De Jansenismus ass eng Léier bannent dem Katholizismus, déi op de Cornelius Otto Jansen (1585-1638), Theolog a Bëschof vun Ieper (Ypres) an der Grofschaft Flandern (1636-1638), deemools Deel vun de Spueneschen Nidderlanden, zeréckgeet.

Ënner dem Numm Jansenius hat de Cornelius Jansen ee grousst theologescht Wierk verfaasst, den "Augustinus", dee 1640, zwee Joer no sengem Doud un der Pescht, erauskoum an an deem hien, op Basis vum Hl. Augustinus senger Léier, noweist, datt de Mënsch an a fir sech onfäeg ass, dat Gutt ze maachen, mee wuel amstand ass, schlecht ze handelen. Mä, wann ee vun uewen d'Gnod vu Gott géif kréien, da wier en dozou befäegt, dat Gutt ze maachen. Allerdéngs wier d'Gnod net jiddwerengem ginn. An anere Wierder: et géif eng Zort Predestinatioun vun de Mënsche ginn, déi um Enn gerett ginn (an den Himmel kommen) oder net.

Déi Iddien, déi staark un dem Jean Calvin seng Predestinatiounsléier errënneren, goufen a Frankräich vum Jean Duvergier de Hauranne, Abt vu Saint-Cyran a Beichtvater vun der Zisterzienserinnenabtei Port-Royal des Champs (an der Vallée de Chevreuse), verbreet. Bekannt Perséinlechkeeten, wéi de Philosoph a Mathematiker Blaise Pascal[1] oder den Dramaturg Jean Racine, goufe mat der Zäit vum Jansenismus beaflosst oder hu sech dozou bekéiert.

Well awer d'Kierch, d. h. an éischter Linn de Poopst, net mam Jansenismus averstane war, gouf dem Jansenius seng Léier 1653 als Ierléier verurteelt a verbueden. D'Haaptgéigner vun de Janseniste waren d'Jesuitten.

De Kinnek Louis XIV. vu Frankräich huet de Jansenismus och bekämpft, allerdéngs haaptsächlech well e säi Land nom Motto Un roi, une loi, une foi eenheetlech wollt regéieren, a well de Jansenismus déi franséisch Kierch de facto gespléckt huet. D'Abtei Port-Royal, déi als Héichbuerg vum Jansenismus a Frankräöich gegollt huet, gouf zougemaach a 1710 zerstéiert.

De Jansenismus huet awer iwwerlieft an huet souguer, am 18. Joerhonnert, ganz vill Géigner vun der absolutter Monarchie vereenegt.

Literatur änneren

  • Louis Cognet, Le jansénisme; Paräis (P.U.F., coll. Que sais-je?), 1961; lafend nei opgeluecht (1996 nach).

Referenzen änneren

  1. Les Provinciales, eng Apologie vum Jansenismus