Ursaache vun der Franséischer Revolutioun

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Franséisch Revolutioun.

D'Ursaache vun der Franséischer Revolutioun, den Opstand deen net nëmmen der Herrschaft vum Louis XVI. mä vun der ganzer Monarchie a Frankräich en Enn gesat huet, si villfälteg. Frankräich, am Joer 1789, war eent vun de räichste Länner vun Europa, och wann et an enger finanzieller Kris war. Wéi de Louis XVI. 1789 d'Generalstänn aberuff huet, war hien net speziell onbeléift, wat ee vu verschiddene vu senge Ministeren allerdéngs net behaapte konnt.

Trotz allem goung den Ancien Régime op en Enn, deelweis duerch seng eegen Onfäegkeet, sech weiderzëentwéckelen, deelweis duerch d'Ambitioune vun enger Bourgeoisie déi ëmmer méi staark ginn ass. Zesumme mat onzefriddene Baueren an den Elite vum Land déi vun den Iddie vun de Lumières markéiert waren, koum et zu engem bluddegen Interessekonflikt dee schlussendlech ganz ausser Kontroll geroden ass.

Nei Iddien änneren

 
Encyclopédie ou Dictionnaire raisonné des sciences, des arts et des métiers (1751-1772)

De ganze Muechtsystem huet op der Monarchie baséiert, déi Frankräich als Land an als Staat opgebaut huet (« pré carré »). Dës Monarchie hat en effikassen administrative System opgebaut, deen awer an enger Mentalitéit ausgeschafft gouf, déi sech am 18. Joerhonnert an eng Guerilla verwandelt huet. De Kinnek huet als Delegéierte vu Gott op der Äerd regéiert (« monarchie absolue de droit divin ») an d'juristesch a familiär Traditioun ëmmer bäibehalen. D'Monarchie hat als Grondprinzip eng intim a konkreet Unioun tëscht dem Kinnek a sengem Vollek, de Kinnek war de Representant vum Vollek. Dës Base vum politesche System goufen am 18. Joerhonnert kontestéiert an attackéiert.

D'Philosophie vun de Lumières gouf an de Räng vum mëttleren a klenge Biergertum verbreet.

D'Theme géint d'etabléiert Uerdnung hu sech an de Jore 1770 bis 1780 generaliséiert, ënner anerem duerch den Afloss vun der liberaler amerikanescher Gesellschaft (Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich 1770-1783), mä och duerch de franséische Kontext vun enger Rebellioun vun de Juristen (virun allem d'Parlament) géint d'kinneklech Autoritéit (1760-1770 an an de Jore virun der Revolutioun).

De Kult vum Progrès a vun der Zukunft huet sech géint d'Traditioun gestallt. D'Encyclopédie (Diderot) ass eng Hymn un den techneschen an ideologesche Progrès.

  • Ordnung - Fräiheet ;
  • Aufgab - Gléck;
  • Hierarchie - natierlech Gläichheet (Rousseau) déi zu engem neie politesche System féiere soll: Demokratie a sozial Gläichheet ;
  • Dogma vun der Kierch - Toleranz

Et war e Prozess dee sech a verschiddenen Etappen developpéiert huet. An enger éischter Zäit koum et zu engem Sarkasmus vis-à-vis vun der Kierch, d'Libertiner a spéider d'Philosophen, hu sech géint de Glawen, d'Praktiken an d'Prinzipie vun der kathoulesch Kierch gestallt. Dës Elitten, déi no un der Muecht stoungen, hu sech bal all vun der Kierch ofgewennt. D'grouss Mass vum Vollek huet awer un der kathoulescher Relioun gehaangen, och wa se dem Klerus ëmmer manner vertraut hunn. Et muss een oppassen, datt een ënner enger Kritik un der Kierch an um Klerus net gläichzäiteg eng Kritik u Gott versteet. Vill vun de Philosophe selwer ware gleeweg mä hunn d'Kierch als Institutioun ugeklot.

An enger zweeter Phas gouf de sozialen a politesche System ënner d'Lupp geholl (Period vum Montesquieu); d'kinneklech Akte goufen ëmmer méi heefeg kritiséiert, hie gouf souguer beschëllegt en Despot ze sinn, virun allem vun den héichgestallte Magistraten, déi sech als Verdeedeger vum Vollek dohigestallt hunn. D'Iddi datt d'souverän Muecht an der Natioun läit, ass opgedaucht.

