René Nicolas de Maupeou

franséische Magistrat a Politiker

De René Nicolas Charles Augustin de Maupeou, Marquis vu Morangles a Bully, Vicomte vu Bruyères-sur-Oise, war e franséische Magistrat a Politiker, deen de 25. Februar 1714 zu Montpellier op d'Welt komm ass, an den 29. Juli 1792 zu Thuit gestuerwen ass.

René Nicolas de Maupeou
Gebuertsnumm René Nicolas Charles Augustin de Maupeou
Gebuer 25. Februar 1714
Montpellier
Gestuerwen 29. Juli 1792
Le Thuit
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Politiker
Mamm Anne-Victoire Lamoignon de Courson
De René Nicolas de Maupeou

De René Nicolas de Maupeou, deen aus enger Magistratefamill, déi am 16. Joerhonnert zu Paräis den Adelstitel krut, komm ass, war den eelste Jong vum René Charles de Maupeou (1688-1775), éischte President vum Parlament vu Paräis vu 1743 bis 1757. Den 21. Januar 1744 huet hie sech mat der Anne de Roncherolles (1725-1752) bestuet, enger Kusin vun der Madame d'Épinay. Zesummen hate si zwee Kanner:

  1. René Ange Augustin de Maupeou (1746-1793), Maître de Camp vum Regiment vun der Bourgogne;
  2. Charles Victor René de Maupeou (1749-1789), Maître des requêtes.

De Maupeou war als éischt sengem Papp seng riets Hand, virun allem am Konflikt tëscht dem Parlament an dem Mgr Christophe de Beaumont, Äerzbëschof vu Paräis, an der Affär vun de Konfessiounsbilljeten. 1763 bis 1768 war de Maupeou éischte President vum Paräisser Parlament. An dëser Period hat hie mat dem Prozess vum Calas an der Affär Lally-Tollendal ze dinn.

Wéi de Kanzler Guillaume de Lamoignon de Blancmesnil de 14. September 1768 demissionéiert huet, gouf beschloss datt de Maupeou säin Nofollger géif ginn, mä datt dësen awer säin Amt net géif untrieden, mä mam Prestigetitel Chancelier de France a Pensioun géif goen. Hie war also nëmmen een Dag Kanzler, a säi Jong huet de 16. September 1768 dës Funktioun iwwerholl. Hie war de leschte Kanzler vun der Monarchie, an ass bis zum 1. Juli 1790, wéi d'Plaz ofgeschaaft ginn ass, a sengem Amt bliwwen.

Zanter dem D'Aguesseau war et Brauch, d'Funktioune vu Kanzler a Garde des sceaux de France ze trennen. Déi zwou Funktioune goufen nees zesummegefouert, wéi de Maupeou den 18. September 1768 d'Garde krut, déi hie bis de 24. August 1774 behalen huet, bis de Louis XVI., op e Rot vum Maurepas dës Charge dem Armand Thomas Hue de Miromesnil iwwerdroen huet.

De Maupeou hat duerch seng Funktiounen eng grouss Muecht am Justizberäich, an d'Vertraue vum Louis XV.. Den Historiker Michel Antoine schreift:

« Alors âgé de cinquante-quatre ans, c'était un homme petit, avec de gros yeux proéminents sous d'épais sourcils noirs, un front assez bas, un nez long et terminé en carré, une grande bouche relevée sur le côté, le teint jaune et bilieux. Il était sévère, pénétré de ses devoirs, infatigable au travail, abattant e se jouant une besogne considérable, capable de conduire une entreprise sans dévier, l'esprit toujours tendu sur les affaires. Ses défauts étaient l'excès de chaleur et la précipitation. »

Zu där Zäit gouf och gär behaapt, datt de Maupeou u seng Nominatioun duerch de Choiseul komm ass. Et ass kloer, datt dësen, deen e groussen Afloss op de Kinnek hat, sech net géint de Maupeou gestallt huet, mä et ass net bewisen, datt hie sech besonnesch fir hien agesat hätt. An enger éischter Zäit huet sech de Maupeou un eng moderéiert Linn gehalen, déi gutt bei de Choiseul gepasst huet, an dat an der grousser Affär vun dëser Zäit: der Fronde parlementaire, a besonnesch der Affär La Chalotais, déi am Parlament vun der Bretagne fir Onroue gesuergt huet.

