De Leif Erland Andersson, gebuer de 4. November 1944 zu Falkenberg a Schweden a gestuerwen de 4. Mee 1979 war e schweedeschen Astronom.

De Leif Erland Andersson

Liewen änneren

De Leif Andersson huet op der Universitéit zu Lund studéiert. 1968 krut hien eng Assistenteplaz an engem Observatoire op Sizilien. Dono huet ass op d'Universitéit vun Indiana gaangen, fir säin Doktorat ofzeschléissen. Spéider huet hien am Lunar & Planetary Science Laboratory vun der Universitéit vun Arizona zu Tucson am Arizona geschafft.

Den Andersson hat berechent, datt déi éischt observéierbar Duerchgäng vum Pluto a vum Charon an de fréien 1980er Jore wieren. Hien hat awer net laang genuch gelieft, fir et selwer ze gesinn.

Den Andersson hat als Wonnerkand gegollt, well hien de schweedesche Televisiounsquiz 10.000-kronorsfrågan („10.000-Kroune-Fro“) zweemol gewonnen hat, déi éischt Kéier scho mat 16 Joer.

No sengem fréien Doud wéinst Lymphkriibs am Alter vu 35 Joer gouf de Krater Andersson um Äerdmound no him genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren