Vëlospist PC14

Itinéraire cyclable Eisch-Mamer
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Vëlospist PC14, och nach Äisch-Mamer Pist, offiziell Itinéraire cyclable Eisch-Mamer, ass eng vun den 41 Vëlosstrecke vum nationale Reseau zu Lëtzebuerg[1]. Se verleeft op der Héicht tëscht der Äisch an der Mamer an ass no dësen zwou Baache genannt.

Vëlospist PC14
D'Vëlospist PC14 zu Mamer
offiziellen Numm Itinéraire cyclable Eisch-Mamer
Lëtzebuerger Numm Äisch-Mamer Pist
vu(n) Mamer
op Miersch
Längt 17,7 km
déifste Punkt Mamer
héchste Punkt Kielen
Land Lëtzebuerg


Streck änneren

Wa se bis fäerdeg ass, féiert d'PC14 iwwer 17,7 km vu Mamer op Miersch. Se féiert da laanscht oder duerch follgend Uertschaften: Mamer, Capellen, Ollem, Nouspelt, Meespelt, Keespelt a Miersch.

Uganks waren awer eréischt 10,48 km, vu Mamer op Kielen realiséiert[2]. Den déifste Punkt (293,64 m) ass zu Mamer (tëscht der Eisebunn an der Faulbaach) an den héchsten (356,04 m) zu Kielen (um Léck)[3].

Zanter Juni 2021 ass awer och d'Streck tëscht Schëndels an dem Park zu Miersch op. D'Aarbechte fir de Bau vun dëser 3,6 km laanger Verbindung ware schonn am September 2018 ausgeschriwwe ginn, wéinst administrativen an techneschen Contrainte huet et awer bal dräi Joer gedauert bis d'Streck opgemaach konnt ginn. De Bau vun der Streck huet 2,16 Milliounen Euro kascht[4][5].

Uschlëss un aner Pisten änneren

D'Äisch-Mamer Pist huet ënnerwee Uschlëss un aner Pisten:

geplangt:

Bemierkungen änneren

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Vëlospist PC14 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Loi du 28 avril 2015 relative au réseau cyclable national et aux raccordements de ce réseau vers les réseaux cyclables communaux op legilux.lu, gekuckt den 1. Juni 2019
  2. Stand: Juni 2019, no den Informatiounen op Geoportail.lu, gekuckt den 10. Juni 2019
  3. Et gëtt Differenzen tëscht den Donnéeën op der Websäit vu Ponts et chaussées an deenen op Geoportail.lu. Déi lescht ernimmt sinn déi, déi hei ugi sinn
  4. PressReader.com - Your favorite newspapers and magazines.. www.pressreader.com. Gekuckt de(n) 2021-06-21.
  5. Inauguration de la piste cyclable entre Mersch et Schoenfels : belle et pratique!. travaux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-07-30.