No der Demissioun vum Étienne Maynon d'Invault konnt de Kanzler seng Positioun weider stäerken, an huet den 22. Dezember 1769 den Abbé Terray zum Contrôleur général des finances ernannt. E Joer drop, de 24. Dezember 1770 gouf aus dem Maupeou den Haaptmann vum Ministère, nodeem de Choiseul an Ongnod gefall war.

D'Reform vum Maupeou änneren

De Maupeou hat seng Stäerkt scho géint d'Parlament vun der Bretagne bewisen. Fir dem Krich tëscht de Parlamenter an der kinneklecher Muecht en Enn ze setzen, huet hien am Joer 1771 en extraordinäre Coup geplangt, fir d'rechtlech Muecht nees u sech ze rappen. D'Paräisser Parlamentarier goufe festgeholl an an den Exil geschéckt[1], an hir Charge goufe konfiszéiert a vum Staat opkaaft[2]. De grousse Ressort vum Parlament vu Paräis gouf a sechs Circonscriptiounen ënnerdeelt, déi alleguer e Conseil supérieur kruten. D'Paräisser Parlament stoung zwar un der Spëtzt, mä d'Circonscriptioun war däitlech méi kleng ginn[3]. D'Charge konnten net méi kaaft ginn, d'Magistrate goufe vum Kinnek ernannt, konnten net erausgehäit ginn, a goufe vum Staat bezuelt.

D'Géigner vun dëser Reform hunn net laang op sech waarde gelooss: d'al Magistratur an natierlech den Adel, deem seng Privilegien d'Parlamenter ëmmer verdeedegt haten. Un hirer Spëtzt stoungen d'Princes du sang, a si goufe vun de Jansenisten a Gallicaner ënnerstëtzt, déi eng grouss Muecht am parlamentaresche Milieu haten. Verschidde Philosophen hunn dëse "Staatsstreech" verurteelt, well dëse géint d'Konstitutioun vun der Monarchie gaangen ass. D'Reform gouf aber vum Voltaire ënnerstëtzt, deen d'Parlamenter gehaasst huet, well si fir hien ëmmer nëmme responsabel fir Justizfeeler, wéi d'Affär Calas waren.

De Louis XVI. huet wéi hien op den Troun komm ass, de Maupeou op e Rot vum Maurepas entlooss - fir deen hie keng perséinlech Sympathie hat[4] – andeems hien him d'Garde des Sceaux de 24. August 1774 ewechgeholl huet. Den neie Kinnek huet ausserdeem déi al Magistraten nees zeréckgeruff, an d'Parlamenter nees an hirem Zoustand virun der Reform hiergestallt. Domat war déi ganz Reform ëmsoss. De Maupeou sot dozou:

« J'avais fait gagner au roi un procès qui dure depuis trois cents ans. Il veut le reperdre, il en est le maître. »

Literatur zum Theema änneren

  • Jules Flammermont, Le chancelier Maupeou et les parlements, A. Picard, Paräis, 1883.
  • Jacques de Maupeou, Le chancelier Maupeou, Éditions de Champrosay, 1942.
  • Jean de Viguerie, Histoire et dictionnaire du temps des Lumières. 1715-1789, Robert Laffont, Paräis, 2003. (ISBN 2221048105)

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Arrêt du Conseil vum 20. Januar 1771.
  2. Edikt vum Abrëll 1771.
  3. Edikt vum 23. Februar 1771.
  4. « à peine me fait-il l'honneur de me voir, il ne me fait pas celui de me parler »