil vun der Vëlospist SaarLorLux ass Saarbrécken, d'Haaptstad vum Saarland. Vun do aus féiert déi éischt Etapp laanscht d'Saar, iwwer Sarreguemines a Sarralbe bis op Metz (186,5 km);
  2. vu Metz aus geet et laanscht d'Musel, duerch Diddenuewen bis op Réimech an duerch d'Wéngerte bis an d'Stad (104,5 km);
  3. den drëtten Deel geet vun der Stad aus duerch ländlech Gebidder op Iechternach an duerch de Sauerdall op Tréier (80,5 km);
  4. vun Tréier aus féiert Vëlospist laanscht d'Musel flossopwäerts bis op Konz a weider laanscht d'Saar, iwwer Saarburg an duerch d'Merzeger Land, laanscht Saarlouis an d'Völklinger Hütte zeréck op den Ausgankspunkt zu Saarbrécken (102 km).

Well et eng Ronnfaart ass, kann d'Streck op egal wat fir enger Plaz ugefaangen an opgehale ginn.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Vëlospist SaarLorLux – Biller, Videoen oder Audiodateien

D'Vëlospist SaarLorLux um Spaweck:

Referenzen an Notten änneren

  1. Radfahren an der VeloRoute SaarLorLux op quattropole.org, gekuckt de 7. Juli 2019