De Kolosseum (anticken Numm: Amphitheatrum Novum oder Amphitheatrum Flavium, it.: Colosseo) ass en Amphitheater zu Roum. Et ass dee gréisste vun der Welt, dee jee gebaut gouf an dee gréissten zouene Bau aus der réimescher Antiquitéit. E gouf tëscht 72 an 80 n. Chr. ënner dem Vespasian (gestuerwen 79) gebaut, fir doraner meeschtens brutal a grausam Spektakelen opzeféieren, déi déi fräi Bierger gratis konnte kucke goen.

De Kolosseum
De Kolosseum nuets
Panorama vu bannenan

Haut ass d'Ruin vum Bauwierk ee vun de Symboler vu Roum.

Beschreiwung änneren

D'Gebai hat Plaz fir bis zu 50.000 Spektateuren. Et bestoung aus dräi Reien Arkaden, déi iwwerenee gebaut waren, zu jee 80 Béi. D'Zuschauer konnte bannent 15 Minutten, duerch 80 Entréen, direkt op hir Plaze goen, a bannent 5 Minutten nees all erausgoen.

De Kolosseum hat eng elliptesch Form a war 156 Meter breet an 188 Meter laang, mat engem Ëmfang vu 527 Meter an enger Héicht vun 48 Meter. D'Arena war 54 Meter breet a 86 Meter laang.

Bei den Ouverturesfeierlechkeeten, am Joer 80, déi iwwer 100 Deeg gedauert huinn, goufen et ë. a. Gladiatorekämpf, nogespillte Séischluechten (Naumachie) an Hetzen op wëll Déieren, vun deenen der eng 5000 an der Arena doutgemaach goufen.

Um Podium an der éischter Rei souzen d'Senatoren; de Keeser hat seng eege Loge, de (pulvinar). An der Reien driwwer huet d'"Dichtegkeet" vun de Leit ofgeholl, ganz uewen um Juck, dem Summum, waren d'Plaze fir dat einfacht Vollek. Ronderëm de baussechte Bord waren 240 Masten, op deenen e riisegt Velarium (stoffte Seegel) opgezu konnt ginn, fir Schiet ze maachen.

De Buedem vun der Arena war aus hëlzenen Dunnen, déi jee no Gebrauch, ewechgeholl konnte ginn, z. B. fir se mat Waasser ze fëllen. Méi spéit goufe Kelleren agebaut, ë. a. fir Dekoren ze stockéieren,, déi mat Flächenzich erofgehuewe konnte ginn, a fir d'Gladiatoren an déi zum Doud Verurteelt ënnerzebréngen. Drënner war d'Fëllemnt, dat 7 Meter déck war.

De Kolsseum war bal 450 Joer laang als Arena a Betrib, ausser tëscht 217 an 238, wéi en no engem Brand duerch e Blëtz renovéiert gouf. An de Joerhonnerten dono goufen ënnert den Arkaden an Gäng vum Kolosseum Wunnegen amenagéiert, an nodeems en duerch Äerdbiewen, 847 an 1349 schwéier beschiedegt gouf, goufen d'Steng geholl, fir anzwousch anescht verbaut ze ginn. Eréischt 1744 gouf de Kolosseum an engem Edikt vum Poopst Benedikt XIV. ënner Schutz gestallt (well dësen dovun ausgoung, dass do Dausende vu Chrëschten ëmbruecht gi waren). Am 19. Joerhonnert gouf domat ugefaangen, de Bau ze stabiliséieren an archeologesch z'analyséieren.

Den Numm Kolosseum geet op eng Kolossalstatu vum Keeser Nero zeréck, déi no sengem Doud an eeng Statu vum Gott Sol ëmgewandelt an donieft opgeriicht gouf.

Literatur änneren

  • Peter Connolly: Colosseum. Arena der Gladiatoren. Stuttgart 2005, ISBN 3-15-010551-X.
  • Giuseppe Lugli: Das Flavische Amphitheater. Bardi, Rom 1971.
  • Ulrich Sinn: Das Colosseum. Der Tod des Gladiators. In: Karl-Joachim Hölkeskamp, Elke Stein-Hölkeskamp (Hrsg.): Erinnerungsorte der Antike. Die römische Welt. Beck, München 2006, S. 419–437.
  • Erik Wegerhoff: Das Kolosseum. Bewundert, bewohnt, ramponiert. Wagenbach, Berlin 2012, ISBN 3-8031-3640-7.

Um Spaweck änneren

Commons: Kolosseum – Biller, Videoen oder Audiodateien
  Réimescht Räich – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Réimescht Räich.