E blockéierte Pouvoir änneren

D'Kinneke Louis XV. a Louis XVI. haten d'Diffusioun vun neien Iddien a vun enger Transformatioun vun der Gesellschaft matkritt. Als Konsequenz dovun, hu si sech allerlee Reformen afale gelooss, fir d'Monarchie méi effikass ze maachen, fir déi al Strukturen der neier Zäit unzepassen. E groussen Deel vun dëse Reformen hätt eng progressiv Adaptatioun méiglech gemaach, mä si goufen ouni grouss Energie probéiert duerchzebréngen. Dohier goufe si dacks vun den Nofollger am Ministère nees si gelooss. D'Monarchie huet am grousse Ganzen d'Impressioun hannerlooss, datt si keng kloer a konstant politesch Richtung ageschloen huet. E puer Beispiller:

  • d'Justizreform vum Kanzler Maupeou gouf vum Louis XVI. falegelooss.
  • d'Sozialreform huet zwar 1779 d'Sklaverei ofgeschaaft, mä nëmme fir den Domaine royal. De Louis XVI. wollt net sou wäit goen, an dës Reform och bei den anere weltlechen a kierchlechen Häre vum Land duerchsetzen.
  • d'Wirtschaftsreform: den Turgot wollt d'Korporatiounen an d'kinneklech Corvée ofschafen. Hie wollt d'fräi Zirkulatioun vun de Kären aféieren. Nodeem hie 1776 erausgehäit gi war, goufe seng Iddien nees verworf, an et ass een zum ale System zeréckgaangen.
  • d'Steierreform: zanter dem 17. Joerhonnert koumen nei Steieren dobäi. Vu 1695 bis 1701 war dëst d'« capitation », déi en essentielle Fortschrëtt a Richtung Steiergläichheet bedeit huet. 1749 gouf de « vingtième » an d'Liewe geruff, deen d'ganz Bevëlkerung betraff huet, mä gouf nees si gelooss, well et zu ze vill staarken Oppositioune vun de privilegiéierte Stänn Adel a Klerus koum.

D'Finanzkris änneren

 
De Jacques Necker

D'franséisch Kroun ass an de Scholden erdronk.

Wärend de Regierungszäite vum Louis XV. a Louis XVI. hu verschidde Ministeren, dorënner den Turgot, ouni vill Succès versicht, den Adel dozou ze beweegen, och Steieren ze bezuelen. Sou Mesuren hunn ëmmer nees zu enger staarker Resistenz vum Parlament gefouert, a konnten net duerchgesat ginn.

Ausserdeem hat sech Frankräich am Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich engagéiert, als éischt nëmmen andeems et Material geliwwert huet (1776), duerno och militäresch (1778). D'franséisch Hëllef huet den Amerikaner zwar gehollef, géint England ze gewannen - ënner anerem an der Schluecht vu Yorktown - mä zu engem immense Präis: iwwer eng Milliard Livres tournois hunn nach méi en déift Lach an de franséische Budget geschloen.

Well d'Noutwennegkeet vun neie Steieren de Kinnek an eng schwiereg Positioun mam Adel bruecht huet, huet de Maurepas "nei Männer" ("hommes nouveaux", François Mignet) erausgesicht. Den Turgot, de Chrétien de Malesherbes an de Jacques Necker hunn een nom anere versicht, de Steiersystem ze reforméieren, an och aner Reformen duerchzesetzen, wéi zum Beispill d'Dépensë vum Haff ze verklengeren, mä all Versuch war ëmsoss.

Am Géigesaz dozou huet de Calonne, Finanzminister zanter 1783, op en Neits grouss Ausgabe vun der Monarchie am Stil vum Louis XIV. erlaabt. Wéi de Calonne den 22. Februar 1787 eng Notabeleversammlung aberuff huet, fir der finanzieller Situatioun op de Grond ze goen, war Frankräich quasi bankrott: kee war méi bereet, der Monarchie Sue fir hiert extravagant Liewen ze léinen. Dem François Mignet no stoung de Prêt scho bei enger Milliard a 646 Millioune Livres bei engem järlechen Defizit vun 140 Milliounen. De Calonne gouf duerch säin Haaptgéigner Étienne-Charles de Loménie de Brienne, Äerzbëschof vu Sens, ersat, mä un der Situatioun huet sech näischt geännert: et kënne keng weider Prêten opgeholl ginn. D'Notabeleversammlung ass mat provinziale Versammlungen averstanen, enger Reglementatioun vum Handel vum Weess, dem Ofschafe vun de Corvées an enger neier Steier op den Timber; duerno huet si sech de 25. Mee 1787 nees zeréckgezunn.

 
De Charles Alexandre de Calonne

De Sträit zu deem et duerno mat de Parlamenter komm ass, fir dës Decisiounen duerchzesetzen, weist éischt Unzeeche vum Enn vun der Gesellschaft vum Ancien Régime. Virun dëse Problemer kruten d'Protestanten hir Rechter zeréck, an de Louis XVI. huet versprach, all Joer e Bilan vun de Finanze vum Kinnekräich erauszebréngen, an d'Generalstänn an den nächste fënnef Joer zesummenzeruffen.

D'Parlamenter an de Provënzen hunn hir Oppositioun vis-à-vis vun der ministerieller Tyrannei kloer gemaach. Als Konsequenz dovu goufe verschidden Adleger verbannt. Et koum zu Opstänn am Dauphiné, an der Bretagne, an der Provence, a Flandern, am Languedoc an am Béarn.

Aus der Finanzkris ass eng politesch Kris ginn.