Den Urban VIII., gebuer de 5. Abrëll 1568 als Maffeo Barberini zu Florenz a gestuerwen den 29. Juli 1644 zu Roum, war vu 1623 bis 1644 Poopst vun der kathoulescher Kierch.

Urban VIII.
Gebuertsnumm Maffeo Virginio Romolo Barberini
Gebuer 5. Abrëll 1568 jul.
Florenz
Gestuerwen 29. Juli 1644
Roum
Educatioun Universitéit vu Pisa,
Gregorianesch Peepstlech Universitéit
Aktivitéit kathoulesche Priister, Mäzen, Schrëftsteller, kathoulesche Bëschof

Hie koum aus enger aflossräicher florentiner Händlerfamill an huet Droit studéiert. Hie war noeneen Titularbëschof, Nuntius, Kardinol a Legat. De 6. August 1623 gouf hien op der Konklav zum neie Poopst gewielt. Hie gëllt als klassescht Beispill fir eng nepotistesch Gestioun vu senge Fonctiounen: Neveuen a Bridder goufen ënnert him zum Kardinol ernannt. Zum Deel war dat néideg, fir seng Muecht ze sécheren.

Hien huet zu Roum eng ganz Rëtsch Aarbechten ausféiere gelooss; him war et och vergënnt, den 18. November 1626 no engem Schantjen, deen 120 Joer gedauert huet, de Péitersdoum anzeweien. Fir d'Aarbechten huet hien antik Monumenter als Steebrooch ëmfonctionéiere gelooss, dorënner de Kolosseum zu Roum. Dohier koum de Sproch "Quod non fecerunt Barbari, fecerunt Barberini" – "Wat d'Barbaren net fäerdechbruecht hunn, hunn d'Barberini gemaach". Hien huet och d'Engelsbuerg verstäerken a mat moderne Kanounen ekipéiere gelooss. Hie war deen éischte Poopst, dee Castel Gandolfo als Summerresidenz ausgewielt huet.

De Prozess an d'Verurdeelung vum Galileo Galilei falen a säi Pontifikat, och wann hie perséinlech dem Galileo éischter positiv géintiwwer stoung.

1643 huet den Urban VIII. d'Bulle „In eminenti“ publizéiert, mat där de Jansenismus verurteelt gouf, wat e laange Konflikt propvoziéert huet.

E Massaker zu Magdeburg, bei deem duerch d'Arméi vun der kathoulescher Liga an den Deeg nom 20. Mee 1631 eng 20.000 Bierger doutgemaach goufen, huet hien an engem Schreiwes 24. Juni 1631 als „Vernichtung vun deem Ketzernascht“ begréisst.

Um Spaweck änneren

Commons: Urban VIII. – Biller, Videoen oder Audiodateien